Op den Inhalt sprangen

Mario Mutsch

Vu Wikipedia
Mario Mutsch
Gebuer 3. September 1984
Sankt Väit
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller
Gréisst 173 cm
Gewiicht 74 kg
Veräin/Ekipp Alemannia Aachen,
FC Metz,
FC Aarau,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp,
Progrès Nidderkuer

De Mario Mutsch, gebuer den 3. September 1984 zu Sankt Väit, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller an -trainer.[1].

Foussball am Veräin

[änneren | Quelltext änneren]

De Mario Mutschs huet e belsche Papp mat Virfahre aus dem Grand-Duché an eng belsch Mamm. Hien ass zu Sankt Vith am däitschsproochegen Deel vun der Belsch opgewuess.[2] Wärend senger Kandheet huet de Mutsch beim FC St. Vith gespillt ier hien op Olympia Recht gewiesselt ass an do fir d'éischt am Alter vu 16 am Profi Team gespillt huet.[2] Nodeems e bei Via Royal Spa FC a RFC Union Kelmis gespillt huet, ass de Mario Mutsch am Summer 2006 bei déi zweet Ekipp vun Alemannia Aachen gewiesselt, déi déi Zäit an der Bundesliga gespillt huet. Well hien do kee Profi-Kontrakt krut, ass hien ee Joer méi spéit an d'Schwäiz geplënnert fir an der Super League fir den FC Aarau ze spillen. De Mutsch gouf vum Jeff Saibene rekommendéiert, deen deemools Co-Trainer vum FC Thun war. De Mario Mutsch koum zwee Joer regelméisseg fir den FC Aarau zum Asaz, an huet dono fir weider zwee Joer fir den FC Metz an der franséischer Ligue 2 gespillt. Dono goung hien zeréck an d'Schwäiz, wou en e Kontrakt mam FC Sion ënnerschriwwen hat, an dono mam FC St. Gallen, wou de Jeff Saibene dunn Trainer war. 2015 gouf de Josef Zinnbauer Chef Trainer, an de Mutsch huet seng regulär Plaz verluer. Den 1. Juli 2017 huet hien e Kontrakt fir Trainer mam FC Progrès Nidderkuer ënnerschriwwen.[3]


Karriär an der Nationalekipp

[änneren | Quelltext änneren]

Den 8. Oktober 2005 huet de Mario Mutsch bei der 1:5-Néierlag a Russland ënnert dem Trainer Guy Hellers säin éischten offizielle Lännermatch gespillt.

Den 19. November 2008 huet hien am Frëndschaftsmatch géint säi Gebuertsland Belsch säin éischte vun insgesamt 4 Goler fir d'Rout Léiwe geschoss.

Vun 2011 bis 2018 war hie Kapitän vun der Nationalekipp, fir déi hien bis 2019 insgesamt 101 offiziell Lännermatcher gespillt huet. Mat sengem 99. Asaz gouf hien den 11. September 2018 zum Rekordnationalspiller vu Lëtzebuerg, andeems hien de Jeff Strasser (98 Asätz) iwwerholl huet. De 26. Mäerz 2024 gouf de Mario Mutsch vum Laurent Jans als Rekordnationalspiller ofgeléist.[4]


Statiounen als Spiller[5]

[änneren | Quelltext änneren]
  • 1998-2002: FC Olympia Recht (Belsch)
  • 2002-2005: RFC Spa (Belsch)
  • 2005-2006: RFC Union La Calamine (D3, Belsch)
  • 2006-2007: Alemannia Aachen (Oberliga, Däitschland)
  • 2017-2019: FC Progrès Nidderkuer
  • 2007-2009: FC Aarau (D1, Schwäiz)
  • 2009-2011: FC Metz (D1, D2 Frankräich)
  • 2011-2012: FC Sion (D1, Schwäiz)
  • 2012-2017: FC St. Gallen (D1, Schwäiz)

Statiounen als Trainer

[änneren | Quelltext änneren]
  • 2019: FC Progrès Nidderkuer (Interim)
  • 2019-2021: Lëtzebuergesch U15-Foussballnationalekipp
  • 2021-2022: Lëtzebuergesch U17-Foussballnationalekipp
  • 2019-elo: Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp (Co-Trainer)
  • Ausserhalb vum "grousse" Sport huet de Mutsch als Automecanicien geschafft[6].
  • Tatsächlech huet de Mario Mutsch esouguer 102 Lännermatcher gespillt; well de belschen Nationaltrainer Marc Wilmots am Frëndschaftsmatch géint Lëtzebuerg de 26. Mee 2014 awer eng Auswiesslung méi gemaach huet wéi erlaabt, gouf dëse Match vun der FIFA net als offizielle Lännermatch gewäert.[7]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Portrait vum Mario Mutsch op der Websäit vun der UEFA
  2. 1 2 Dan Elvinger und Christophe Junker "'Ciao, Mario!' Rekordnationalspieler beendet am Sonntag gegen Madagaskar seine Karriere". Tageblatt, 31.05.2019.
  3. (de) Loher, Patricia, "Mutsch wäre gerne geblieben.<2. Tagblatt. CH Media Holding AG (27.05.2017). Gekuckt de 07.05.2020.
  4. (de) D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Mario Mutsch op transfermarkt.de. www.transfermarkt.de. Gekuckt den 13.02.2025.
  5. De Portrait vum Mario Mutsch op der Websäit vun National Football Teams
  6. http://www.tageblatt.lu/meinung/kommentar/ein-vorbild-mario-mutsch-beendet-karriere/
  7. (de) Fifa erkennt belgisches Länderspiel nicht an. Süddeutsche.de (04.06.2014). Gekuckt den 13.02.2025.