Op den Inhalt sprangen

UEFA

Vu Wikipedia
Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
UEFA
Grënnungsdatum 15. Juni 1954
Memberen 55
Sëtz Nyon
President Michel Platini, Jacques Georges
Member vu(n) Fédération Internationale de Football Association
Websäit https://www.uefa.com
Logo vun der UEFA
Logo vun der UEFA
D'UEFA (blo) ass eng vun de sechs Konfederatioune vum Weltfoussballverband FIFA

D'Union des associations européennes de football, op Englesch Union of European Football Associations (UEFA), ass d'Konfederatioun vun de nationale Foussballfederatiounen an Europa. D'UEFA gruppéiert 53 national Federatiounen (Stand 2007) an huet, nieft administrativen a representativen Aufgaben, fir d'Entwécklung vum Foussball op europäeschem Plang ze suergen.

Si arrangéiert europawäit Kompetitioune fir Clibb an Nationalekippen an huet d'Kontroll iwwer d'Reglementer an d'Medierechter vun de jeeweilegen Evenementer.

D'UEFA ass eng vun de gréissten a stäerkste kontinentale Konfederatioune vun der FIFA. Bei der Weltmeeschterschaft 2006 an Däitschland ware 14 vun 32 Plaze fir europäesch Ekippe reservéiert. Vun de Finanzen hir ass se déi déi bei wäitem am beschte gestallt ass a si huet an der Geschicht vum Weltfoussball zum dacksten och d'Richtung am Sport virginn.

D'UEFA gouf de 15. Juni 1954 zu Basel an der Schwäiz op Initiativ vun de Verbänn aus Frankräich, der Belsch an Italie gegrënnt. Bis 1959 hat se hire Sëtz zu Paräis, duerno dunn zu Bern. Zanter 1995 ass de Verwaltungssëtz zu Nyon an der Schwäiz.

Organisatioun

[änneren | Quelltext änneren]

D'UEFA ass eng nom Schwäizer Code Civil registréiert Associatioun. Si ass op politeschem a reliéise Plang neutral. Offiziell Sprooche sinn englesch, franséisch an däitsch.

Zanter dem 26. Januar 2007 ass de Michel Platini President vun der UEFA. Aktuelle Generaldirekter ass de Schwed Lars-Christer Olsson.

De President vum europäesche Foussballverband ass automatesch och Vizepresident vum Weltfoussballverband FIFA.

UEFA Presidente bis haut:

  1. 1 2 Interimspresident

Zu den an de Statuten definéierten Aufgaben an Ziler vun der UEFA gehéieren ë. a.:

  • Gutt Kompetitioune fir de Beruffs-, Junioren-, Fraen-, an Amateursfoussball z'organiséieren.
  • Dofir ze suergen, datt, ouni Diskriminéierung vu Geschlecht, Relioun oder Rass, nach méi Leit Zougang zum Foussball fannen.
  • Kommerzielle Succès a gesond Finanze sécherzestellen, ouni d'sportlech Qualitéit vun de Kompetitiounen aus den Aen ze verléieren.
  • De Revenue vun der UEFA an de Foussball ze reinvestéieren, respektiv ëmzeverdeelen.
  • De Federatiounen Hëllef an Ënnerstëtzung unzebidden.
  • Sech fir positiv sportlech Wäerter wéi Fair-Play an Anti-Rassismus anzesetzen an d'Sécherheet am Stadionëmfeld ze garantéieren.
  • Als representativ Stëmm vun der europäescher Foussballfamill ze handlen.
  • Gutt Relatiounen zu deenen anere kontinentale Verbänn an der FIFA opzebauen a bäizehaalen.
  • Am Interesse vun de Foussballspiller an hire Fannen ze handlen.

An der UEFA sinn 53 national Federatioune vertrueden. Allgemeng kann all Federatioun Member ginn déi an engem vun der UNO unerkannten europäesche Staat enregistréiert ass a Kompetitiounen organiséiert. Groussbritannien ass beispillsweis mat véier Federatioune vertrueden (England, Schottland, Nordirland a Wales).

Bei munneche Memberen, déi reng geographesch net zum Kontinent gehéieren, goufen dogéint, mam Accord vun der FIFA, Ausname gemaach. Et sinn dat: Israel, Zypern, Armenien, Georgien, d'Tierkei, Kasachstan, Russland an den Aserbaidjan. n Israel a Kasachstan waren uganks Member an der Asiatescher Foussballkonfederatioun (AFC), Zypern hat de Choix tëscht de Konferderatioune vun Europa, Asien an Afrika.

An der Lescht derbäikomm ass Montenegro (2007, nodeem et de gemeinsame Staat mat Serbien net méi gëtt). D'Federatioun vu Gibraltar, eng vun den eelste Foussballfederatiounen iwwerhaapt, ass bis ewell nëmme provisoresche Member.

D'FLF ass vun Ufank un an der UEFA affiliéiert gewiescht (15. Juni 1954).

Lëscht vun de Federatiounen déi Member sinn:

Land Numm vun der nationaler Federatioun
AlbanienFederata Shqiptare e Futbollit (FSHF)
AndorraFederació Andorrana de Futbol (FAF)
ArmenienFootball Federation of Armenia (FFA)
AserbaidjanAzərbaycan Futbol Federasiyaları Assosiasiyası (AFFA)
BelschKoninklijke Belgische Voetbalbond (KBVB) /
Union royale belge des sociétés de football association (URBSFA)
Bosnien an HerzegowinaNogometni/Fudbalski Savez Bosne i Hercegovine (NFSBiH)
BulgarienBulgarski Futbolen Sojus
DäitschlandDeutscher Fußball-Bund (DFB)
DänemarkDansk Boldspil-Union (DBU)
ÉisträichÖsterreichischer Fußballbund (ÖFB)
EnglandThe Football Association (FA)
EstlandEesti Jalgpalli Liit (EJL)
FäröerFótbóltsamband Føroya (FSF)
FinnlandSuomen Palloliitto (SPL)
FrankräichFédération Française de Football (FFF)
GeorgienGeorgian Football Association (GFF)
GriichelandHellenic Football Federation (HFF)
IrlandFootball Association of Ireland (FAI)
IslandKnattspyrnusamband Íslands (KSI)
IsraelIsrael Football Association (IFA)
ItalienFederazione Italiana Giuoco Calcio (FIGC)
KasachstanFootball Union of Kazakhstan
KroatienHrvatski nogometni savez (HNS)
LettlandLatvijas Futbola Federācija (LFF)
LëtzebuergFédération luxembourgeoise de football (FLF)
LiechtensteinLiechtensteiner Fußballverband (LFV)
LitauenLietuvos Futbolo Federacija (LFF)
MaltaMalta Football Association (MFA)
NordmazedonienFudbalska Federacija na Severna Makedonija (FFSM)
MoldawienFederaţia Moldovenească de Fotbal (FMF)
MontenegroFudbalski Savez Crne Gore (FSCG)
HollandKoninklijke Nederlandse Voetbalbond (KNVB)
NordirlandIrish Football Association (IFA)
NorwegenNorges Fotballforbund (NFF)
PolenPolski Związek Piłki Nożnej (PZPN)
PortugalFederação Portuguesa de Futebol (FPF)
RumänienFederaţia Română de Fotbal (FRF)
RusslandRossijski Futbolni Sojus (RFS)
San MarinoFederazione Sammarinese Giuoco Calcio (FSGC)
SchottlandThe Scottish Football Association (SFA)
SchwedenSvenska Fotbollförbundet (SFF)
CHE SchwäizSchweizerischer Fussballverband (SFV)
SerbienFudbalski Savez Srbije (FSS)
SlowakeiSlovenský futbalový zväz (SFZ)
SlowenienNogometna zveza Slovenije (NZS)
SpuenienReal Federación Española de Fútbol (RFEF)
TierkeiTürkiye Futbol Federasyonu (TFF)
Tschechesch RepublikČeskomoravský Fotbalový Svaz (ČMFS)
UkrainFederazija Futbolu Ukrajiny (FFU)
UngarnMagyar Labdarúgó Szövetség (MLS)
WäissrusslandBelarus Football Federation (BFF)
WalesFootball Association of Wales (FAW)
ZypernCyprus Football Association (CFA)

Kompetitiounen

[änneren | Quelltext änneren]

D'UEFA organiséiert eng sëllege Kompetitioune fir d'Veräins- an Nationalekippen:

Fir Nationalekippen

[änneren | Quelltext änneren]

Nieft de Qualifikatioune fir d'Foussballweltmeeschterschaft vun de Fraen a Männer sinn dat:

Zeen aus der UEFA-Coupefinale vun de Fraen (2005)

Fir Veräinsekippen

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: UEFA – Biller, Videoen oder Audiodateien