Foussball-Weltmeeschterschaft

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat de Foussball-Weltmeeschterschafte vun de Männer. Fir d'Weltmeeschterschaft vun de Fraen, kuckt Fraefoussball-Weltmeeschterschaft. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Weltmeeschterschaft.
Foussball-Weltmeeschterschaft 1978

D'Foussball-Weltmeeschterschaft (FIFA-Weltpokal) vun de Männer ass e Fousballturnéier tëscht Nationalekippen dat all véier Joer ofgehale gëtt. Organisateur ass de Weltfoussballverband FIFA. D'Veranstaltung ass nieft den Olympesche Spiller eent vun de bedeitendste Sportsevenementer vun der Welt.

Zanter 1991 ass och all véier Joer eng Foussball-Weltmeeschterschaft fir Dammen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Virun 1930 kann een d'Turnéier wärend an spéider nieft den Olympesche Spiller als Virleefer bezeechnen. Spéitstens mat de Spiller 1928 war d'Wierkung vun engem internationale Foussballturnéier z'erkennen.

1863 gouf zu London d'Football Association gegrënnt an d'Zäit vum organiséierte Foussball hat domat ugefaangen. Zu dësem Zäitpunkt war de British Empire déi aflossräichst Natioun vun der Welt, et hat op der ganzer Welt seng Stëtzpunkten a brittesch Schëffer waren an all Hafen ze fannen.

Dat historescht Besonnescht war d'Grondlag fir d'weltwäit Verbreedung vun den englesche Foussballreegele bannent enger Generatioun. Déi éischt Matcher baussent de britteschen Insele goufen a Séihäfe vu brittesche Matrousen organiséiert.

Um Enn vum 19. Joerhonnert goufen an Europa an Amerika vill Nationalverbänn gegrënnt, wat d'Organisatioun vun internationale Rendez-vousen erméiglecht huet.

Dat éischt Spill tëscht Vertrieder vun nationale Verbänn war den 30.11.1872 zu London. (Schottland – England / Resultat: 0:0)

Den 21.05.1904 war e weidere Meilesteen an der Foussballgeschicht, dësen Dag gouf am franséische Verbandshaus d'FIFA gegrënnt an domat en nationaalt Denke verhënnert, trotzdeem sollt et nach vill Joerzéngten daueren, bis déi amerikanesch Verbänn e bedeitenden Afloss op déi vun den europäesche Verbänn influenzéiert Politik vun der FIFA kruten.

Turnéier a Weltmeeschter[änneren | Quelltext änneren]

Joer Ausdroungs-Land Finall Spill ëm drëtt Plaz
Weltmeeschter Resultat 2. Plaz 3. Plaz Resultat 4. Plaz
1930
Detailer
Uruguay
Uruguay
4:2
Argentinien

USA

Jugoslawien
n.a.(1)
1934
Detailer
Italien
Italien
2:1
n.V.

Tschechoslowakei

Däitschland
3:2
Éisträich
1938
Detailer
Frankräich
Italien
4:2
Ungarn

Brasilien
4:2
Schweden
1942 ---- ausgefall(2)
1946 ---- ausgefall(2)
1950
Detailer
Brasilien
Uruguay
n.a.(3)
Brasilien

Schweden
n.a.(3)
Spuenien
1954
Detailer
Schwäiz
BR Däitschland
3:2
Ungarn

Éisträich
3:1
Uruguay
1958
Detailer
Schweden
Brasilien
5:2
Schweden

Frankräich
6:3
BR Däitschland
1962
Detailer
Chile
Brasilien
3:1
Tschechoslowakei

Chile
1:0
Jugoslawien
1966
Detailer
England
England
4:2
n.V.

BR Däitschland

Portugal
2:1
Sowjetunioun
1970
Detailer
Mexiko
Brasilien
4:1
Italien

BR Däitschland
1:0
Uruguay
1974
Detailer
BR Däitschland
BR Däitschland
2:1
Niederlande

Polen
1:0
Brasilien
1978
Detailer
Argentinien
Argentinien
3:1
n.V.

Holland

Brasilien
2:1
Italien
1982
Detailer
Spuenien
Italien
3:1
BR Däitschland

Polen
3:2
Frankräich
1986
Detailer
Mexiko
Argentinien
3:2
BR Däitschland

Frankräich
4:2
n.V.

Belsch
1990
Detailer
Italien
BR Däitschland
1:0
Argentinien

Italien
2:1
England
1994
Detailer
USA
Brasilien
3:2 n. E.
0:0 n.V.

Italien

Schweden
4:0
Bulgarien
1998
Detailer
Frankräich
Frankräich
3:0
Brasilien

Kroatien
2:1
Holland
2002
Detailer
Südkorea
a Japan

Brasilien
2:0
Däitschland

Tierkei
3:2
Südkorea
2006
Detailer
Däitschland
Italien
5:3 n. E.
1:1 n.V.

Frankräich

Däitschland
3:1
Portugal
2010
Detailer
Südafrika
Spuenien
1:0
n.V.

Holland

Däitschland
3:2
Uruguay
2014
Detailer
Brasilien
Däitschland
1:0
n.V.

Argentinien

Holland
3:0
Brasilien
2018
Detailer
Russland
Frankräich
4:2
Kroatien

Belsch
2:0
England
2022
Detailer
Katar
2026
Detailer
Kanada, Mexiko an d'USA
2030
Detailer
TBA
1 1930 gouf déi drëtt Plaz net ausgespillt.
2 D'FIFA konnt sech op hirem Kongress am Joer 1939 net tëscht Brasilien an Däitschland als Ausdroungsland fir d'WM 1942 eenegen, an huet d'Entscheedung verréckelt. Kuerz Zäit méi spéit ass den Zweete Weltkrich ausgebrach an huet all Pläng zerstéiert.
3 Net ausgedroen; d'WM 1950 gouf ouni Finall an enger Grupp ausgespillt. Uruguay huet mat engem 2:1-Gewënn géint Brasilien am leschte Match d'Tabelleféierung an domat och de WM-Titel iwwerholl.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Bescht Resultater vun all Land (ë. a. donkelblo fir Weltmeeschter, orange fir a Ronn 1 ausgescheet, etc.)

Um Enn vun all Weltmeeschterschaft gi méi Auszeechnunge u Spiller an Teams verginn, déi sech vum Rescht beim Betruechte vun verschiddenen Aspekter bemierkbar gemaach hunn.

Aktuell gëtt et fënnef verschidden Auszeechnungen:

  • den Adidas Gëllene Schong fir de Spiller deen déi meescht Goler geschoss huet;
  • den Adidas Gëllene Ball fir de beschte Spiller;
  • d'Lev Yashin-Trophäe fir de beschte Golkipp;
  • den FIFA Fair Play Award fir dat fairsten Team;
  • d'Ekipp mat der beschter Ënnerhalung vun der WM
00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Adidas Gëllene Schong[änneren | Quelltext änneren]

De Gëllene Schong gëtt dem beschten Torschütze vun enger WM-Ennronn iwwerreecht. Fir d'éischt ass dës Auszeechnung bei der WM 1982 vergi ginn.

Weltmeeschterschaft Spiller Goler
1930 Uruguay Guillermo Stabile (Argentinien) 8
1934 Italien Oldrich Nejedlý (Tschechoslowakei) 5
1938 Frankräich Leônidas (Brasilien) 8
1950 Brasilien Ademir (Brasilien) 9
1954 Schwäiz Sandor Kocsis (Ungarn) 11
1958 Schweden Just Fontaine (Frankräich) 13
1962 Chile Garrincha (Brasilien)
Vava (Brasilien)
Leonel Sanchez (Chile)
Drazen Jerkovic (Jugoslawien)
Valentin Ivanov (Sowjetunioun)
Florian Albert (Ungarn)
4
1966 England Eusebio (Portugal) 9
1970 Mexiko Gerd Müller (BRD) 10
1974 BRD Grzegorz Lato (Polen) 7
1978 Argentinien Mario Kempes (Argentinien) 6
Gëllene-Schong-Gewënner
1982 Spuenien Paolo Rossi (Italien) 6
1986 Mexiko Gary Lineker (England) 6
1990 Italien Salvatore Schillaci (Italien) 6
1994 USA Hristo Stoichkov (Bulgarien)
Oleg Salenko (Russland)
6
1998 Frankräich Davor Suker (Kroatien) 6
2002 Südkorea/Japan Ronaldo (Brasilien) 8

Adidas Gëllene Ball[änneren | Quelltext änneren]

De Gëllene Ball ass eng Auszeechnung, déi un de beschte Spiller vun enger WM-Ennronn vergi gëtt. D'FIFA nominéiert dofir zéng Spiller, aus deenen dann d'Medienreprésentante wiele kënnen. De Spiller mat de meeschte Stëmme kritt dann de Gëllene Ball iwwerreecht, de Spiller mat den zweetmeeschte Stëmme gewënnt de Sëlwere Ball an den drëttplacéierte gewënnt de Bronzene Ball. Bis elo hunn ëmmer Spiller aus dräi ënnerschiddlechen Natiounen déi dräi éischt Plaze beluecht.

Weltmeeschterschaft Gëllene Ball Sëlwere Ball Bronzene Ball
1982 Spuenien Paolo Rossi
(Italien)
Falcão
(Brasilien)
Karl-Heinz Rummenigge
(BRD)
1986 Mexiko Diego Maradona
(Argentinien)
Harald Schumacher
(BRD)
Preben Elkjaer-Larsen
(Dänemark)
1990 Italien Salvatore Schillaci
(Italien)
Lothar Matthäus
(Däitschland)
Diego Maradona
(Argentinien)
1994 USA Romário
(Brasilien)
Roberto Baggio
(Italien)
Hristo Stoichkov
(Bulgarien)
1998 Frankräich Ronaldo
(Brasilien)
Davor Suker
(Kroatien)
Lilian Thuram
(Frankräich)
2002 Südkorea/Japan Oliver Kahn
(Däitschland)
Ronaldo
(Brasilien)
Hong Myung-Bo
(Südkorea)

Lev Yashin-Trophäe[änneren | Quelltext änneren]

D'Lev Yashin-Trophäe gëtt zanter 1994 un de beschte Golkipp vun enger WM-Ennronn verginn.

De Präis ass nom legendären russesche Golkipp Lew Iwanowitsch Jaschin benannt.

Weltmeeschterschaft Lev Yashin-Trophäe Gewënner
1994 USA Michel Preud'homme (Belsch)
1998 Frankräich Fabien Barthez (Frankräich)
2002 Südkorea/Japan Oliver Kahn (Däitschland)
2006 Däitschland Gianluigi Buffon (Italien)

FIFA Fair Play Award[änneren | Quelltext änneren]

De FIFA Fair Play Award gëtt dem fairsten Team vun der WM-Endronn verginn. Et goufen allerdéngs nëmmen Ekipp berücksichtigt, déi sech fir déi zweet Ronn qualifizéiere konnten.

Weltmeeschterschaft FIFA-Fair-Play-Award-Gewënner
1978 Argentinien Argentinien
1982 Spanien Brasilien
1986 Mexiko Brasilien
1990 Italien England
1994 USA Brasilien
1998 Frankräich England
Frankräich
2002 Südkorea/Japan Belsch

Ekipp mat der beschter Ënnerhalung[änneren | Quelltext änneren]

D'Auszeechnung vun der Ekipp mat der beschter Ënnerhalung geet un d'Ekipp, déi d'Publikum mat hirer Spillweis an hirem Optriede bei der WM-Ennronn am meeschten ameséiert huet. D'Entscheedung gëtt dobäi vun der Ëffentlechkeet getraff, déi bei der Ofstëmmung matmaache kann. Déi Auszeechnung gouf 1994 fir d'éischt Kéier verginn.

Weltmeeschterschaft Ënnerhalsamst Ekipp
1994 USA Brasilien
1998 Frankräich Frankräich
2002 Südkorea/Japan Südkorea

Ranglëschten[änneren | Quelltext änneren]

Ranglëscht vun de Weltmeeschter[änneren | Quelltext änneren]

1. Brasilien - 1958, 1962, 1970, 1994, 2002 (5 Titelen)
2. Italien - 1934, 1938, 1982, 2006 (4 Titelen)
3. Däitschland - 1954, 1974, 1990, 2014 (4 Titelen)
4. Argentinien - 1978, 1986 (2 Titelen)
    Uruguay - 1930, 1950 (2 Titelen)
    Frankräich - 1998, 2018 (1 Titel)
7. England - 1966 (1 Titel)
    Spuenien - 2010 (1 Titel)

Ranglëscht vun de Vizeweltmeeschter[änneren | Quelltext änneren]

1. Däitschland - 1966, 1982, 1986, 2002 (4x)
2. Holland - 1974, 1978, 2010 (3x)
3. Argentinien - 1930, 1990, 2014 (3x)
     Brasilien - 1950, 1998 (2x)
     Italien - 1970, 1994 (2x)
     Tschechoslowakei - 1934, 1962 (2x)
     Ungarn - 1938, 1954 (2x)
8. Schweden - 1958 (1x)
     Frankräich - 2006 (1x)
     Kroatien - 2018 (1x)

Ranglëscht vun den Halleffinalisten[änneren | Quelltext änneren]

1. Däitschland (13x)
2. Brasilien (11x)
3. Italien (8x)
4. Argentinien, Uruguay, Schweden, Frankräich (4x)

Ranglëscht vun de WM-Participatiounen[änneren | Quelltext änneren]

1. Brasilien (19 Participatiounen)
2. Däitschland an Italien (17x)
4. Argentinien (15x)
5. Mexiko (14x)
6. England, Frankräich, Spuenien (13x)
9. Belsch, Schweden, Uruguay (11x)

Ranglëscht mat de Länner mat de meeschten erziilte Goler bei enger WM[änneren | Quelltext änneren]

1. Ungarn - 1954 (27 Goler a 5 Matcher; 5,4 pro Match)
2. Däitschland - 1954 (25 Goler a 6 Matcher; 4,2 pro Match)
3. Frankräich - 1958 (23 Goler a 6 Matcher; 3,8 pro Match)
4. Brasilien - 1950 (22 Goler a 6 Matcher; 3,7 pro Match)
5. Brasilien - 1970 (19 Goler a 6 Matcher; 3,2 pro Match)

Spiller mat de meeschte WM-Participatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Zwéi Spiller hunn u fënnef Weltmeeschterschaften deelgeholl:

Véierzéng Spiller hunn u véier Weltmeeschterschaften deelgeholl:

Ranglëscht vun de Spiller mat de meeschte WM-Matcher[änneren | Quelltext änneren]

1. Lothar Matthäus (25 Matcher)
2. Paolo Maldini (23 Matcher)
3. Diego Maradona, Uwe Seeler, Wladyslaw Zmuda (21 Matcher)
6. Grzegorz Lato (20 Matcher)
7. Wolfgang Overath, Karl-Heinz Rummenigge, Berti Vogts (19 Matcher)

Ranglëscht vun de WM-Torschützen[änneren | Quelltext änneren]

1. Gerd Müller (Däitschland) (14 Goler)
2. Just Fontaine (Frankräich) (13 Goler)
3. Pelé (Brasilien) (12 Goler) Ronaldo (Brasilien) (12 Goler)
5. Sandor Kocsis (Ungarn) (11 Goler) Jürgen Klinsmann (Bundesrepublik Däitschland) (11 Goler)
7. Helmut Rahn (Bundesrepublik Däitschland) (10 Goler) Teofilo Cubillas (Peru) (10 Goler) Grzegorz Lato (Polen) (10 Goler) Gary Lineker (England) (10 Goler) Gabriel Batistuta (Argentinien) (10 Goler)

Fakten[änneren | Quelltext änneren]

  • De jéngste Spiller bei enger WM: Norman Whiteside (Nordirland) am Alter vu 17 Joer bei der WM 1982
  • De jéngste Spiller, dee bei enger WM e Gol geschoss huet: Pelé (Brasilien) am Alter vu 17 Joer bei der WM 1958
  • De jéngste Spiller, dee Weltmeeschter ginn ass: Pelé (Brasilien) am Alter vu 17 Joer bei der WM 1958
  • Den eelste Spiller, dee bei enger WM e Gol geschoss huet: Roger Milla (Kamerun) am Alter vun 42 Joer bei der WM 1994
  • Déi éischt Rout Kaart: Carlos Caszely (Chile) bei der WM 1974
  • Déi meescht Rout Kaarten: Rigobert Song (Kamerun) - zweemol bei 3 WM-Participatiounen
  • Déi meescht Eelefmeter-Goler: Gabriel Batistuta, Eusebio a Rob Rensenbrink – 4 Goler

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bergmann, Winfried / Huba, Karl-Heinz / Mrazek, Karl-Heinz: Die Geschichte der Fussball - Weltmeisterschaft, Copress-Verlag, 1991, 208 Säiten (ISBN 3-7679-0311-3)
  • Fuhr, Wolfgang: Fußballweltmeisterschaften, Agon-Verlag, Mee 2005 (ISBN 3-89784-265-3)
  • Grüne, Hardy: Fußball WM Enzyklopädie 1930-2006, Agon-Verlag, Dez. 2002 (ISBN 3-89784-205-X)
  • Hartmann, Waldemar / Netzer, Günter / Kauer, Robert: Menschen, Tore & Sensationen. Geschichte und Geschichten. WM 1930-2006, Wero Press, Juli 2002, 268 Säiten (ISBN 3-9806973-7-1)
  • Schulze-Marmeling, Dietrich / Dahlkamp, Hubert: Die Geschichte der Fußball-Weltmeisterschaft 1930-2006, Die Werkstatt, Abrëll 2004, 560 Säiten (ISBN 3-89533-461-8)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Commons: FIFA World Cup – Biller, Videoen oder Audiodateien