Gerd Müller

Vu Wikipedia
Gerd Müller
Gebuertsnumm Gerhard Müller
Gebuer 3. November 1945
Gestuerwen 15. August 2021
Doudesursaach Alzheimer
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Stiermer
Gréisst 176 Zentimeter
Gewiicht 77 kg
Veräin/Ekipp FC Bayern München,
Däitsch Foussballnationalekipp

De Gerhard ("Gerd") Müller, gebuer den 3. November 1945 zu Nördlingen a gestuerwen de 15. August 2021[1], war en däitsche Foussballspiller.

Mat 365 Goler a 427 Matcher huet hie bis haut (2021) de Rekord vun de meeschte Goler an der Foussball-Bundesliga, wat him de Spëtznumm Bomber der Nation agruecht huet. Hie gëlt als ee vun de beschte Stiermer vun allen Zäiten.

Hien huet beim TSV 1861 Nördlingen ugefaange mat Spillen. A senger Zäit beim FC Bayern München (1964 bis 1979) huet de Müller véier Mol den däitsche Championnat, véiermol den DFB-Pokal, dräimol d'Europäesch Coupe vun de Landesmeeschter, eng Kéier d'Europäesch Coupe vun de Coupegewënner an eemol d'Weltcoupe gewonnen. Mat der däitscher Nationalmannschaft gouf hein 1972 Europa- an 1974 Weltmeeschter.

1979 ass hien a Florida bei d'Fort Lauderdale Strikers spille gaangen, 1981–1982 bei d'Smith Brothers Lounge a vun du bis 1984bei den German-American Soccer Club.

No senger Carrière als Spiller war hie vun 1992 bis 2014 Co-Trainer vun der 2. Ekipp vum FC Bayern München.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gerd Müller – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "FC Bayern: Die Fußballwelt trauert um Gerd Müller (75†)." welt.de, 2021-08-15.