FC Bayern München

Vu Wikipedia
Veräinslogo

Den FC Bayern München ass en däitsche Foussballclub deen zanter 1965 an der Éischter Däitscher Foussballbundesliga spillt.

Bayern München ass deen erfollegsräichste Club aus Däitschland an ass dee Foussballclub deen déi zweethéchst Memberszuel op der Welt huet ( >110 000 Memberen). Zanter senger Grënnung am Joer 1900 hunn d'Stare vu Bayern München 20 däitsch Meeschtertitele gesammelt a véiermol d'Champions League-Coupe gewonnen. Sou wonnert et och net, datt d'Bayern, wéi se am Volleksmond och nach genannt ginn, ee vun den erfollegsräichsten an ugesinnste Clibb a ganz Europa duerstellt.

E gewësse Franz John huet de Club de 27. Februar 1900 mat 10 Foussballkolleege gegrënnt, nodeem se Sträit mat hirem Stammveräin MTV 1879 München kritt haten. Vill Joer méi spéit war et dann en anere Franz, de Franz Beckenbauer, deen als ee vun de beschte Foussballspiller vun der Welt den FC Bayern München zu weideren Erfolleger gefouert huet.

Haut ass de Franz Beckenbauer President vum FC Bayern München. Am Comité vum Veräi sinn den Uli Hoeneß (Manager), Karl Hopfner (Finanzen) an de Karl−Heinz Rummenigge (Comitéspresident) vertrueden an den Trainer vum Weltclub ass den Ottmar Hitzfeld, deen de Club zanter senger Verflichtung am Joer 2000 (1. Juli) op der Erfollegsspuer hält, notamment mam Doublé (Meeschterschaft a Coupe) gläich a senger éischter Saison als Trainer bei de Bayern.

De leschten Erfolleg vun de Bayern am europäesche Foussball ass de Gewënn vun der Champions League am Joer 2001 wou se sech an der Finall géint den FC Valencia aus Spuenien am Eelefmeter duerchgesat hunn. Domat hu si dann och dat Ongléck aus dem Joer 1999 erëm wettgemaach wéi se d'Champions League géint Manchester zu Barcelona an der Nospillzäit vun der Parti - si haten 1:0 geféiert - nach verluer hunn.

Den FC Bayern München huet nieft der Profisekipp och nach Jugendekippen, an eng Fraenekipp déi ufänkt grad sou erfollegräich ze gi wéi d'Männer.

Nieft de Foussballsekippe gëtt et beim FC Bayern München nach Basketball-, Schach-, Turn-, Dëschtennis-, Arbitter-, Handball- a Keelenabteilungen.

Kader[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Achtung.svg 00De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en nees op de leschte Stand ze bréngen.
Nr. Nat. Numm Gebuertstag Am Veräin zanter Vertrag bis
Gol
01 DEUDEU Manuel Neuer 27. Mäerz 1986 2011 2024
26 DEUDEU Sven Ulreich 03. August 1988 2021 2024
35 DEUDEU Johannes Schenk 13. Januar 2003 2017 2024
Ofwier
04 NEDNED Matthjis de Ligt 12. August 1999 2022 2027
2 FRAFRA Dayot Upamecano 27. Oktober 1998 2021 2026
21 FRAFRA Lucas Hernandez 14. Februar 1996 2019 2024
19 DEUDEU Alphonso Davies 02. November 2000 2018 2025
5 FRAFRA Benjamin Pavard 28. März 1996 2019 2024
26 DEUDEU
ITAITA
Diego Contento 1. Mee 1990 1995 2016
28 DEUDEU Holger Badstuber 13. Mäerz 1989 2002 2014
Mëttelfeld
07 FRAFRA Franck Ribéry 7. Abrëll 1983 2007 2015
10 NEDNED Arjen Robben 23. Januar 1984 2009 2015
11 SUISUI
UNKUNK
Xherdan Shaqiri 10. Oktober 1991 2012 2016
23 DEUDEU Mitchell Weiser 21. Abrëll 1994 2012 2015
27 AUTAUT David Alaba 24. Juni 1992 2008 2015
30 BRABRA Luiz Gustavo 23. Juli 1987 2011 2015
31 DEUDEU Bastian Schweinsteiger 1. August 1984 1998 2016
36 DEUDEU
TURTUR
Emre Can 12. Januar 1994 2009 2013
39 DEUDEU Toni Kroos 4. Januar 1990 2006 2015
44 UKRUKR Anatolij Tymoschtschuk 30. Mäerz 1979 2009 2013
Stuerm
09 CROCRO Mario Mandžukić 21. Mee 1986 2012 2016
14 PERPER
ITAITA
Claudio Pizarro 3. Oktober 1978 2012 2013
20 DEUDEU Patrick Weihrauch 3. Mäerz 1994 2010 2014
25 DEUDEU Thomas Müller 13. September 1989 2000 2015
33 DEUDEU Mario Gómez 10. Juli 1985 2009 2016

Statistik[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Achtung.svg 00De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en nees op de leschte Stand ze bréngen.
  • Europokal vun de Landesmeeschter (3) / Champions League (1):
    • Gewënner: 1974, 1975, 1976, 2001
    • Zweeten: 1982, 1987, 1999
  • UEFA-Coupgewënner (1): 1996
  • Europacoupe vun de Coupegewënner (1): 1967
  • Weltcoupe (2): 1976, 2001
  • Doublé (5): 1969, 1986, 2000, 2003, 2005, 2006
  • Däitsche Meeschter (21): 1932, 1969, 1972, 1973, 1974, 1980, 1981, 1985, 1986, 1987, 1989, 1990, 1994, 1997, 1999, 2000,2001,2003, 2005, 2006, 2008
  • Däitsche Vizemeeschter (8): 1970, 1971, 1988, 1991, 1993, 1996, 1998, 2004
  • DFB-Pokal-Gewënner (12): 1957, 1966, 1967, 1969, 1971, 1982, 1984, 1986, 1998, 2000, 2003, 2005, 2006, 2008
  • DFB-Pokal-Finallist (2): 1985, 1999
  • Däitsche Supercup-Gewënner (3): 1983 (inoffiziell), 1987, 1990
  • Däitsche Ligapokal-Gewënner (6): 1997, 1998, 1999, 2000, 2004,2007


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: FC Bayern München – Biller, Videoen oder Audiodateien