Pelé

Vu Wikipedia
Pelé
Gebuertsnumm Edson Arantes do Nascimento
Pseudonym Pelé
Gebuer 23. Oktober 1940
Gestuerwen 29. Dezember 2022
Doudesursaach Déckdaarmkriibs
Nationalitéit Brasilien
Aktivitéit Foussballspiller, Politiker, Filmschauspiller, Schauspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Stiermer
Gréisst 173 Zentimeter
Gewiicht 74 kg
Veräin/Ekipp Brasilianesch Foussballnationalekipp
Famill
Liewenspartner(in) Xuxa


De Pelé, KBE, mam richtegen Numm Edson Arantes do Nascimento, gebuer den 23. Oktober 1940 zu Três Corações, am Bundesstaat Minas Gerais a gestuerwen den 29. Dezember 2022, war e brasilianesche Foussballspiller a Politiker.

Hie krut vun der FIFA den Éierentitel Weltfoussballer vum 20. Joerhonnert a gouf vum Internationalen Olympesche Kommitee zum Sportler vum Joerhonnert ernannt. En ettlech Experten a Kritiker gesinn am Pelé dee '"beschte Foussballspiller vun allen Zäiten". Dëst ass dorop zeréckzeféieren, datt de Pelé dräimol mat der brasilianescher Foussballnationalekipp d'Weltmeeschterschaft (1958, 1962, 1970) gewonnen huet, an 1281 Goler an 1363 Spiller geschoss huet (Quot: 0,94). Eleng 77-mol huet hie fir seng Nationalekipp markéiert, sou vill wéi soss keen. Als Spiller vum FC Santos, fir deen e laang gespillt huet, huet hien a 17 Joer am Ganze 26 Titele gewonnen.

No senger aktiver Karriär huet de Pelé vu senger Popularitéit profitéiert, fir eng Sport-Marketing-Agence opzebauen, an hie war vun 1995 bis 1998 brasilianesche Sportsminister.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Edson Arantes do Nascimento (mam Orlando Duarte an dem Alex Bellos): Pelé - Mein Leben. Scherz, Frankfurt am Main 2006, ISBN 978-3-502-18000-5
  • Martin Klein: Pelé und ich. Carlsen, Hamburg 2006, ISBN 3-551-55415-3 (Kinderbuch)
  • Harry Harris: Pelé. His life and times. Welcome Rain Publishers, New York 2002, ISBN 1-56649-223-8
  • Gerhard Hess: Pele. König auf dem grünen Rasen. Copress-Verlag, München 1991, ISBN 3-7679-0361-X.
  • Hack, Fritz: Schwarze Perle Pelé. Der beste Fussballspieler der Welt. Der Mann der 1000 Tore. Moewig, München 1969
  • Mauricio de Sousa: Pelezinho. Susanna Rieder Verlag, München 2013, ISBN 978-3-943919-21-9.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pelé – Biller, Videoen oder Audiodateien