Lew Iwanowitsch Jaschin

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Lew Iwanowitsch Jaschin
Gebuer 21. Oktober 1929
Moskau
Gestuerwen 20. Mäerz 1990
Moskau
Doudesursaach Mokriibs
Nationalitéit Sowjetunioun
Aktivitéit Foussballspiller, Äishockeyspiller
Partei Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun

De Lew Iwanowitsch Jaschin (op Russesch: Лев Иванович Яшин), gebuer den 22. Oktober 1929 zu Moskau an och do gestuerwen den 20. Mäerz 1990, war e sowjeteschen (russesche) Foussballspiller op der Golkipp-Positioun,[1][2] an och e fréieren Äishockeyspiller.[3]

Hien huet seng Sportscarrière, ursprénglech als Amateurfoussballspiller, 1945 ugefaangen. Vun 1950 bis 1953 spillt de Jaschin och als Äishockeygolkipp an hat esouguer Succès an dësem Sport, awer war hie spéider ausschliisslech op Foussball ausgeriicht.[4]

De Lew Jaschin huet a senger Profi-Foussballcarrière nëmme fir den FK Dinamo Moskau (1950–70) gespillt. Vun 1954 bis 1967 huet de Jaschin och 74-mol fir déi sowjetesch Foussballnationalekipp‎, ënner anerem an den Olympia-Matcher, gespillt.[1][2] 1956 huet de Sportler zu Melbourne eng olympesch Goldmedail gewonnen.[5]

De Lew Jaschin war ee vun de beschte Golkippe vun der RSFSR.[2] Hie war den éischte Golkipp, deen de Ballon d'Or (1963) kritt hat, a gouf vu FIFA[6] a vun IFFHS als de beschte "Kipper" vum 20. Joerhonnert[7] consideréiert. An de "westleche" Länner gouf de Jaschin als Black Spider oder The Man in Black genannt.[5]

De bekannte russesche Sänger a Schauspiller Wladimir Wyssozki huet dem Lew Jaschin säi Lidd Wratar (Вратарь, "Golkipp") dedicasséiert.[8]

Hie war e Grousspapp vum Foussballtrainer, -spiller a Sportsenseignant Wassili Frolow.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lew Jaschin – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 https://www.transfermarkt.com/lev-yashin/profil/spieler/174987
  2. 2,0 2,1 2,2 Archive copy Archivéiert op 2011-08-24. Gekuckt de(n) 2017-10-08.
  3. https://life.ru/t/%D1%81%D0%BF%D0%BE%D1%80%D1%82/1053894/liev_iashin_takikh_kak_on_nie_bylo_i_nie_budiet
  4. https://ria.ru/spravka/20141022/1029201183.html
  5. 5,0 5,1 https://www.sports-reference.com/olympics/athletes/ya/lev-yashin-1.html
  6. https://ria.ru/sport/20111022/467596509.html
  7. http://www.rsssf.com/miscellaneous/iffhs-century.html
  8. http://www.kulichki.com/vv/pesni/da-segodnya-ya-v.html