Gilbert Legrand

Vu Wikipedia

De Gilbert Legrand, gebuer... a gestuerwen den 20. Dezember 1977,[1] war e franséische Foussballtrainer.

Hien huet déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp tëscht dem 7. Oktober 1972 am 3. Dezember 1977 trainéiert an an där Zäit huet d'Nationalekipp 34 offiziell Lännermatcher gespillt.[2] Ënner senger Leedung huet Lëtzebuerg just eemol gewonnen.

Vun 1968 bis 1969 huet hien d'Jeunesse Esch trainéiert. Mat der Jeunesse ass en 1969 Vizemeeschter ginn. Op internationalem Niveau hat hien awer wéineg Erfolleg, an de Virronne fir den Europapokal 1968/69 an 1969/70 konnt d'Jeunesse sech net géint den AEK Athen (Aller: 0:3 verluer, Retour: 3:2 gewonnen) an de Coleraine FC (Aller 3:2 gewonnen, Retour 0:4 verluer) duerchsetzen.[3]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.national-football-teams.com/player/61024/Gilbert_Legrand.html
  2. D'Lëscht vun de Lännermatcher vun der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp mam Trainer Gilbert Legrand op European Football
  3. http://www.fussball-lux.lu/Esch.html