Norbert Konter

Vu Wikipedia
Norbert Konter
Gebuer 14. Dezember 1927
Gréiwemaacher
Gestuerwen 26. September 2018
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Foussballspiller
Veräin/Ekipp CS Gréiwemaacher
Partei CSV

Den Norbert Konter, gebuer de 14. Dezember 1927 zu Gréiwemaacher a gestuerwen de 26. September 2018[1], war e lëtzebuergesche Foussballspiller a Politiker.

A senger berufflecher Karriär war hie vun 1960 bis 1987 Gemengereceveur[2].

Bei de Gemengewalen vun 1987 war hie Kandidat op der CSV-Lëscht an der Gemeng Gréiwemaacher. Hie gouf gewielt a krut d'Mandat vum Buergermeeschter dat hie vun 1988 bis 1999 hat. Donieft war hie vun 1989 bis 1999 Deputéierten an der Chamber.

An der Nokrichszäit war hie laang Golkipp beim CS Gréiwemaacher[3], vun deem e vun 1968 bis 1986 President war[4]. Vun 1986 bis 1998 war hie President vun der Lëtzebuerger Foussballfederatioun, a vun 1994 bis 1999 President vum SYVICOL.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Ukënnegung vum Doud vum Norbert Konter op rtl.lu
  2. Bericht betr. die Gemeinderatssitzung vom Montag, de 17. Januar 2000, N° 2/2000 vun der Stad Gréiwemaacher: Gemeindeeinnehmer von 1960 bis 1987
  3. Fiche op transfermarkt.fr.
  4. "L'ancien président de la FLF Norbert Konter n'est plus." wort.lu, 27.09.2018.
  5. Memorial B n° 58 vun 1999 mat der Lëscht vun de Leit déi 1999 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 1149 vun deem Memorial steet 'Promotion 1999' wärend op der Säit 1150 'Promotion 1998' steet. 1999 ass wuel richteg wëll de Memorial op den 1. Dezember 1999 datéiert ass.