FC Stengefort

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
FC Stengefort
SC Stengefort
Offiziellen Numm: Futtballclub Steinfort
Veräinsfaarwen: Gréng-Wäiss
Grënnung: 4. Juni 2007
Stadion: Stade Demy Steichen
Plazen: 1.300
President: Patrick Schank
Liga: 2. Divisiuon
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Ersatzuniform

De Futtballclub Stengefort (kuerz: FC Stengefort) ass e Foussballclub zu Stengefort, deen 2007 aus der Fusioun vum FC Sporting Stengefort (gegrënnt 1923) an dem Sporting Clube de Portugal ervirgaang ass[Source?].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Zu Stengefort gouf vun 1913 bis 1923 scho Futtball gespillt, deemools housch de Veräin "Jeunesse de la frontière". 1923 gouf dunn de Futtballclub FC Stengefort gegrënnt.

Wéi de Veräin an den 2000er Jore bëssche méi erfollegräich war (2000: Opstieg aus der 3. Divisioun an déi 2. Divisioun, 2002: Opstieg aus der 2. Divisoun an déi 1. Divisioun, 2006: Opstieg aus der 1. Division an d'Éierepromotioun), an deemno méi Sue gebraucht goufen, fir de Fonctionnement vum Club, gouf de 4. Juni 2007 decidéiert fir eng Partnerschaft mam Sporting Clube de Portugal anzegoen. Den Numm gouf dunn a Sporting Club Steinfort geännert. 2008 geléngt dunn den Opstig an d'BGL Ligue, um Enn vun der Saison 2008/09 goung et awer rëm zeréck an d'Éierepromotioun.

Nodeems dës Partnerschaft awer net déi Friichte gedroen huet, verschidden Accorden net agehal goufen (lëtzebuergesch Spiller hätte sollen a Portugal goen, an den SC Stengefort hätt sollen duerch portugisesch Spiller gestäerkt ginn), an den SC Stengefort duerch verschidden Ofstig noeneen net méi déi néideg finanziell Mëttelen hat, fir de Sponsoring weider oprecht ze halen, gouf den 20. Juli 2019 decidéiert d'Partnerschaft ze kënnegen an den Numm rëm op den ursprénglechen Numm z'änneren. Aus dem Sporting Club Steinfort gouf erëm de Futtballclub Stengefort.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]