Émile Hamilius

Vu Wikipedia
Émile Hamilius
Gebuer 16. Mee 1897
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 7. Mäerz 1971
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller, Politiker
Positioun oder
Spezialitéit
Ofwierspiller
Gréisst 176 Zentimeter
Gewiicht 80 kg
Veräin/Ekipp Fola Esch,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp
Partei Demokratesch Partei
Famill
Kanner Jean Hamilius

Den Émile Hamilius (Mulles genannt), gebuer de 16. Mee 1897 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen de 7. Mäerz 1971 an der Stad Lëtzebuerg, war e Politiker vun der DP an e Foussballspiller.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Émile Hamilius huet seng Carrière als Lëtzebuerger Offizéier ugefaangen. Hie war duerno haaptberufflech Geschäftsmann an huet dat bekannt Haushaltswueren- a Spillwueregeschäft Lassner zu Lëtzebuerg um Knuedler geleet.

Sportler[änneren | Quelltext änneren]

Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp bei den olympesche Summerspiller vun 1920. V.l.n.r. Jos Koetz, Robert Elter, Emile Hamilius, Thomas Schmit, Michel Ungeheuer, Arthur Leesch, Léon Metzler, Tiny Langers, Camille Schumacher, Jean Massard

A senger Jugend war hie Foussballspiller an der CS Fola Esch an huet den 28. August 1920 fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp op den Olympesche Spiller zu Antwerpen gespillt. Den 13. Januar 1924 huet hien nach emol an der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp gespillt.[1]

Hie war vun 1950 bis 1961 President vun der Lëtzebuerger Foussballfederatioun (FLF).

Politiker[änneren | Quelltext änneren]

Den Émile Hamilius war Matgrënner vun der GPD (Groupement Patriotique et Démocratique), der spéiderer Demokratescher Partei (DP). Vun 1946 bis 1963 war hie Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg. Hie war och Deputéierten an der Chamber: 1937-1940; 1945-1958 an 1959-1964.

Säi Bouf, de Jean Hamilius, war och an der DP engagéiert, a vun 1974 bis 1979 Member vun der Regierung Thorn-Vouel-Berg.

De Centre Émile-Hamilius an d'Émile-Hamilius Plaz an der Stad goufen no him genannt.

Gielercher[2][änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Émile Hamilius – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger:
Gaston Diderich
Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg
1946 - 1963
Nofollger:
Paul Wilwertz

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Émile Hmailius op der Websäit vun European Football
  2. Doudesannonce vum Emile Hamilius am Luxemburger Wort vum 8. Mäerz 1971 op der Säit 13 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 3. Januar 2023