Gaston Diderich
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker Gaston Diderich. Fir de Jurist a fréiere Sportler Gaston Diederich (mat laangem "ie"), kuckt wgl. Gaston Diederich. |
Gaston Diderich | |
---|---|
Gebuer |
18. Juni 1884 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
29. Abrëll 1946 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Athénée de Luxembourg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | Liberal Liga, Radikal-Liberal Partei |
De Gaston Diderich, gebuer den 18. Juni 1884 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 29. Abrëll 1946, war e lëtzebuergesche Jurist a radikal-liberale Politiker.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]1919 war hie Member vum republikanische Comité du Salut Public.
Hie war vun 1918 bis 1940 an 1945 (Verlängerung vum Mandat) Deputéierten an der Chamber, gouf duerno Member vun der Assemblée consultative genannt, a war vun 1945 bis 1946 erëm als Deputéierten an der Chamber.[1]
Vun 1921 bis 1940 a vun 1944 bis 1946 war hie Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg.
1924 war e Matgrënner vun der radikal-liberaler Partei.
Bei der Debatt ëm dat sougenannt Maulkuerfgesetz war hien de Porte-parole vun der radikal-liberaler Regierungspartei.
Gielercher[2]
[änneren | Quelltext änneren]- Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne
- Grand-Officer vum Ordre d'Orange-Nassau
- Commandeur vum Ordre de Léopold
- Grand-officer vum Ordre de la Couronne (Promotioun 1930)[3]
- Commandeur vun der Légion d'honneur
No him benannt
[änneren | Quelltext änneren]Fir un de Gaston Diderich z'erënneren, sinn no him benannt:
- eng Strooss um Belair an der Stad Lëtzebuerg: d'Avenue Gaston-Diderich (PLZ 1420). Se verleeft tëscht dem Boulevard Grande-Duchesse Charlotte an der Rue des Aubépines.
- e Foussballsterrain am Pafendall, de Stade Gaston Diderich an der Rue Laurent-Menager, wou den FC Red-Black-Egalité doheem ass.
Bibliographie
[änneren | Quelltext änneren]- Jean-Marie Majerus 2003: Gaston DIDERICH 1884-1946. In: 400 Joer Kolléisch, Band II, S. 343-346. éditions saint paul, Lëtzebuerg. ISBN 2-87963-419-9.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Als, Nicolas, Philippart, Robert: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, Ss. 512-513
- ↑ Doudesannonce vum Gaston Diderich am Escher Tageblatt vum 30. Abrëll 1946
- ↑ (de)Aus der Haupstadt. Obermosel Zeitung. eluxemburgensia.lu (8. Juli 1930). Gekuckt de(n) 03.08.2023.
Virgänger: Luc Housse |
Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg 1921 - 1940 1944 - 1946 |
Nofollger: Émile Hamilius |
- Gebuer 1884
- Gestuerwen 1946
- Lëtzebuergesch Deputéiert
- Membere vun der Assemblée consultative
- Buergermeeschtere vun der Stad Lëtzebuerg
- Lëtzebuergesch Buergermeeschteren
- Commandeur de l'ordre de la couronne de chêne
- Grand-Officier vum Ordre d'Orange-Nassau
- Commandeur vum Ordre de Léopold
- Grand Officier vum Ordre de la Couronne
- Membere vun der Assemblée constituante vun 1918
- Persounen, no deenen eng Struktur zu Lëtzebuerg genannt ass