Jean-Marie Majerus (Historiker)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Historiker Jean-Marie Majerus. Fir de Kënschtler, kuckt w.e.g. Jean-Marie Majerus (Kënschtler).
Jean-Marie Majerus
Gebuer 22. November 1959
Aktivitéit Professer, Historiker
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Jean-Marie Majerus, gebuer den 22. November 1959, ass e lëtzebuergesche Geschichtsprofesser, Historiker a Publizist.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Nom Secondaire am LGL an am Kolléisch, huet hien 1980 am deemolege Centre universitaire vu Lëtzebuerg an duerno op der Universitéit Nanzeg Geschicht studéiert.

No sengem Stage am LGL an am LTML gouf hie Geschichtsprofesser, d'éischt an der Akerbauschoul zu Ettelbréck (1987), duerno am LCD (1996) a schliisslech, zanter September 2009, am Stater Kolléisch.

Zanter enger Rei vu Joren ass hien och am Centre d'études et de recherches européennes Robert Schuman (C.E.R.E.) a Clausen detachéiert.[1]. No der Integratioun vum C.E.R.E. an d'Universitéit Lëtzebuerg an der Demissioun (de 6. Juni 2016) vum Direkter Charel Barthel, dem Nofolger vum Gilbert Trausch un der Spëtz vum Fuerschungszentrum, ass de Jean-Marie Majerus Directeur adjoint vum C.E.R.E. ginn. Hien ass dunn och Member vum Redaktiounscomité vun der Geschichtsrevue Hémecht ginn.

Nieft senge Bäiträg iwwer d'Entwécklung vun der europäescher Integratioun ass de Jean-Marie Majerus haaptsächlech fir seng Kontributiounen iwwer d'Geschicht vun der CSV, vum lëtzebuergeschen Agrarsyndikalismus an iwwer d'Thema groussherzoglech Monarchie bekannt.

De Jean-Marie Majerus ass mat der Véronique Schaber bestuet, déi selwer Geschichtsprofessesch ass a vun 2009 bis 2018 Direktesch vun der Handwierkerschoul (LTAM) an der Stad war an zanterhier Direktesch vum Service de la formation professionnelle ass. D'Koppel lieft zu Walfer an huet zwéin erwuesse Jongen.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Erënnerung un de Pierre Dupong, dee virun 125 Joer gebuer gouf: Den éischte Sozialpolitiker vu Rechtspartei an CSV - Virtrag zu Keespelt am Kader vun enger Feier fir den 125. Anniversaire ; in: Die Warte / Perspectives, Nr. 32 / 2310, Ss. 9-12 (ill., Bibliogr.), Kulturbäilag vum Luxemburger Wort, vgl. d'Ausgab vum 18. November 2010.
  • (Kollaboratioun), CSV - Spiegelbild eines Landes und seiner Politik? - Geschichte der Christlich-Sozialen Volkspartei Luxemburgs im 20. Jahrhundert ; erausgi vum Gilbert Trausch; Lëtzebuerg (Sankt-Paulus), 2008. - De J.-M. Majerus ass den Auteur vun de Kapitelen XI. Die Partei und die Bauernorganisation (Ss. 627-673), XII. Die Partei und die christlichen Gewerkschaften (Ss. 675-714) an XIII. Die europäische Rolle der CSV (Ss. 715-740).
  • La reprise de la vie syndicale au lendemain de la Seconde Guerre mondiale (1944-1949) ; in: OGB-L - 75 Joer fräi Gewerkschaften ; Esch-Uelzecht, 1992.
  • La poudrerie à Kockelscheuer 1906-2006 - Un siècle d'histoire d'une société et d'un terroir industriel; Lëtzebuerg (erausgi vun der Poudrerie de Luxembourg, s.a.), 2006; 65 S. (ill.).
  • Interview mam Wolf von Leipzig, 50. Jubiläum der Thronbesteigung von Grossherzog Jean - Stabilitätsanker in Zeiten von Frieden und Wohlstand; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 12. November 2014; Ss. 12-13 (ill.).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. dw-world.de