Charles Barthel

Vu Wikipedia
Charles Barthel
De Charles Barthel 2022
Gebuer 3. Januar 1960
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker

De Charles Barthel, gebuer den 3. Januar 1960, ass e lëtzebuergesche Geschichtsprofesser an Historiker.

Hien huet op der Universitéit Stroossbuerg an op der Universitéit Aix-Marseille Geschicht studéiert. Seng Aarbechte betreffen haaptsächlech d'europäesch Integratioun an d'Stolindustrie am 19. an am 20. Joerhonnert.

Hien huet eng Zäit als Geschichtsprofesser am Secondaire geschafft, ënner anerem am Stater Kolléisch

Als Nofollger vum Gilbert Trausch war hie vun 2001 bis de 6. Juni 2015 Direkter vum Centre d'études et de recherches européennes Robert Schuman.[1] Zanter September 2015 schafft hien am Nationalarchiv.

Zanter 2003 ass de Charles Barthel Membre effectif vun der Section historique vum Institut grand-ducal.[1]

2007 gouf hie fir seng Publikatioun Bras de fer 1918 - 1929 mam Prix Émile et Aline Mayrisch ausgezeechent.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Bras de fer 1918 - 1929: Les maîtres de forges luxembourgeois entre les débuts difficiles de l'UEBL et le Locarno sidérurgique des cartels internationaux (1918-1929); Lëtzebuerg (Saint-Paul), 2006; ISBN 978-2-87996-735-6; an als Download (6.5MB) op der Websäit vum CERE.
  • Un aspect particulier de la culture politique internationale luxembourgeoise: Joseph Bech et l'art de concilier les Affaires étrangères avec la diplomatie du grand capital sidérurgique; in: Sylvain Schirmann (dir.), Robert Schuman et les pères de l'Europe. Cultures politiques et années de formation; Bréissel (Peter Lang), 2008; Ss. 235-256.
  • Le difficile transfert de la BEI vers le Grand-Duché de Luxembourg; in: Éric Bussière, Michel Demoulin et Émilie Willaert (dir.), La banque de l'Union européenne; Lëtzebuerg (Imprimerie Centrale), 2008; Ss. 261-286.
  • 150 Joer Eisebunn zu Lëtzebuerg 1859-2009, Kapitel 3: Les chemins de fer et la révolution industrielle au Grand-Duché de Luxembourg. Réflexions sur un impact économico-financier moins évident qu'on ne le supposerait; Lëtzebuerg (Société Nationale des Chemins de Fer Luxembourgeois & Ministère du Développement durable et des Infrastructures), 2009; ISBN 978-2-87996-608-3
  • Au service de l'humanité, Histoire de la Croix-Rouge luxembourgeoise 1870 - 1914 - 2014, avec les contributions de Jacques Hansen et Gaby Sonnabend, Imprimé by myprint by Saint Paul, Luxembourg, 2014, 350 S., ISBN 978-99959-0-089-2
  • Trois chefs de la diplomatie, un défi commun. Joseph Bech, Eugène Schaus et Pierre Werner face à la question du siège européen à Luxembourg (1952-1965/67); in: nos cahiers, 38. Joer, [Lëtzebuerg (Saint-Paul)] 2017, Nr. 3/4 (= Spezialnummer "60 ans Traités de Rome"); Ss. 29-151.

Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Charles Barthel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Eng ganz Rei Wierker vum Charles Barthel sinn online disponibel um Centre Européen de Recherches et d'Etudes Robert Schuman

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Portrait vum Charles Barthel op der Websäit vum Centre d'études et de recherches européens Robert Schumann archivéiert