Op den Inhalt sprangen

Jacques Hansen

Vu Wikipedia
Jacques Hansen
Gebuer 10. Juni 1950
Lëtzebuerg
Gestuerwen 24. Juli 2016
Baaschtnech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Famill
Geschwëster Jean-Pierre Hansen

De Jacques Hansen, gebuer den 10. Juni 1950 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 24. Juli 2016 zu Baaschtnech[1], war Direkter vun der lëtzebuergescher Croix-Rouge.[2]

Vun 1973 bis 1979 war de Jacques Hansen Commissaire à l'information vun der Fédération nationale des éclaireurs et éclaireuses du Luxembourg.[3]

De Jacques Hansen huet seng berufflech Carrière bei der Caisse de pension des indépendants ugefaangen.[2] Vun 1986 bis 2012 war hien Direkter vun der Croix-Rouge. Vum 1. Januar 2013 u war hien an der Pensioun.[4]

2012 gouf de Jacques Hansen Grand Maître vun der Grande Loge de Luxembourg.[5]

Hie war de Brudder vum Physiker Jean-Pierre Hansen an den Enkel vum Professer Joseph Hansen. Hie war mat der Doktesch Danielle Koenig, der Duechter vum Fernand Koenig bestuet.[2]

  • Ahlborn, Henri & Marc Crochet: Jacques Hansen (1950-2016), directeur honoraire et membre du Conseil d'administration de la Croix-Rouge luxembourgeoise. Luxemburger Wort 21.11.2016, S. 57.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Luxemburger Wort 26.07.2016, S. 30 (avis mortuaires).
  2. 1 2 3 Ahlborn & Crochet 2016.
  3. Historique FNEL Archivéiert den 29.12.2016. Gekuckt de 27.11.2016.
  4. Jacques Hansen, 26 ans au service des plus vulnérables. Croix-Rouge luxembourgeoise. Archivéiert den 02.01.2017. Gekuckt de 24.11.2016.
  5. Jacques Hansen neuer Großmeister der Freimaurer. Lëtzebuerg Privat, 5. November 2012. Archivéiert den 23.09.2016. Gekuckt de 24.11.2016.