Europäesch Investitiounsbank

Vu Wikipedia
D'Europäesch Investitiounsbank um Kierchbierg

D'Europäesch Investitiounsbank (EIB) gouf 1958 mam Traité vu Roum geschaf, fir dozou bäizedroen, verschidden Ziler vun der Europäescher Unioun z'erreechen, andeems se verschidden Investissementsprojete finanzéiere soll. Sou Projete mussen z. B. dozou bäidroen, d'europäesch Integratioun, eng ausgeglachen Entwécklung, wirtschaftlech a sozial Cohesioun oder eng op Wësse baséiert, innovativ Ekonomie ze fërderen.

D'EIB huet hire Sëtz zu Lëtzebuerg. Ronn 1400 Leit schaffen do.

Presidentin ass zanter 2024 d'Nadia Calviño.

Hir Aufgaben[änneren | Quelltext änneren]

D'Europäesch Investitiounsbank investéiert a Projeten, déi den Ziler vun der Europäescher Unioun (EU) dénge sollen. Se mécht keng Beneficer an hieft keng Zënsen op hire Konten op.

Hir Fongen, déi s'investéiert, stamen net aus dem EU-Budget. Si si geléint op de Finanzmäert oder stame vun hiren Aktionären, d. h. den EU-Memberstaaten.

Doduerch, datt d'Memberstaaten hanner hir stinn, huet si déi héchst Kreditwierdegkeet (AAA) a kann deementspriechend zu ganz gënschtege Bedingungen héich Zomme léine goen, déi se dann a Projete vun ëffentlechem Intressi investéiert, déi soss net, oder nëmmen zu méi héije Prêten, finanzéiert hätte kënne ginn.

Wat finanzéiert d'EIB?[änneren | Quelltext änneren]

D'Projeten, an déi d'Europäesch Investitiounsbank investéiert, ginn op Grond vun dëse Krittären ausgewielt:

  • Se mussen dozou bäidroen, europäesch Ziler z'erreechen, wéi z. B. d'Stäerkung vun der Competitivitéit vun den europäeschen Industrien a Kleng- a Mëttelbetriber, den Opbau vun trans-europäesche Réseauen am Beräich Transport, Telekommunikatioun an Energie, den Ëmweltschutz, d'Verbesserung vun de Gesondheets- an Erzéiungsdéngschter, asw.
  • Se musse fir d'éischt deene Regiounen zugutt kommen, déi am äermsten dru sinn,
  • Se mussen dozou bäidroen, aner Finanzéierungen unzezéien.

Dës Krittäre gëlle fir Aktiounen an a baussent der EU. Bal 90 % vun den Aktioune vun der EIB gi bannent der EU realiséiert, e wichtegen Deel an deenen neie Memberslänner.

D'BEI ënnerstëtzt ausserdeem d'nohalteg Entwécklung an de Mëttelmierlänner, an de sougenannten AKP-Staaten (Afrika, Karibik a Pazifik), an an eenzele Projeten a Latäinamerika an an Asien.

Schliisslech ass d'BEI Haaptaktionär vum Europäeschen Investitiounsfong, deen 1994 op d'Been gesat gouf, fir Investissementer an de Kleng- a Mëttelbetriber ze finanzéieren.

Hir Funktiounsweis[änneren | Quelltext änneren]

Bei grousse Projeten (iwwer 25 Milliounen Euro) schafft d'EIB direkt mat de Promoteure vum Projet. Bei méi klenge Projete schafft se mat enger 180 Banken a spezialiséierte Finanzvermëttler zesummen.

D'EIB decidéiert autonom, wiem se wéi vill léint, an dat op Grond vun de Meritë vum Projet an de Méiglechkeete vun de Finanzmäert. All Joer gëtt s'e Rapport eraus, an deem se hir Auswiel beschreift.

D'EIB schafft mat den Institutioune vun der EU zesummen. Hir Vertrieder kënnen dobäi sinn, wann d'Comitéë vum Europäesche Parlament zesummekommen, an hire President kann un de Versammlunge vum Conseil vun der Europäescher Unioun deelhuelen.

Wéi ginn Decisioune geholl?[änneren | Quelltext änneren]

D'EIB huet e Conseil vu Gouverneuren, dee sech aus de Ministeren (meeschtens de Finanzministeren) vun den EU-Memberstaaten zesummesetzt. Dësen definéiert d'allgemeng Politik vun der Bank a puncto Prêten, approuvéiert de Bilan an de Joresrapport, erlaabt der Bank, Projete baussent der EU ze finanzéieren an decidéiert iwwer eventuell Kapitalerhéijungen.

Da gëtt et nach e Verwaltungsrot, wouvun de President vun der Bank och President ass, an deen aus 24 Membere besteet, déi vun den EU-Memberstaaten ernannt ginn, an engem, dee vun der Europäescher Kommissioun nominéiert gëtt. Dësen approuvéiert déi eenzel Aktiounen, wou Sue ge- oder verléint ginn, a muss doriwwer oppassen, datt alles riicht leeft.

Schliisslech ass do den Direktiounscomité. Hien ass d'Exekutivorgan vun der Bank an domat fir hiren alldeeglegen Oflaf verantwortlech.

D'Gebai[änneren | Quelltext änneren]

1980 ass d'BEI an dat éischt Gebai um Kierchbierg erageplënnert, an deem 800 Leit schaffe konnten. Uganks vun den 1990er Joren ass dëst eng éischt Kéier ausgebaut ginn, wou 300 zousätzlech Mataarbechter ënner Daach koumen. Den 2. Juni 2008 da gouf en neit Gebai, genannt Bâtiment Est ageweit. Et bréngt der BEI 72.500 m² méi Bürosfläch, an deene bis zu 750 Leit schaffe kënnen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.