Pierre Werner
Pierre Werner | |
---|---|
Gebuer |
29. Dezember 1913 Lille |
Gestuerwen |
24. Juni 2002 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Universitéit vu Paräis, Institut d'études politiques de Paris |
Aktivitéit | Politiker, Diplomat, Ekonomist, Affekot |
Partei | CSV |
Famill | |
Kanner | Jean Werner |
De Pierre Werner, gebuer den 29. Dezember 1913 zu Saint-André-lez-Lille bei Lille, a gestuerwen de 24. Juni 2002 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Politiker. Hie gëllt als ee vun de "Pappen" vum Euro.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]No sengem Studium, tëscht 1934 an 1937, zu Paräis (Droit a Politikwëssenschaft) huet de Pierre Werner bei der Banque générale du Luxembourg geschafft.
1945 gouf hie "Commissaire au contrôle des banques". Vun 1953 bis 1959 war hien, an der Regierunge Bech-Bodson a Frieden, Finanz- an Arméiminister.
Den 2. Mäerz 1959, nom Doud vum Pierre Frieden, gouf de Pierre Werner Premierminister, Staats- a Finanzminister. Tëscht 1959 an 1984 war hie vun do un, mat Ausnam vun de Joren 1974-1979, Regierungschef vu verschiddene Koalitiounsregierungen, an hat zousätzlech, jee nodeem, d'Portefeuillën Aussebezéiungen, Finanzen, Justiz, Fonction publique an/oder Kultur.
1970 huet hien e Plang ausgeschafft (de soug. Werner-Plang), en éischte Versuch fir eng europäesch Wärungsunioun ze schafen. Dëse gouf awer, wéinst de wirtschaftleche Problemer an Europa vun der Mëtt vun de 1970er Joren un, fale gelooss, a gouf eréischt 1985 mam Delors-Plang erëm opgeholl. Dëse sollt dann och zu der Grënnung vun der Europäescher Wirtschaftsunioun a spéider zum Aféiere vum Euro féieren.
Bei de Chamberwale vum 17. Juni 1984 ass hien net méi ugetratt. Hie war tëscht 1985 a 1987 President vum Verwaltungsrot vun der CLT an hie war vun 1989 bis 1996 President vun der SES un där hirer Grënnung hie maassgeeblech bedeelegt war.
De Pierre Werner ass de 24. Juni 2002 an der Stad Lëtzebuerg verscheet.
Hien ass de Papp vum Jurist a Botaniker Jean Werner.
Fir un de Pierre Werner z'erënneren ass zu Betzder, zu Déifferdeng an an der Stad (Boulevard Pierre Werner) eng Strooss no him benannt.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Werner, Pierre: Itinéraires luxembourgeois et européens, évolutions et souvenirs, 1945-1985 (Tome 1 et Tome 2), Luxembourg, 1991. (seng Mémoiren)
- Mühlen, Ernest a Werner, Pierre: Les finances communales, Cahiers économiques, n. 4, Banque Internationale à Luxembourg, Luxembourg, pp. 1–29, 1975
- Danescu, Elena Rodica. Bibliographie de Pierre Werner, CVCE, Luxembourg, 2012.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Grand-Croix vum Ordre du Faucon (Promotioun 1969)[1]
- Grand-Croix vun der Légion d'honneur (Promotioun 1970)[2]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Haag, Emil: Pierre Werner *1913 †2002, le maître d'oeuvre de l'économie luxembourgeoise contemporaine In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles (Ss 494-499); Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Regierung Werner-Schaus I
- Regierung Werner-Cravatte
- Regierung Werner-Schaus II
- Regierung Werner-Thorn-Flesch
- Prix Pierre-Werner
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Premierministeren
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Pierre Werner – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (de)Emile Burggraff, Auszeichnungen und Geschenke. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (2. September 1969). Gekuckt de(n) 2023-08-19.
- ↑ (fr)Georges Verpraet, Les réactions françaises après la visite officielle de MM. Werner et Thorn. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (21. Mee 1970). Gekuckt de(n) 2023-08-18.
- Premierministere vu Lëtzebuerg
- Finanzministere vu Lëtzebuerg
- Ausseministere vu Lëtzebuerg
- Justizministere vu Lëtzebuerg
- Gebuer 1913
- Gestuerwen 2002
- Grosskreuz vum Bundesverdienstkreuz
- Éiereplack Dicks-Rodange-Lentz
- Grand-croix de la Légion d'honneur
- Persounen, no deenen eng Struktur zu Lëtzebuerg genannt ass