SES (Entreprise)

Vu Wikipedia
SES S.A.
Typ Aktiegesellschaft
Grënnungsdatum 1. Mäerz 1985
Sëtz Château de Betzdorf
L-6815 Betzder
Lëtzebuerg
Leedung Frank Esser (President vum Verwaltungsrot)[1]
Adel Al-Saleh (CEO)[2]
Ëmsaz 2.103.000.000 (2018)[3]
Branche Satellittebedreiwer
Homepage www.ses.com

D'SES S.A.[4], ass eng lëtzebuergesch Entreprise, déi eng Satellitteflott bedreift, iwwer déi Televisiouns- Radios- a Multimediaprogrammer, an och Telekommunikatiounsservicer direkt un d'Ennverbraucher ("Direct to Home", DTH) ausgestraalt ginn.

Si ass op der Bourse vu Lëtzebuerg an op där vu Paräis quotéiert. De Lëtzebuerger Staat ass mat 16,7 % vun de Stëmmrechter de Referenzaktionär.

Hire Sëtz huet d'SES um Schlass Betzder. President a Generaldirekter war, bis Abrëll 2014, de Romain Bausch. Tëscht 2014 an 2018 war de Karim Michel Sabbagh de CEO. Zënter 2024 ass et den Adel Al-Saleh.

Entwécklung a Participatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Parabolantennen hanner dem Schlass vu Betzder, Sëtz vun SES.

D'SES ass 1985 entstanen, huet an Europa den Astra-Satellittesystem entwéckelt, an ass international maassgeeblech duerch d'Acquisitioun am Joer 2000 vu 50 % vun der schweedescher NSAB (spéider SES Sirius), am Joer 2001 vu GE Americom, enger Duechter vun der General Electric, an am Joer 2006 vun New Skies Satellites gewuess, an zum haut zweetgréisste Bedreiwer vun Telekommunikatiounsatellitte weltwäit ginn.

SES stoung ursprénglech fir Societé Européenne des Satellites. Am Joer 2001, no der Acquisitioun vu GE Americom, ass d'Firma an SES Global ëmbenannt ginn, an zanter 2006, no der Acquisitioun vun New Skies Satellites, heescht d'Gesellschaft erëm SES.

D'Entreprise hat am September 2011 Participatiounen un de Satellittebedreiwer Ciel a Kanada, Quetzsat a Mexiko, YahLive, O3b Networks a Solaris Mobile. Solaris Mobile gouf am Januar 2014 vun der EchoStar Corporation iwwerholl.

D'SES huet och Participatiounen an Entreprisen, déi an der Satellittentechnologie schaffen, dorënner ND SatCom, SES Government Solutions, HD+, ASTRA TechCom Services, SES Platform Services an ASTRA Broadband Services.

Iwwer SES Techcom ass d'SES un engem Projet vun der ESA an der EDA bedeelegt, fir onbenannt Fligeren, sougenannt Dronen, mat Hëllef vun SES-Satellitten ze steieren.[5]

Satellitteflott[änneren | Quelltext änneren]

Mat hire 55 Satellitte (Stand Mäerz 2014) kann d'SES bal 99 % vun der Weltbevëlkerung erreechen, sief et direkt iwwer eng Parabolantenn, oder iwwer Teledistributioun. Si bedreift mëttlerweil AMC, ASTRA, NSS an SES Satellitten, déi eng 2.500 Televisiouns- a Radioprogrammer iwwerdroen, déi meescht dovun digital an 80 an HDTV.

D'Orbital-Positioune vun den Astra-Satellittesystemer sinn 19,2° Ost, 28,2° Ost, 23,5° Ost, 5° Ost an 31,5° Ost.

Resultater[änneren | Quelltext änneren]

2013 hat SES en Ëmsaz vun 1,862 Milliarden Euro an en Nettogewënn vu 566,5 Milliounen Euro.

Eng mobil Astra Sendestatioun

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: SES – Biller, Videoen oder Audiodateien

Zu der SES-Grupp gehéieren:

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (en)Board of Directors | SES. www.ses.com (2016-11-01). Gekuckt de(n) 2023-11-08.
  2. (en)Executive Team | SES. www.ses.com (2021-04-04). Gekuckt de(n) 2023-11-08.
  3. SES Annual Report 2018
  4. am Handelsregëster ënnert der Nummer B81267 ageschriwwen
  5. "Keine Waffen II." d'Lëtzebuerger Land Nr. 23, 7. Juni 2013, S.4.