Jacques Delors
| Jacques Delors | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | Jacques Lucien Jean Delors |
| Pseudonym | Roger Jacques |
| Gebuer |
20. Juli 1925 14. Arrondissement |
| Gestuerwen |
27. Dezember 2023 5. Arrondissement |
| Nationalitéit | Frankräich |
| Educatioun | Faculté de droit et des sciences économiques |
| Aktivitéit | Ekonomist, Politiker, Gewerkschaftler, Banquier, Héije Fonctionnaire, Buergermeeschter |
| Partei | Parti socialiste |
| Fonctioun | President vun der Europäescher Kommissioun, Buergermeeschter vu Clichy, Europadeputéierten |
| Member vun | Club de Rome, Académie royale des sciences, des lettres et des beaux-arts de Belgique |
| Auszeechnungen | Karlspräis, Commandeur vun der Légion d'honneur, Bayerischer Verdienstorden, Grousskräiz vum Isabellauerden, Ernst-Reuter-Medail, Erasmuspräis, Robert-Schuman-Medail, Grand-croix vum Ordre de mérite vun der Republik Polen, Honorary doctor of the Catholic University of Louvain, Officier vun der Légion d'honneur, Chevalier vun der Légion d'honneur, Verdienstorden des Landes Baden-Württemberg |
| Famill | |
| Papp | Louis Delors |
| Kanner | Martine Aubry, Jean-Paul Delors |
|
| |
De Jacques Lucien Jean Delors, gebuer den 20. Juli 1925 zu Paräis, an och do gestuerwen de 27. Dezember 2023, war e franséische Politiker, Member vun der Sozialistescher Partei vu Frankräich (PS). Eng vu sengen Duechteren, d'Martine Aubry, ass och an der franséischer Politik. Als Member vun der franséischer sozialistescher Partei ass si zanter dem Mäerz 2001 Buergermeeschtesch vu Lille.
Nodeem en zwee Joer, vun 1979 bis 1981, als Deputéierten am Europäesche Parlament war, gouf de Jacques Delors franséische Wirtschafts- a Finanzminister (1981-1984).
Vun 1983 -1984 war hie Buergermeeschter vu Clichy-la-Garenne am Departement Hauts-de-Seine.
1985 gouf hie President vun der Europäescher Kommissioun. Dës Funktioun hat hie bis Januar 1995. 1992 krut en de Karlspräis. Hie war och Doctor honoris causa vu 24 Universitéiten.
A senger Presidentschaft huet d'europäesch Integratioun grouss Fortschrëtter gemaach. Ënner him koum de sougenannten Acte unique zustanen an den Europäesche Bannemaart huet méi konkreet Formen ugeholl. Dee vun him presentéierten Delors-Plang huet doriwwer eraus den Ustouss fir d'Schafe vun der Europäescher Wärungsunioun ginn.
Publikatiounen
[änneren | Quelltext änneren]- Delors, Jacques:Mémoires (brochéiert), Januar 2004
- Madelin, Henri a Delors, Jacques: Refaire l'Europe: Le vieux et le neuf, (brochéiert), Juni 2007
- Giddens, Antony, Blair, Tony a Delors, Jacques: La Troisième voie face: Le Renouveau de la social-démocratie (Brochéiert) Abrëll 2002
- Endo, Ken: The Presidency of the European Commission under Jacques Delors, Macmillan, 1999
- Milési, Gabriel: Jacques Delors: l'homme qui dit non, (Brochéiert), 1995
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Jacques Delors – Biller, Videoen oder Audiodateien |
