Centre Émile-Hamilius

Vu Wikipedia
De Centre Hamilius vun der Aldréngerstrooss aus gesinn. (Dezember 2011).
Vum Boulevard Royal aus gekuckt. D'Skulptur vun der Niki de Saint Phalle gouf kuerz virdrun ewechgeholl. (Dezember 2011).
D'Fassad nieft der Haaptentrée vum Gebai am Dezember 2011.

De Centre Émile-Hamilius war e Verwaltungsgebai vun der Stad Lëtzebuerg, am Zentrum vun der Stad, op der Plaz mam selwechten Numm (Place Émile-Hamilius), tëscht dem Boulevard Royal an der Rue Aldringen. De Centre Hamilius an d'Plaz goufen nom Émile Hamilius, dem fréiere Buergermeeschter (1946-1963) vun der Stad, genannt.

D'Gebai huet 1977 seng Dieren opgemaach a gouf den 9. Mäerz 1979 offiziell ageweit[1]. Am Fréijoer 2015 gouf et zesumme mat zwee Nopeschgebaier ofgerappt fir duerch de Komplex Royal-Hamilius ersat ze ginn.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebai[änneren | Quelltext änneren]

De Centre Hamilius huet aus engem Tuerm mat 9 Stäck an zwéi Säitefligele mat jee 4 a 6 Stäck bestanen. Dobäi koume véier ënnerierdesch Stäck, wouvun der zwéin als Parking fir d'Gemengebeamte benotzt goufen. Am Ganzen hat et eng Fläch vu ronn 10.000 déi ausgenotzt konnte ginn.

Skulptur[änneren | Quelltext änneren]

D'Skulptur La grande tempérance, aus der Serie vun den Nanas vun der Niki de Saint Phalle hat vun 1995 un, op der Säit vum Boulevard Royal, zum Cachet vum Gebai bäigedroen[2].

Den 8. Dezember 2011 gouf La grande tempérance ofmontéiert fir am Depot vum Nationalmusée fir Geschicht a Konscht deposéiert ze ginn. Nodeems s'an engem Atelier an Däitschland an d'Rei gesat gi war, gouf se de 25. September 2019 - net wäit vun der ursprénglecher Plaz - um Piquet nees opgeriicht[3],[4].

Geschicht an Notzung[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebai hat 230 Millioune LUF (zirka 5,7 Milliounen Euro, ouni d'Inflatioun mat anzerechnen) kascht.

Den Zweck vum Bau war fir eng Rëtsch iwwer d'Stad verstreet Gemengeservicer ze regruppéieren, déi virdrun hir Büroen am Zerkel, a Gebaier um Lampertsbierg, an der Jean-Pierre-Brasseur-Strooss um Belair, an der Escher-Strooss, der Helleg Geescht-Strooss, der Neipuertsgaass, dem Boulevard Roosevelt, der Biedergaass an der Avenue Émile-Reuter haten.

Spéider war d'Gebai virun allem wéinst dem Bierger-Center vun der Stad bekannt, deen do vun 2001 bis Enn 2011 funktionéiert huet. Den 9. Dezember 2011 huet de Bierger-Center seng Dieren am Centre Hamilius zougemaach, fir se méindes den 13. Dezember 2011 an engem Gebai vis-à-vis, um Boulevard Royal, nees opzemaachen. Zënter dem 1. Juli 2014 ass de Bierger-Center am Centre Guillaume-II, dem fréiere Veräinshaus um Knuedler[5].

Och d'Stater Bibliothéik war tëscht 1978 bis 2008 am Centre Émile-Hamilius ënnerbruecht. Am Gebai gouf et Mëtt Dezember 2011 just nach e Kommissariat vun der Police grand-ducale. 2012 gouf dat dunn a Containeren op der Theaterplaz ënnerbruecht bis et 2013 an nei Raimlechkeeten an d'Rue du Fossé (Um Gruef) geplënnert ass.

Am Laf vun de Jore gouf sech iwwer déi schlecht thermesch an akustesch Isolatioun vum Gebai beklot[6].

De Projet Royal-Hamilius[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Royal-Hamilius.

De Schantjen, am Februar 2016.

Virun 2011 huet d'Stad Lëtzebuerg déi zwéi Nopeschgebaier (en drëtt Gebai bleift a Privatbesëtz) am ganzen Haiserblock vum Centre Hamilius opkaaft. Et hätt sollen Enn 2012 zesumme mat Nopeschgebaier ofgerappt ginn, fir duerno duerch de Centre Royal-Hamilius ersat ze ginn. D'Ofrappe gouf awer bis an d'Fréijoer 2015 no hanne verréckelt.

Nom Ofrappe vun deenen dräi Gebaier ass op där Plaz, vun 2015 un, de Royal-Hamilius-Komplex gebaut ginn. Am neien Zenter sinn, ausser Büroen, och Geschäfter a Restaurante ënnerbruecht. Gewënner vum Concours fir den neien Immeubel war de Projet vum britteschen Architektebüro Foster + Partners.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hansen, J., 2014. L'hypercentre change. Quarante ans après son érection, le « centre civique Jean Hamilius » fait place à une nouvelle construction. Un adieu. d'Lëtzebuerger Land vum 19. Dez. 2014, Nr. 51/52, S. 6.
  • hip/raz, 2011. « Nana » wartet vorübergehend im Depot. Skulptur von Niki de Saint Phalle in der Hauptstadt entfernt. Luxemburger Wort vum 9. Dezember 2011, S. 28.
  • Zwank, R., 2011. Wichtige Dienststelle der Hauptstadt ab Dienstag an neuer Adresse. "Biergerzenter" zieht um. Luxemburger Wort vum 68 Dezember 2011, S. 29.
  • r.cl. (René Clesse), 2001. De Bierger-Center vun der Stad ass op! ons stad 68 (2001), S. 1. PDF
  • Anonyme, 1979. Centre Emile Hamilius: das neue hauptstädtische Verwaltungszentrum. ons stad 2 (1979), S. 23-25. PDF

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Place Émile Hamilius – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. ons stad 2 (1979) S. 23.
  2. Luxemburger Wort vum 9. Dezember 2011, S. 28
  3. Projekt Royal Hamilius: Die Nana ist wieder da. wort.lu (26/09/2019). Gekuckt de(n) 26/09/2019.
  4. « La Grande Tempérance » de Niki de Saint Phalle. vdl.lu (04/10/2019). Gekuckt de(n) 05/10/2019.
  5. Websäit vun der Stad Lëtzebuerg Gearchiveerd op 2015-09-04. Gekuckt de(n) 2015-08-24.
  6. ons stad 2 1979, S. 24.