Op den Inhalt sprangen

Lëtzebuerger Frang

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) LUF)
Lëtzebuerger Frang
Typ fréier Wärung
Land Lëtzebuerg
ISO-Code LUF
Zentralbank Banque centrale du Luxembourg
Agefouert 20. Dezember 1848
Ofgeschaaft 1. Januar 2002
ersat mat Euro

De Lëtzebuerger Frang (ofgekierzt: LUF) war tëscht 1854 an 1999 (ausser tëscht 1941 an 1944) déi offiziell Wärung zu Lëtzebuerg. En ass bis 2002 an Zirkulatioun bliwwen, éier en du mam Euro ersat gouf. An der Period vun 1999 bis 2002 war de Lëtzebuerg Frang eng Subdivisioun vum Euro (1 Euro = 40,3399 Frang), obwuel den Euro dunn nach net zirkuléiert ass.

De Lëtzebuerger Frang ass net iwwer Nuecht entstanen, mä huet sech iwwer Joerzéngten entwéckelt. Vu sengen Urspréng als reng Buchwärung mat engem feste Wiesselcours zum preiseschen Daler, iwwer d'Klappe vu klenge Wiesselmënzen, bis hin zu senger spéiderer Bindung un déi däitsch Goldmark. Eréischt nom Enn vum Éischte Weltkrich huet de Lëtzebuerger Frang seng ganz eege Gestalt ugeholl, éier en eng enk Allianz mam belsche Frang agaangen ass, fir schlussendlech vum Euro ofgeléist ze ginn.

Festsetze vun de Wiesselcoursen an d'Auswierkunge vum Gresham-Gesetz zu Lëtzebuerg (1841–1842)

[änneren | Quelltext änneren]

Ausgangslag an de Rapport mam Gulden

[änneren | Quelltext änneren]

Duerch den Arrêté vum Kinnek-Groussherzog vum 20. August 1841[1] gouf den offizielle Wiesselcours am deemolege Lëtzebuerg op 0,4725 hollännesch Gulde fir ee Frang – sief et de franséischen oder de belsche Frang – festgeluecht. Well Lëtzebuerg, mat Ausnam vun der Festungsstad, vun 1830 bis 1839, eng Zäitspan déi am Film „De falschen Hond“ beschriwwe gëtt, ënner belscher Administratioun stoung, an d'Belsch dëse Cours scho mam Gesetz vum 5. Juni 1832 agefouert hat[2], war dësen Tarif de facto scho laang am Land etabléiert.

Theoretesch sollt dëse Cours op dem reale Sëlwergehalt vun de Mënze berouen. Den hollännesche Sëlwergulden huet aus 9,613 Gramm puerem Sëlwer bestanen, iwwerdeems de franséische Germinal-Frang 4,5 Gramm rengt Sëlwer enthalen huet. Doraus ergëtt sech en tatsächleche mathematesche Sëlwer-Rapport vu: 4,5 / 9,613 = 0,46812 Gulden. Well den offizielle Kurs am Dekreet mat 0,4725 awer méi héich ugesat war, gouf de Frang am Verglach zum Gulde gesetzlech iwwerbewäert.

Bäitrëtt an den Zollveräin an de preiseschen Daler

[änneren | Quelltext änneren]

Mam Bäitrëtt vu Lëtzebuerg an den Däitschen Zollveräin am Abrëll 1842 huet och en offiziellen Ëmrechnungscours fir de preiseschen Daler misse festgeluecht ginn[3]. Duerch déi preisesch Garnisoun an der Bundesfestung waren dës Daler an der Festungsstad souwisou scho fest am alldeeglechen Ëmlaf verankert.

Fir dëst ze reegelen, huet de Kinnek-Groussherzog den Arrêté vum 16. Mäerz 1842 erlooss[4] mat deem festgehale gouf, datt de franséischen an de belsche Frang bei den ëffentleche Keese fir d'Zollbezuelungen exakt de Wäert vun aacht preisesche Sëlwergroschen haten. Doraus huet sech en offizielle Cours vun 1 Daler = 3,75 Frang erginn.

Och hei huet d'Mathematik net mat der Realitéit iwwereneegestëmmt: En Daler hat 16,7 Gramm rengt Sëlwer an de Frang 4,5 Gramm. De reelle Rapport louch deemno bei: 4,5 / 16,7 = 0,26946 Daler. Well de preiseschen Daler an 30 Sëlwergroschen an de Sëlwergrosche selwer an 12 Pfenneg gedeelt war, hätt de reelle Cours misse bei 8 Groschen an 1 Pfenneg leien. Mat engem offizielle Kurs vun exakt 8 Grosche gouf de Frang par Rapport zum Daler awer ënnerbewäert.

Gesetz vum Gresham

[änneren | Quelltext änneren]

Dës Diskrepanzen tëscht dem offiziellen, gesetzleche Cours an dem reelle Sëlwerwäert hunn eng klassesch Form vum Gresham sengem Gesetz ausgeléist („Schlecht Geld verdrängt dat gutt Geld“). Dat huet zu enger Kettereaktioun gefouert:

  • Frang vs. Gulden: den iwwerbewäerten, „schlechten“ Frang huet den ënnerbewäerten, „gudden“ Gulden aus dem alldeeglechen Ëmlaf verdrängt.
  • Daler vs. Frang: den iwwerbewäerten, „schlechten“ Daler huet gläichzäiteg den ënnerbewäerten, „gudden“ Frang verdrängt.

D'Resultat war paradox: den Daler gouf zur dominanter Wärung bei allen Transaktiounen. De Frang dogéint gouf wéinst senger gesetzlecher Ënnerbewäertung ëmmer méi rar an am private Besëtz vun de Leit als stabille Wäertspäicher gehamstert.

Ob dëse Wiesselcours gewielt gouf, fir déi wirtschaftlech Verbindung tëscht Lëtzebuerg a Preise mat dem gemeinsamen Daler dauerhaft ze stäerken, oder reng fir de Bierger een nach méi lästegt Ëmrechnen ze erspueren, bleift ongewëss. E Sëlwergroschen war schliisslech genau 12,5 Zantim – also zwee an en Hallwe Su wäert.

Am preisesche Rheinland war de franséische Frang zanter 1821 mat 7 Groschen an 11 Pfenneg nach manner wäert. Do kann een dovun ausgoen, datt dëse Cours bewosst esou niddreg ugesat war, fir de franséische Mënzen – déi vun 1795 bis 1815 offiziell am Ëmlaf waren – lasszeginn.[5]

Am Mee 1843 gouf beschloss, de preiseschen Daler an alle Staatskeese fir d'An- an d'Ausbezuelen zouzeloossen.[6] Vun 1844 u gouf dës Reegelung op déi aner Wärungen am Zollveräin ausgedeent, déi de selwechte Sëlwergehalt wéi den Daler haten.[7]

Nom Artikel 11 vum Zolltraité vun 1842 hätt Lëtzebuerg eigentlech de preiseschen Daler oder de süddäitsche Gulden als offiziellt Bezuelungsmëttel aféiere missen, wat awer net gemaach gouf. Bei der Verlängerung vum Traité am Joer 1847 gouf déi Obligatioun du gestrach.

Mir haten also:

  • 1 Frang = 8 Sëlwergroschen (de Sëlwergrosche war trotz sengem Numm eng Billonmënz mat engem klenge Sëlwerundeel vu just 22 %)
  • 1 Pies[8] = ee sëlwert franséischt 10-Su-Stéck = 4 Sëlwergroschen
  • 1 décke Su = 10 Zantim = 10 Pfenneg
  • 1 Su = 5 Zantim = 5 Pfenneg

Aféierung als Buchwärung (1849)

[änneren | Quelltext änneren]

Duerch d'Gesetz vum 20. Dezember 1848 gouf de Frang (ënnerdeelt an Zantim) mat Wierkung op den 1. Januar 1849 déi offiziell Rechnungseenheet vu Lëtzebuerg.[9] En huet den hollännesche Gulden am Verhältnis vun 1 op 2,1164 ersat. Vun do un huet de Staat all seng Finanzen a Frange geféiert, iwwerdeems d'Zollbestëmmungen onberéiert bloufen. Allerdéngs war de Frang am Ufank just eng reng Buchwärung ouni eegen national Mënzen oder Billjeeën; am Alldag huet d'Bevëlkerung weiderhi mat auslänneschem Geld bezuelt.

Am Chamberblietche vun 1848 gëtt an dësem Kontext vun der Aféierung vun engem neie „système monétaire“ geschwat. Fir dës Ëmstellung an der Praxis ze realiséieren, huet eng Onmass vu Gesetzer a Reglementer systematesch missten ugepasst ginn, well d'Montanten – wéi zum Beispill d'Tariffer vun den Amenden[10], wou fir ëmzerechnen just mat engem Facteur 2 multiplizéiert gouf – a Gulden ausgedréckt waren.[11]

Interessanterweis huet dëst Gesetz déi bestoend Mënzgesetzer vun 1816 an 1832 onberéiert gelooss. An der Theorie waren den hollännesche Gulden an de belsche Frang also weiderhin déi offiziell Wärungen, obwuel se am Alldag an an der Realitéit vum Ëmlaf bal guer net méi existéiert hunn.

An der Praxis huet sech doraus e reegelrechten Dualismus entwéckelt: wann an engem Kontrakt de Begrëff „Frang“ ouni Weideres benotzt gouf, da war domat de fiktive Frang am Wäert vun 8 Grosche gemengt. Sollt d'Bezuelung awer a belschen oder franséische Frange geschéien, huet missten explizitt vum „Frang effektiv“ oder engem änleche Begrëff geschwat ginn.

Dës juristesch an alldeeglech Realitéit huet den Affekot an Deputéierte Léon Wurth wärend enger Sëtzung an der Chamber den 30. November 1870 treffend op de Punkt bruecht:

„(fr) D'après la jurisprudence qui s'est établie dans notre pays, et à l'appui de laquelle on peut invoquer différentes décisions judiciaires, il existe chez nous un franc fictif qui a la valeur de 8 silbergros, et qui diffère ainsi en valeur du franc effectif. [12]“

Datt dëse System vum fiktive Frang d'Land nach iwwer Jore markéiert huet, beweist och en Avis vun der Banque internationale à Luxembourg vum 21. Februar 1876. Och e puer Joerzéngten no der offizieller Ëmstellung huet d'Bank bemierkt:

„(fr) Jusqu‘ici le franc luxembourgeois n‘a été qu‘une monnaie fictive ayant la valeur de 8 silbergros. [13]“

Éischt Wiesselmënzen (1854)

[änneren | Quelltext änneren]

Ënnert dem Finanzminister Norbert Metz huet d'Chamber mam Gesetz vum 9. Januar 1852 d'Fabrikatioun vun eisen alleréischte lëtzebuergesche Mënze beschloss[14]. Dat neit Gesetz sollt deemools d'auslännesch Koffermënzen als gesetzlecht Bezuelmëttel ofschafen. Well awer net genuch Wiesselgeld am Ëmlaf war, huet d'Regierung dës Bestëmmung mam Gesetz vum 17. Dezember 1853 kuerzfristeg missen zréckzéien[15]. Am Mäerz 1854 war et dunn awer sou wäit: déi éischt Lëtzebuerger Mënze koumen an d'Zirkulatioun. Et waren dëst Stécker vun 2,5, 5 an 10 Zantim aus Koffer (eigentlech Bronze: 95 % Koffer mat 4 % Zënn an 1 % Zénk), déi op dem Avers de lëtzebuergesche Wope gewisen hunn. Heibäi huet et sech allerdéngs reng ëm Scheedemënzen gehandelt – also ëm Mënzen aus engem bëllegem Metall oder Metalllegéierung (Zénk, Eisen, Bronze, Koffernéckel) mat engem klenge Nennwäert. Op eegen Nationalmënzen (Kurantmënzen) aus wäertvollem Sëlwer oder Gold gouf bewosst verzicht, well dat fir de klenge Staat deemools vill ze deier gi wier. Fir d'Praxis gouf zousätzlech festgeluecht, datt de maximale Betrag, deen ee mat dëse Mënze bezuelen duerft, op fënnef Frang limitéiert war[16].

Prägungen a Wäert an de Joren 1854–1908[17]
Joer 2,5 Centime 5 Centime 10 Centime Wäert a Frangen
1854 640.000 680.000 500.000 100.000
1855 600.000 1.200.000 150.000
1860 200.000 900.000 100.000
1865 1.000.000 100.000
1870 209.888 303.900 1.313.050 151.747
1901 800.000 2.000.000 4.000.000 520.000
1908 400.000 1.500.000 85.000
Material
Bronze
Koffernéckel


Finanziell gesinn huet sech dës Moossnam fir de Staat als en exzellent Geschäft erwisen. Elleng déi éischt Produktioun vu Mënzen am Nominalwäert vun 100.000 Frang huet d'Regierung just 53.313,54 Frang kascht, wat engem beträchtleche Mënzgewënn – dem sougenannte Seigniorage (de.: Geldschöpfungsgewinn) – vu 46,7 % entsprach huet.

Trotz dësem Gewënn fir d'Staatskeess konnten d'Emissiounen den akuten Defizit u Wiesselmënzen net behiewen. Déi nei lëtzebuergesch Mënze sinn nämlech séier an d'Belsch an a Frankräich ofgefloss, well se do ouni Weideres 1:1 akzeptéiert goufen. Well den effektive belsche Frang mat 8,1 Groschen awer méi wäert war wéi de fiktive Lëtzebuerger Frang mat sengen 8 Groschen, ass duerch dësen Ënnerscheed (Agio) e reegelrechte „Drainage“ entstanen. Dat neit Geld gouf aus dem lëtzebuergeschen Ëmlaf erausgezunn, de Manktem u Klenggeld blouf bestoen.

Tëscht 1893 an 1896 hu Frankräich an d'Belsch – als Membere vun der Laténgescher Mënzunioun (an där Lëtzebuerg ni Member war obschonns hir Mënzen a Schäiner am Land zirkuléiert sinn) – resolut Moossnamen ergraff, fir den Iwwerfloss un auslännesche Wiesselmënzen an hirem Ëmlaf lass ze ginn. Dës Entscheedung sollt och fir d'Groussherzogtum schwéier Konsequenzen hunn: ëm 1900 huet d'Belsch Lëtzebuerger Koffermënzen am Wäert vu ronn 500.000 Frang zeréckgeschéckt. Dëst war eng immens Zomm, wann ee bedenkt, datt Lëtzebuerg bis zu deem Zäitpunkt am Ganze just Mënze fir 601.747 Frang hat klape loossen. Well d'Land doropshi wuertwiertlech mat dëse klengen, ofgenotzten an oxidéierte Suen iwwerschwemmt gouf, huet d'Regierung séier reagéiert. Fir de Problem ze léisen, goufen déi al 5 an 10 Zantim-Stécker agezunn a mat neie Mënzen aus engem, dee Moment, moderne Koffernéckel-Alliage ersat.

International Bank zu Lëtzebuerg (1856)

[änneren | Quelltext änneren]

Déi 1856 gegrënnte Banque internationale à Luxembourg (BIL)[18] krut d'Recht, eege Schäiner erauszeginn. Dëst Emissiounsrecht huet – genee wéi bei den anere Privatbanken[19] am Däitsche Bond – verschidde Wärungen aus där Epoch ofgedeckt, dorënner de Frang, den hollännesche Gulden an de preiseschen Daler. D'Bank huet hir Aktivitéit den 31. Juli 1856 opgeholl; hir éischt Ausgab am Wäert vun 10 Daler gouf den 1. September 1856 ausgestallt. Dëst sollt awer déi eenzeg vun dëser Aart bleiwen, well Preisen zanter 1857 den Ëmlaf vun auslänneschem Pabeiergeld op hiren Territoire verbueden hat. Well d'Aktivitéit vun der BIL doduerch virleefeg staark ageschränkt war, huet se – mat Ausnam vum Joer 1900 – nëmmen nach Schäiner a Frangen erausginn. Obwuel d‘Billjeeë kee gesetzlecht Bezuelmëttel waren, goufen se zanter 1859 awer vun de Staatskeesen akzeptéiert.

Well d'Emissioun vun dëse Geldschäiner awer ëmmer erëm mat Schwieregkeete verbonne war, huet de Verwaltungsrot schlussendlech decidéiert, d'Ausriichtung vum Institut ze änneren. Doropshin huet d'Bank sech zu engem Kreditinstitut weiderentwéckelt[20].

Billjeeë vun der BIL an de Joren 1856–1900
Emissionsdatum Valeur Bemierkung
1. September 1856 10 Thaler
30. September 1880 25 Francs mat Stempel 25 Francs = 20 Mark
15. September 1890 100 Francs mat Stempel 100 Francs = 80 Mark
1. Juli 1900 50 Mark
1. Juli 1900 20 Mark

Banque nationale du Grand-Duché de Luxembourg

[änneren | Quelltext änneren]

Wéi de Gesetzesprojet iwwer d'Banque nationale de 27. Februar 1872 an der Chamber presentéiert gouf, ass en op kräftege Widderstand gestouss. Besonnesch de Paul de Scherff, deen de Rapporteur vun der zoustänneger Chamberkommissioun war, an de Charles Simons (de spéideren Direkter vun der BIL) hu sech kritesch gewisen.

Den de Scherff huet keng reell Virdeeler fir d'Land gesinn: well den Entworf d'Bank als reng Emissiounsbank ouni d'Recht op eng direkt Kreditvergab definéiert huet, war hiren Notze fir d'Wirtschaft an d'Bierger staark begrenzt. Zousätzlech war de lëtzebuergeschen Inlandsmaart deemools vill ze kleng, fir nieft der etabléierter BIL eng zweet Emissiounsbank (de. Zettelbank) ze verkraaften. Fir den normale Steierzueler huet de Projet keng materiell Virdeeler bruecht, mee éischter de Risiko vun enger Wärungsentwäertung am Fall vun enger Finanzkris. D'Kritiker hu bemängelt, datt de Staat d'Risiken iwwerhuele sollt, wärend déi meeschtens auslännesch Grënner a Spekulanten d'Gewënner an d'Emissiounsprimmen an d'Täsch stieche géifen[21].

Och aus dem Ausland koume schwéier Bedenken: déi preisesch Regierung huet en negativen Avis ofginn an am Virfeld kloer gemaach, datt d'Billjeeë vun dëser neier Bank weeder a Preisen nach am deemolegen Elsass-Loutrenge fir Paiementer akzeptéiert géife ginn.

Trotz all dëser Kritik gouf d'Bank mam Gesetz vum 17. Mee 1873 offiziell gegrënnt[22]. Kuerz drop, den 1. Juni 1873, huet se hir Dieren opgemaach, fir dann den 1. Juli 1873 hir éischt eege Billjeeën erauszeginn. Dës Billjee goufe vun de Staatskeese bis zu engem maximale Montant vun 150.000 Frang ugeholl.

Billjeeë vun der Banque nationale an de Joren 1873–1876
Emissionsdatum Volume Valeur Bemierkung
1. Juli 1873 500.000 Daler 20 Thaler Austausch géint Billjeeën a Mark mat der Emissioun vum 25. Mäerz 1876
1. Juli 1873 2.000.000 Daler 10 Thaler idem
1. Juli 1873 500.000 Daler 5 Thaler idem
1. Juli 1873 3.500.000 Frang 100 Francs Austausch duerch d'Staatskeess no der Faillite de 26. September 1881
1. Juli 1873 1.500.000 Frang 20 Francs idem
25. Mäerz 1876 1.600.000 Mark 20 Mark idem
25. Mäerz 1876 2.000.000 Mark 10 Mark idem
25. Mäerz 1876 400.000 Mark 5 Mark idem

Ausser der BIL ware virun allem och d'Cheffe vun der Industrie, dorënner den Norbert Metz, géint déi nei Bank, well se mat den Offere vun der BIL zefridde waren. Déi nei Bank huet ouni Erfolleg versicht, hir Billjeeën an Däitschland ofzesetzen. Och eng Interventioun vun der lëtzebuergescher Regierung bei der däitscher keeserlecher Regierung zugonschte vun der Bank huet näischt gehollef.

Nodeem d'BIL de 15. Juli 1873 via Circulaire matgedeelt hat, datt hire Verwaltungsrot decidéiert hätt, keng Schäiner vun der Banque nationale méi z'akzeptéieren, huet d'Regierung am Géigenzuch decidéiert, keng BIL-Schäiner méi an de Staatskeesen unzehuelen. Dëse Schrëtt huet de Sträit tëscht deen zwéin Instituter just nach weider verschäerft.

De 26. September 1881 huet d'Bank schlussendlech Faillite ugemellt.[23] Op Initiativ vun eenzelen Deputéierten – dorënner de Jean-Baptiste Fallize, deen eng ganz kloer Responsabilitéit vum Staat gesinn huet – a fir d'Gemidder ze berouegen, huet d'Chamber no laangen Diskussiounen e Gesetz gestëmmt dat de komplette Remboursement vun all de Billjeeë virgesinn huet[24], wat e Lach vun 2.150.000 Frang an d'Staatskeess gerappt huet.

Haaptursaache fir den Niddergang waren d'Onerfuerenheet vun der Direktioun a vum Regierungskommissär, de Fakt, datt zwou Banken an esou engem klenge Land gläichzäiteg Billjeeën erausginn hunn, an net zulescht iwwerdriwwen an exzessiv Kreditter fir eng Rei Clienten[25].

Goldmark (1876)

[änneren | Quelltext änneren]

Am nei gegrënnten Zweeten Däitsche Räich huet d'Gesetz vum 4. Dezember 1871 d'Räichsgoldmënz agefouert; den Honnertsten Deel dovu war d'Mark, déi an 100 Pfenneg ënnerdeelt war[26]. No engem weidere Mënzgesetz am Joer 1873 ass dës nei Reichswärung dunn den 1. Januar 1876 offiziell am ganze vereenten Däitschland a Kraaft getrueden an huet am Bundesstaat Preisen den Daler an engem feste Verhältnes 1 Daler = 3 Mark ersat. D'Dalermënzen selwer hunn hiren offizielle Cours nach bis 1907 behalen an d'1-Daler-Mënz gouf an där Zäit ganz einfach als 3-Mark-Mënz weider gebraucht.

Mam lëtzebuergesche Gesetz vum 2. Dezember 1876 gouf festgehalen, datt eng Mark 1,25 Frang (oder 10 Sëlwergroschen) wäert ass, an datt déi staatlech Keese Sëlwermënzen nëmme méi bis zu engem Betrag vu 25 Frang pro Paiement akzeptéieren[27]. Doraus huet sech dës Ëmrechnung am lëtzebuergeschen Alldag erginn:

  • 1 Frang = 80 Pfenneg
  • 1 Stéckelchen[28] = 12 ½ Su = 50 Pfenneg = ½ Mark
  • 1 décke Su = 8 Pfenneg
  • 1 Su = 4 Pfenneg
  • ½ Su = 2 Pfenneg

Hei muss ee gutt oppassen: Et handelt sech elo ëm de Pfenneg als Ënnerdeelung vun der neier Mark (een Honnertstel), an net méi ëm den ale Pfenneg, deen d'Ënnerdeelung (een Zwielefte) vum Sëlwergrosche war.

Situatioun am Ufank vum 20. Joerhonnert

[änneren | Quelltext änneren]

Als Kurantmënzen hunn haaptsächlech däitsch Gold- a Sëlwermënzen zirkuléiert. D'Mënze vun der Laténgescher Mënzunioun waren dergéint nëmmen an engem ganz klenge Mooss am Ëmlaf, wärend hollännesch Gulden iwwerhaapt net méi ze fanne waren. Bei de sougenannte Scheidemünzen gouf et eng regional Mëschung: do goufe Lëtzebuerger, däitsch, franséisch an och belsch Mënze parallel benotzt. Bei de Geldschäiner hu virun allem d'Emissioune vun der BIL an déi vun den däitsche Banken dominéiert, wärend franséisch a belsch Billjeeën éischter eng Raritéit waren.

D'Paiementer goufen a Frange fixéiert. Wann net explizitt d'Wuert „effectif“ derbäi stoung, gouf de Betrag mat de gesetzlechen Ëmrechnungscoursen an däitsch Mark a Pfenneg iwwerdroen a bezuelt. D'Leit haten eng Rei vu feste Wäerter am Kapp, wéi zum Beispill:

  • 1 Mark = 1,25 Frang
  • 2 Mark = 2,50 Frang
  • 4 Mark = 5,00 Frang
  • 8 Mark = 10,00 Frang
  • 12 Mark = 15,00 Frang

Fir z. B. en Zuchticket vun 17,85 Frang ze bezuelen, gouf am Kapp follgend Rechnung gemaach: éischtens goufe 17,50 Frang mat 14 Mark ofgedeckt (15 Frang fir 12 Mark plus 2,50 Frang fir 2 Mark). Et hunn dunn nach 35 Zantim (oder 7 Su) gefeelt. Fir dëse Reschtbetrag ze begläichen, konnt ee flexibel verschidde Mënze kombinéieren: e Lëtzebuerger 10-Zantim-Stéck (2 Su), e franséischt an e belscht 5-Zantim-Stéck (jee 1 Su), en däitscht 10-Penneg-Stéck (2 ½ Su) an e Lëtzebuerger 2 ½-Zantim-Stéck (½ Su) – wat exakt de Gesamtbetrag vu 7 Su erginn huet.

Stoung awer d'Wuert „effectif“ derbäi, huet d'Bezuelung misse strikt a franséischen oder belsche Frange gemaach ginn. Dat war kee Problem, soulaang een dës Mënzen oder Schäiner zur Hand hat. War dat awer net de Fall, konnt een och mat däitsche Mënzen oder Schäiner bezuelen – allerdéngs huet een hei missen en Agio (en zousätzlechen Opschlag) drop bezuelen.

Fir beispillsweis eng Schold vun 1.750 franséische Frang mat däitsche Mark ze begläichen, huet een 1,5 % dobäiziele missen. Streng geholl huet dësen Opschlag d'Differenz tëscht deenen zwou Wärungen um Dagescours op der Paräisser Bourse reflektéiert. Well dëse Cours am Alldag awer bal ëmmer ëm 1,5 % gependelt huet, gouf aus Kamoudheet einfach fest mat dësem Taux gerechent.

D'Rechnung huet dunn esou ausgesinn: 1.750 Frang hunn am Basiswiesselcours 1.400 Mark entsprach, plus déi 1,5 % Opschlag (21 Mark). Deemno sinn am Ganzen 1.421 Mark iwwer d'Théik gaangen.[29]

Ee konkreet Beispill fir d'Bezuele vun engem Agio ass de Kaf vun den Immobilie vun der Dikrecher Brauerei duerch de Louis Godchaux. Hien huet dës vum Liquidateur vun der Paräisser Société anonyme française de la Brasserie de Diekirch (mat Sëtz zu Paräis an der Rue de Hauteville, 54) iwwerholl. Laut dem Verkafsakt vum 29. Juli 1889, dee vum Ettelbrécker Notaire Salentiny opgeholl gouf, louch den Akafspräis bei 436.000 Frang (Haaptsaach an Niewekäschten) – woubäi 7.000 Frang Agio extra bezuelt goufen[30].

Fir dem Chaos an de Berechnunge mat de villen auslännesche Mënzen en Enn ze maachen, ass am Joer 1912 d'Iddi erëm opkomm, eng eege lëtzebuergesch Wärung ze schafen. D'Regierung huet virgeschloen, eegene Sëlwermënze mat engem Nominalwäert vun 1 an 2 Frang souwéi 50 Zantim ze klappen – an engem Gesamtvolume vu bis zu 10 Frang pro Awunner. Am Mee 1913 huet de Staatsrot d'Regierung zousätzlech opgefuerdert, Virkéierungen ze treffen, falls e Krich tëscht de groussen Nopeschlänner géif ausbriechen an doduerch dat däitscht a franséischt Goldgeld rar géif ginn. Nëmmen e Joer méi spéit huet den Ausbroch vum Éischte Weltkrich d'Pläng vun enger eegener Wärung dunn awer op Äis geluecht[31].

Éischte Weltkrich an 1919

[änneren | Quelltext änneren]

Wärend an Däitschland d'Reichsbank schonn den 31. Juli 1914 mam Ëmtausch vu Billjeeën a Scheedemënzen a Gold opgehalen hat, huet sech d'Situatioun zu Lëtzebuerg nëmmen e puer Deeg duerno zougespëtzt. Den 3. August 1914 huet Däitschland Lëtzebuerg besat. Nach de selwechten Dag gouf hei am Land e Gesetz gestëmmt, dat d'Geldschäiner vun der BIL zur gesetzlecher Wärung erkläert huet. Gläichzäiteg gouf d'Bank vun der Flicht entbonnen, dës Schäiner géint Gold- oder Sëlwermënzen ëmzetauschen[32].

Aus Angscht hir Erspuernisser ze verléieren, huet d'Bevëlkerung hir Gold- a Selwermënzen zeréckgehalen. Well d'Leit och kee Vertrauen an d'Schäiner vun den däitsche Banken haten, sinn de Commerce an d'Industrie an eng déif Kris geroden – et huet einfach u Boergeld am Ëmlaf gefeelt. D'Emissioun vu Schäiner mat de Valeure vun 1, 2 a 5 Mark am Gesamtwäert vu 6.250.000 Frang vun der BIL ass net duergaangen, fir d'Lag ze berouegen. Dofir ass de Staat dozou iwwergaangen, zousätzlech Keeseschäiner (Bons de caisse) an Héicht vu 5.000.000 Frang ze drécken, déi och de Status vun engem gesetzleche Bezuelmëttel kruten[33]. De 26. November 1914 huet de Mathias Mongenast, Generaldirekter vun de Finanzen, an der Chamber erkläert:

„(fr) Le bon de caisse, c'est la banknote que l'État mettra en circulation et dont le montant est garanti par le crédit de l'État. Aussitôt que nos ressources seront revenues à une situation normale, nous pourrons peu à peu les retirer de la circulation; aux termes de l'art. 2 du projet de loi, ces billets ont cours forcé.[34]“

Nieft de Geldschäiner goufen och Scheedemënzen gepräägt – dës Kéier aus Zénk an Eisen, well de Koffer duerch de Krich knapp gi war.

Prägungen a Wäert an de Joren 1915-1916[17]
Joer5 Centime10 Centime25 CentimeWäert a Frangen
19151.200.0001.400.000200.000
1916800.000200.000
19181.200.0001.603.000220.300
1919804.000201.000
Material
Zénk
Eisen


Well d'Bevëlkerung och nach déi kleng Mënze gehamstert huet, gouf d'Regierung duerch den Arrêté grand-ducal vum 3. Abrëll 1917 zu enger gezielter Géigemoossnam autoriséiert. Als Drockmëttel krut se d'Erlabnis, d'5-, 10- a 25-Zantimstécker, déi an de Joren 1915 an 1916 gepräägt gi waren, aus dem Verkéier ze zéien. Dës Mënzen hätte misse bei der Recette générale ëmgetosch ginn – an dat bis zu engem Maximum vun 10 Frang pro Persoun pro Dag. Aus Angscht, op hire Wiesselmënzen sëtzenzebleiwen, hu vill Leit hir gehamstert Reserven opginn, wouduerch séier erëm méi Mënzen an den alldeeglechen Ëmlaf komm sinn[35].

Wéi de Krich am November 1918 op en Enn gaangen ass, stoung Lëtzebuerg virun enger gewalteger Erausfuerderung: Am Land ass e risege Bierg un däitsche Suen zirkuléiert. Well d'Goldmark, déi jo net méi un d'Gold gekoppelt war, an Däitschland schonns 1918 d'Hallschent vun hirem Wäert verluer hat, huet d'Lëtzebuerger Regierung séier handele misse fir de wirtschaftlechen Zesummebroch z'evitéieren. Mat engem groussherzoglechen Arrêté vum 11. Dezember 1918 gouf den Import vun däitsche Sue verbueden an hiren Ëmlaf gestoppt. Fir d'Erspuertes vun de Bierger ze retten, huet de Staat ronn 200 Millioune Mark am Verhältnes vun 1 Mark géint 1,25 Frang zeréckkaaft[36].

Well de Staat awer keng Frang-Geldschäiner hat, an him souwisou déi néideg Gold- oder Sëlwerreserven fir dës enorm Zomm gefeelt hätt, goufen erëm Keeseschäiner als eng temporär Noutléisung gedréckt. Parallel zu dëser monetärer Transformatioun huet Lëtzebuerg den 1. Januar 1919 och den däitschen Zollveräin offiziell verlooss.

Emissioun vu Keeseschäiner vun 1914 bis 1919
Legal BasisVolumeValeurVerfallsdatum
Arrêté vum 17. August 19152.000.000 Frang125 Francs soit 100 Mark01.01.1930
Gesetz vum 28. November 19143.000.000 Frang25 Francs soit 20 Mark15.08.1927
Arrêté vum 17. August 19153.000.000 Frang25 Francs soit 20 Mark15.08.1927
Arrêté vum 22. mars 19183.000.000 Frang25 Francs soit 20 Mark15.08.1927
Gesetz vum 28. November 19142.000.000 Frang5 Francs soit 4 Mark01.01.1930
Arrêté vum 22. mars 19184.000.000 Frang5 Francs soit 4 Mark01.01.1930
Arrêté vum 22. mars 19181.000.000 Frang2 Francs soit 1 Mark 60 Pfennig15.07.1925
Arrêté vum 22. mars 19181.000.000 Frang1 Francs soit 80 Pfennig15.07.1925
Arrêté vum 4. Januar 1919116.000.000 Frang500 Francs01.01.1923
Arrêté vum 4. Januar 191968.000.000 Frang125 Francs15.08.1927
Arrêté vum 11. Dezember 191810.000.000 Frang25 Francs15.08.1927
Arrêté vum 4. Januar 191946.000.000 Frang25 Francs15.08.1927
Arrêté vum 11. Dezember 19189.227.000 Frang10 Francs09.05.1925
Arrêté vum 4. Januar 191912.000.000 Frang5 Francs01.01.1930
Arrêté vum 4. Januar 19194.000.000 Frang2 Francs15.07.1925
Arrêté vum 4. Januar 19192.500.000 Frang1 Franc15.07.1925
Arrêté vum 4. Januar 1919800.000 Frang50 Centimes15.07.1925

[37] [38] [39] [40] [41]

Am Arrêté vum 11. Dezember 1918 Artikel 4 liese mir fir d'alleréischt an engem offiziellen Dokument vum Lëtzebuerger Staat:

„(fr) Aux fins qui précèdent et par dérogation à l'art, 1er al. 3 de la loi du 28 novembre 1914 sur rémission des bons de caisse, le Gouvernement est autorisé à faire une quatrième émission de bons de caisse en francs luxembourgeois, jusqu'à concurrence d'une somme égale à celle des monnaies qui seront présentées à l'échange. Les bons de caisse des quatre émissions sont, sous tous les rapports, assimilés entre eux; leur valeur nominale s'entend en francs luxembourgeois et ce nonobstant toutes inscriptions contraires[40].“

Déi wichteg Datumer a der Genesis vum Lëtzebuerger Frang sinn: 1842 wéi de Rapport mam Daler festgesat gouf, 1849 wéi en als Buchwärung agefouert gouf a schlussendlech 1918 wéi e sech vun der Goldmark ofgenuebelt huet. 

Lëtzebuerger Frang an déi Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun

[änneren | Quelltext änneren]
10-Frangschäin 1924.

Ausgangspunkt

[änneren | Quelltext änneren]

1918 ass den Zollveräin op en Enn gaangen. Well dunn nach keng Kloerheet iwwer déi zukünfteg Wärungssituatioun an den zukünftege Wirtschaftspartner bestanen huet, gouf eng Iwwergangsléisung fonnt. D'Regierung huet dunn, zousätzlech zu de schonn am Éischte Weltkrich geklappte Frangmënzen, Keesebongen a Frangen an den Ëmlaf bruecht. Se sollten et erlaben, d'Mark aus dem Verkéier ze zéien. Et war déi zweet Manifestatioun um Wee vun der Kreatioun vun engem Lëtzebuerger Frang.

Zu enger eenegermoosse gereegelter Situatioun koum et eréischt, wéi 1922 d'Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun, verbonne mat enger Wärungsassociatioun, ugefaangen huet. Och wa se keng Ausso iwwer d'Prinzippie vum Lëtzebuerger Wärungssystem enthalen huet, da gouf ëmmerhin de Wärungsëmlaf zu Lëtzebuerg bestëmmt. Ee sollt bestoen aus:

  • Belsche Frangen (Billjeeën a Mënzen)
  • Lëtzebuerger Frangen (Billjeeën a Mënzen); den Emissiounsvolume vu Lëtzebuerger Schäiner war deemools nach op 25 Millioune Frang begrenzt. De Lëtzebuerger Frang hat domat d'Roll vun engem sougenannten Zousazgeld oder Monnaie d'appoint.

Fir de Lëtzebuerger Frang ass 1929 den Ufank vun enger neier Etapp. Duerch dat sougenannt Stabilisatiounsgesetz vum 19. Dezember 1929 gouf de Wäert vum Lëtzebuerger Frang offiziell op 0,0418422 Gramm Gold festgeluecht[42]. Et war zwar déi selwecht Definitioun wéi déi vum Belsche Frang, mä d'Existenz vun engem eegene Lëtzebuerger Frang war domat virleefeg bestätegt.

Situatioun no 1935

[änneren | Quelltext änneren]

Eng besonnesch Situatioun an de Belsch-Lëtzebuerger Wärungsrelatiounen ass 1935 agetratt. D'Belsch war deemools duerch d'Ëmstänn gezwongen, de Belsche Frang ofzewäerten (ze devaluéieren). Eng Ofwäertung vum Frang war awer zu Lëtzebuerg net erwënscht. Fir awer e praktescht Ëmtauschverhältnis tëscht den zwou Wärungen z'erhalen, gouf e Mëttelwee fonnt:

  • D'Belsch huet ëm 28 % a
  • Lëtzebuerg huet ëm 10 % ofgewäert. Eng separat Ofwäertungsoperatioun war duerch d'Gesetz vun 1929 méiglech ginn.

No der Paritéit 1 zu 1, koum et dunn zu engem neien Ëmtauschverhältnis tëscht den zwou Wärungen, an zwar:

  • 1 Lëtzebuerger Frang = 1,25 Belsche Frang an
  • 1 Belsche Frang = 0,80 Lëtzebuerger Frang.

Dat huet d'Liewen zu Lëtzebuerg staark komplizéiert. Nom Zweete Weltkrich, ass dunn déi al Paritéit (1 zu 1) erëm hiergestallt ginn. Eng däreg Fro huet sech och fir d'Avoiren an d'Engagementer a Frangen, wa keng spezifesch Wärung preziséiert war, gestallt. Dat war deemools meeschtens de Fall. Eng Léisung gouf fonnt. Se huet dora bestanen, datt et sech zu Lëtzebuerg ëm Lëtzebuerger Frangen handele géif, wann net anescht preziséiert. Vill Lëtzebuerger Banken, déi de Géigewäert vun hiren Depoten zu Bréissel placéiert haten, koumen doduerch an eng schwiereg Situatioun.

1945: zeréck an d'Normalitéit

[änneren | Quelltext änneren]

Am Zweete Weltkrich huet d'Wärung aus der Räichsmark bestanen. D'Frange ware vum däitschen Okkupant aus dem Verkéier gezu ginn, an d'Lëtzebuerger Billjeeë sinn dunn an engem Héichuewe verbrannt ginn. Dës Situatioun gouf no der Liberatioun réckgängeg gemaach, d'Wirtschaftsunioun mat der Belsch erëm hiergestallt an d'Paritéit 1 zu 1 tëscht den zwou Wärungen nei agefouert an d'Belsch a Lëtzebuerger Billjeeën a Mënzen erëm an de Verkéier bruecht. Well et eng gewëssen Onzefriddenheet iwwer déi staark Begrenzung vum Lëtzebuerger Emissiounsrecht gouf, koum et a successive Schrëtt zu enger Opwäertung vum Lëtzebuerger Emissiounsrecht.

Schäiner déi ni an Ëmlaf koumen

[änneren | Quelltext änneren]

Wéi d'Belsch 1982 ouni Ofsprooch mat Lëtzebuerg de belsch-lëtzebuergesche Frang ofgewäert huet, huet d'lëtzebuergesch Regierung am gréisste Geheimnis eege Schäiner drécke gelooss. Si sollten als Noutplang déngen, wann d'Belsch de Frang nach eng Kéier géif devaluéieren an d'Wärungsunioun a Gefor bréngen. Lëtzebuerg hätt sech dann aus der Unioun zeréckgezunn an en eegestännege lëtzebuergesche Frang agefouert.[43]

1993 war dësen Zenario bal Realitéit ginn.

Mam Europäesche Wiesselcoursmechanismus (ERM) sollten d'europäesch Wärungen am Virfeld vun der geplangter Wärungsunioun no dem Traité vu Maastricht vun 1992 stabil unenee gekoppelt ginn. Mä duerch massiv Spekulatiounen op den internationale Finanzmäert ass de System am September 1992 a schwéier Turbulenze geroden. Dat brittescht Pond huet den ERM misse verloossen, aner méi kleng Wärunge goufen devaluéiert.

D'Kris huet sech 1993 verschäerft, an och de franséische Frang ass ënner staarken Drock geroden.

Am August 1993 gouf de Jean-Claude Juncker informéiert, datt Däitschland an Holland géifen iwwerleeën, den ERM ze verloossen. Dat hätt praktesch d'Enn vum System bedeit.

Lëtzebuerg huet doropshin domat gedreet, d'Wärungsunioun mat der Belsch opzeléisen a sech Däitschland an Holland unzeschléissen. An deem Fall wieren déi geheim gedréckte lëtzebuergesch Schäiner an Ëmlaf komm.

Schlussendlech konnt den ERM awer gerett ginn, nodeems d'Memberstaaten de Spillraum tëscht de Wärunge vun 2,5 op 15 Prozent erweidert haten. Déi geheim Schäiner sinn dofir ni benotzt ginn a bloufen an hire Këschte verstoppt.

Kuerz virun der Aféierung vum Euro goufen d'Schäiner am September 2001 schliisslech vun der Lëtzebuerger Arméi zerstéiert.

D'Ëffentlechkeet hat bis dohinner näischt dovu gewosst. Eréischt 2001 huet de Jean-Claude Juncker d'Geschicht géintiwwer der AFP[43] ëffentlech gemaach. 2019 ass d'Affär op engem Forum vun der Europäescher Zentralbank nach eng Kéier op d'Tapéit komm.

Interessant ass dobäi, datt d'Zuelen net ëmmer déi selwecht waren: an engem RTL-Reportage[44] vum 2001 war vun 3 Milliarde Frang rieds, iwwerdeems de Jean-Claude Juncker 2019 vu 50 Milliarde geschwat huet[45].

Vum Frang zum Euro

[änneren | Quelltext änneren]

Den 1. Januar 1999 gouf de Wiesselcours 1 EUR = 40,3399 LUF festgeluecht, an den Euro gouf als Buchwärung agefouert. Am Mäerz 1999 huet d'Regierung un all Stéit en Euro-Rechner am Scheckkarteformat verdeele gelooss fir d'Leit drun ze winnen ëmzedenken.[46]

Euro-Rechner vir
Euro-Rechner hannen

Den 1. Januar 2002 hunn d'Billjeeën a Mënzen an Euro Cours legal kritt an den 28. Februar 2002 war dee leschten Dag, wou een nach mat Schäiner a Mënzen a Frang bezuele konnt.

 Méi Informatiounen doriwwer am Artikel Euro an am Artikel Europäesch Zentralbank.

Am Summer 2025 huet d'Lëtzebuerger Zentralbank matgedeelt, datt Enn 2024 nach eng 863.000 Lëtzebuerger-Frang-Schäiner am Wäert vu knapps 5 Milliounen Euro an Zirkulatioun wieren. Déi meescht dervun, 786.473, waren 100-Frang-Schäiner[47], déi warscheinlech als Souvenir versuergt géife ginn.[48] Et sinn nach ëmmer eppes méi wéi 10.000 5.000-Frang-Schäiner am Wäert vun 1,3 Milliounen Euro am Ëmlaf. Déi kënne bis op Weideres nach ëmmer an der Lëtzebuerger Zentralbank an Euro ëmgetosch ginn. D'Mënzen a Frange kënnen allerdéngs zanter dem 31. Dezember 2004 net méi gewiesselt ginn.[49]

Billjeeën a Mënzen

[änneren | Quelltext änneren]
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Groussherzogin Marie-Adélaïde 1912-1919

[änneren | Quelltext änneren]
Valeur Joer Vir Hannen Gültegkeet
5 Frang 1915 24.02.1915 - 01.01.1930

Groussherzogin Charlotte 1919-1940, 1944-1964

[änneren | Quelltext änneren]
Valeur Joer Vir Hannen Gültegkeet
20 Frang 1929 18.07.1930 - 29.01.1941
Valeur Joer Vir Hannen Gültegkeet
5 Frang 1944 14.10.1944 - 31.12.1956
10 Frang 1944 14.10.1944 - 01.08.1953
20 Frang 1944 14.10.1944 - 31.12.1955
50 Frang 1944 14.10.1944 - 30.04.1964
100 Frang 1944 14.10.1944 - 31.12.1956
Valeur Joer Vir Hannen Gültegkeet
10 Frang 1953
1956
1959
1962
1964
1966
23.02.1953 - 31.12.1973
20 Frang 1955
1956
1960
07.06.1955 - 31.12.1973
50 Frang 1961 06.02.1961 - 31.12.1976
100 Frang 1956 13.06.1956 - 31.12.1967
100 Frang 1963 18.09.1963 - 31.12.1976

Groussherzog Jean 1964-2000/2002

[änneren | Quelltext änneren]
Valeur Joer Vir Hannen Gültegkeet
10 Frang 1967
1970
20.03.1967 - 31.12.1975
20 Frang 1966
1972
1974
07.03.1966 - 30.06.1982
50 Frang 1972 25.08.1972 - 01.06.1988
100 Frang 1970
1975
15.07.1970 - 30.04.1983
Valeur Joer Vir Hannen Gültegkeet
100 Frang 1980 14.08.1980 - 01.06.1988
100 Frang 1986
1993
01.07.1986 - 28.02.2002
1000 Frang 1985 01.07.1985 - 28.02.2002
5000 Frang 1993
1996
1993 - 28.02.2002
Billjeeë vun der BIL
[änneren | Quelltext änneren]
Valeur Joer Vir Hannen Gültegkeet
100 Frang 1968 01.05.1968 - 28.02.2002
100 Frang 1981 08.03.1981 – 28.02.2002

Groussherzog Wëllem III 1849-1890

[änneren | Quelltext änneren]
Valeur Joer Avers Revers Duerchmiesser Déckt Gültegkeet
5 Centime oder een Su 1854
3,1 cm 1,5 mm 01.03.1854 - 30.09.1901
10 Centime oder een décke Su 1860
3,1 cm 1,5 mm 1860 - 30.09.1901

Groussherzog Adolphe 1890-1906

[änneren | Quelltext änneren]
Valeur Joer Avers Revers Duerchmiesser Déckt Gültegkeet
10 Centime oder een décke Su 1901
1,97 cm 1,2 mm 29.12.1900 - 01.05.1931

Groussherzogin Marie-Adélaïde 1912-1919

[änneren | Quelltext änneren]
Valeur Joer Avers Revers Duerchmiesser Déckt Gültegkeet
10 Centime oder een décke Su 1918
2 cm 1,42 mm 15.06.1917 -

Groussherzogin Charlotte 1919-1940, 1944-1964

[änneren | Quelltext änneren]
Valeur Joer Avers Revers Duerchmiesser Déckt Gültegkeet
5 Centime oder 1 Su 1924
1,78 cm 1,3 mm 11.07.1924 - 01.05.1931
10 Centime oder een décke Su 1930
2,19 cm 1,3 mm 18.07.1930 - 01.04.1953
25 Centime oder 5 Su 1946
1,8 cm 1,2 mm 20.03.1946 - 01.12.1954
1 Frang
Typ 1952
1952
1953
1955
1957
1960
1962
1964
2,1 cm 1,5 mm 13.11.1952 - 01.09.1991
5 Frang 1949
2,55 cm 1,18 mm 21.12.1949 - 01.02.1963

Groussherzog Jean 1964-2000/2002

[änneren | Quelltext änneren]
Valeur Joer Avers Revers Duerchmiesser Déckt Gültegkeet
25 Centime oder 5 Su
Typ 1954
1954
1957
1960
1963
1965
1967
1968
1970
1972
1,6 cm 1,1 mm 23.07.1954 - 28.02.2002
1 Frang
Typ 1965
1965
1966
1968
1970
1972
1973
1976
1977
1978
1979
1980
1981
1982
1983
1984
2,1 cm 1,5 mm 25.06.1965 - 01.09.1991
1 Frang
Typ 1986
1986
1987
2,1 cm 1,5 mm 15.06.1986 - 01.09.1991
1 Frang
Typ 1988
1988
bis
1995
1,8 cm 1,65 mm 15.12.1988 - 28.02.2002
5 Frang
Typ 1971
1971
1976
1979
1981
2,4 cm 1,75 mm 13.04.1971 - 01.05.1987
5 Frang
Typ 1986
1986
1987
1988
2,4 cm 1,75 mm 15.06.1986 - 28.02.2002
5 Frang
Typ 1989
1989
bis
1995
2,4 cm 1,75 mm 1989 - 28.02.2002
10 Frang 1971
1972
1974
1975
1976
1977
1978
1979
1980
2,7 cm 2,02 mm 12.06.1971 – 15.12.1986
20 Frang
Typ 1980
1980
1981
1982
1983
2,565 cm 2,5 mm 26.11.1979 - 28.02.2002
20 Frang
Typ 1990
1990
bis
1995
2,565 cm 2,5 mm 1990 - 28.02.2002
50 Frang
Typ 1987
1987
1988
1989
22,75 cm 2,3 mm 15.09.1987 - 28.02.2002
50 Frang
Typ 1989
1989
bis
1995
22,75 cm 2,3 mm 1989 - 28.02.2002
  • Georges de Leener: Le franc luxembourgeois, Bulletin de la Banque Nationale de Belgique du 25 avril 1937
  • Albert Calmes: Aperçu de l'histoire économique 1839-1939, Le Luxembourg, Livre du Centenaire, Luxembourg, 1939
  • Luc Hommel: Une expérience d'union économque, Louvain,1933
  • Daniel Rousseau: L'unité monétaire luxembourgeoise, Luxembourg, 1928
  • Jean Masclet: Contribution à l'étude du franc luxembourgeois - Stabilisation d'une monnaie à circulation restreinte, Luxembourg, 1937
  • Ernest Mühlen: Monnaie et circuits financiers au Grand-Duché de Luxembourg, Université Internationale de Sciences Comparées, Luxembourg, 1968
  • Jutta Jaans-Hoche: Banque Nationale du Grand-Duché de Luxembourg 1873-1881 – Eine Episode der Luxemburgischen Währungsgeschichte, Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg, 1981
  • Christian Calmes: Au Fil de l'Histoire –Une Banque raconte son histoire - Histoire de la Banque Internationale 1856-1981, Imprimerie Saint-Paul, 1981
  • Véronique Lecomte-Collin et Bruno Collin: Histoire de la monnaie, Éditions Trésor du Patrimoine, 2004
  • Roger Croisé, René Link: La législation monétaire au Grand-Duché de Luxembourg de 1815 à nos jours,Edition: Lux-Numis, Luxembourg,1988,639 p.
  • Paul Margue, Marie-Paule Jungblut: Le Luxembourg et sa monnaie, Publié sous l'égide de l'Institut Monétaire luxembourgeois, Esch/Alzette, 1990, 192 Säiten
  • René Link: Les signes monétaires luxembourgeois, Publié par l'Institut monétaire luxembourgeois, 1991

Quelle vum Artikel, wou net anescht uginn:

 Commons: Lëtzebuerger Frang – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ↑ (fr) Arrêté Royal Grand-ducal du 20 Août 1841 concernant la fixation de la valeur du franc en monnaie des Pays-Bas.. data.legilux.public.lu (20.08.1842). Gekuckt den 09.09.2026.
  2. ↑ (fr) Loi du 5 juin 1832 (loi monétaire). unionisme.be (05.06.1832). Gekuckt den 11.10.2026.
  3. ↑ (de) Vertrag vom 8 Februar 1842 über den Anschluß des Großherzogtums Luxemburg an den Deutschen Zoll- und Handels-Verein.. data.legilux.public.lu (08.02.1842). Gekuckt den 09.09.2026.
  4. ↑ (fr) Arrêté Royal Grand-ducal du 16 Mars 1842 portant fixation de la valeur du franc en monnaie de Prusse.. data.legilux.public.lu (16.03.1842). Gekuckt den 09.09.2026.
  5. ↑ (de) Gesetz-Sammlung für die Königlichen Preußischen Staaten. staatsbibliothek.ewigerbund.org (1821). Gekuckt den 29.09.2026.
  6. ↑ (fr) Avis relatif à l‘argent de Prusse. viewer.eluxemburgensia.lu (05.05.1843). Gekuckt den 29.09.2026.
  7. ↑ (fr) Avis concernant la valeur du thaler. viewer.eluxemburgensia.lu (20.01.1844). Gekuckt den 29.09.2026.
  8. ↑ Pies,Luxemburger Wörterbuch, digitalisierte Fassung im Wörterbuchangebot der Universität Luxemburg, Department of Humanities. Opgeruff den 19.09.2026.
  9. ↑ (fr) Loi du 20 décembre 1848 décrétant un autre système monétaire à partir du 1er janvier 1849.. data.legilux.public.lu (20.12.1848). Gekuckt den 09.09.2026.
  10. ↑ (fr) Loi du 26 décembre 1848, N° 22, réduisant en francs les droits de timbre, d’enregistrement, de greffe, d’hypothèques, ainsi que les amendes y relatives, fixés en florins.. data.legilux.public.lu (26.12.1848). Gekuckt den 09.09.2026.
  11. ↑ (fr) Procès-verbaux des séances de la chambre des députés du Grand-duché de Luxembourg Session de 1848.. chl.lu (1851). Gekuckt den 09.09.2026.
  12. ↑ (fr) Compte-rendu des séances de la chambre des députés du Grand-duché de Luxembourg Session législative de 1870-1871.. chd.lu 221 (1871). Gekuckt den 09.09.2026.
  13. ↑ (fr) Avis des autorités financières entendues.. chd.lu 115 (21.02.1876). Gekuckt den 09.10.2026.
  14. ↑ (fr) Loi du 9 janvier 1852, ordonnant la fabrication de monnaies de cuivre pour le Grand-Duché.. data.legilux.public.lu (09.01.1852). Gekuckt den 09.09.2026.
  15. ↑ (fr) Loi du 17 décembre 1853 concernant la démonétisation des monnaies de cuivre étrangères.. data.legilux.public.lu (17.12.1853). Gekuckt den 09.09.2026.
  16. ↑ (fr) Loi du 30 novembre 1852, N° 842, fixant le maximum de monnaie de cuivre à recevoir comme appoint.. data.legilux.public.lu (30.11.1852). Gekuckt den 09.09.2026.
  17. 1 2 (fr) Thomas Kolnberger, Geldpolitik ohne eigene Währung?. orbilu.uni.lu (2023). Gekuckt den 09.09.2026.
  18. ↑ (fr) Arrêté royal grand-ducal du 8 mars 1856 approuvant les statuts de la Banque Internationale de Luxembourg.. data.legilux.public.lu (08.03.1856). Gekuckt den 09.09.2026.
  19. ↑ (de) Deutsches Papiergeld 1800-1945. www.bavarikon.de. Gekuckt den 09.09.2026.
  20. ↑ (fr) BIL. industrie.lu. Gekuckt den 29.09.2026.
  21. ↑ (fr) LA NOUVELLE BANQUE. books.google.lu (1872). Gekuckt den 29.09.2026.
  22. ↑ (fr) Loi du 16 mai 1873, qui autorise la création d’une Banque Nationale à Luxembourg.. data.legilux.public.lu (16.05.1873). Gekuckt den 29.09.2026.
  23. ↑ (de) Luxemburger Wort: Eine finanzielle Katastrophe.. viewer.eluxemburgensia.lu (27.09.1881). Gekuckt den 09.08.2026.
  24. ↑ (fr) Loi du 8 octobre 1881 concernant le remboursement des billets au porteur de la Banque Nationale.. data.legilux.public.lu (08.10.1881). Gekuckt den 29.09.2026.
  25. ↑ (fr) Compte-rendu des séances de la chambre des députés du Grand-duché de Luxembourg Session extraordinaire du 4-5 Octobre 1881.. chd.lu 24-67 (04.10.1881). Gekuckt den 09.08.2026.
  26. ↑ (de) (Nr. 745.) Gesetz, betreffend die Ausprägung von Reichsgoldmünzen. Vom 4. Dezember 1871.. de.wikisource.org (4. Dezember 1871). Gekuckt den 11.10.2026.
  27. ↑ (fr) Arrêté royal grand-ducal du 2 décembre 1876 concernant l'admission des monnaies de l'Empire allemand dans les caisses publiques.. data.legilux.public.lu (02.12.1876). Gekuckt den 29.09.2026.
  28. ↑ Stéckelchen,Luxemburger Wörterbuch, digitalisierte Fassung im Wörterbuchangebot der Universität Luxemburg, Department of Humanities. Opgeruff den 29.09.2026.
  29. ↑ Albert Calmes: Das Geldsystem des Großherzogtums Luxemburg. Säiten 58-63 Duncker & Humblot, Leipzig 1907, ISBN= 9-783428-162-178.
  30. ↑ (fr) Brasserie de Diekirch. industrie.lu (29.07.1889). Gekuckt den 29.09.2026.
  31. ↑ (fr) Frappe de monnaies nationales d’argent.. viewer.eluxemburgensia.lu (05.06.1913). Gekuckt den 02.09.2026.
  32. ↑ (fr) Loi du 3 août 1914, ayant pour objet d'accorder des facilités sous le rapport de la circulation monétaire et du crédit civil et commercial.. data.legilux.public.lu (03.08.1914). Gekuckt den 29.09.2026.
  33. ↑ (fr) Loi du 28 novembre 1914, ayant pour objet d' autoriser 1°l'Etat à émettre des bons de caisse, 2°la Caisse d' épargne à consentir des prêts à court terme sur gage, et 3° de majorer l'émission des billets de la Banque Internationale.. data.legilux.public.lu (28.11.1914). Gekuckt den 29.09.2026.
  34. ↑ (fr) Compte-rendu des séances de la chambre des députés du Grand-duché de Luxembourg Session ordinaire de 1914-1915.. chd.lu 113 (26.11.1914). Gekuckt den 09.08.2026.
  35. ↑ (fr) Arrêté grand-ducal du 3 avril 1917, décrétant certaines mesures pour enrayer la thésaurisation de la monnaie de billon.. data.legilux.public.lu (03.04.1917). Gekuckt den 29.09.2026.
  36. ↑ (fr) Arrêté grand-ducal du 11 décembre 1918, portant défense d'importation en même temps que mise hors cours et échange de la monnaie fiduciaire et de la monnaie d'argent allemandes.. data.legilux.public.lu (11.12.1918). Gekuckt den 29.09.2026.
  37. ↑ (fr) Loi du 3 août 1914, ayant pour objet d'accorder des facilités sous le rapport de la circulation monétaire et du crédit civil et commercial.. data.legilux.public.lu (03.08.1914). Gekuckt den 29.09.2026.
  38. ↑ (fr) Arrêté grand-ducal du 17 août 1915, autorisant le Gouvernement à émettre une seconde émission de bons de caisse.. data.legilux.public.lu (17.08.1915). Gekuckt den 29.09.2026.
  39. ↑ (fr)  Arrêté du 22 mars 1918, concernant une troisième émission de bons de caisse.]. https://viewer.eluxemburgensia.lu/ (22.03.1918). Gekuckt den 29.09.2026.
  40. 1 2 (fr) Arrêté grand-ducal du 11 décembre 1918, portant défense d'importation en même temps que mise hors cours et échange de la monnaie fiduciaire et de la monnaie d'argent allemandes.. data.legilux.public.lu (11.12.1918). Gekuckt den 29.09.2026.
  41. ↑ (fr) Arrêté du 4 Janvier 1919, concernant une quatrième émission de Bons de caisse.. data.legilux.public.lu (04.01.1919). Gekuckt den 29.09.2026.
  42. ↑ (fr) Loi du 19 décembre 1929 ayant pour objet la stabilisation de la monnaie luxembourgeoise. data.legilux.public.lu (19.12.1929). Gekuckt den 11.10.2026.
  43. 1 2 Artikel op der BBC vum 26. November 2001
  44. ↑ Reportage vum 21 Juni 2019 mat engem Link op e Téléreportage vun 2001
  45. ↑ Ried vum Jean-Claude Juncker 19. Juni 2019 zu Sintra
  46. ↑ Reklamm am Lëtzebuerger Land vum 19. Mäerz 1999
  47. ↑ "Meng Al Frangen. d'Lëtzeuerger Land 08.08.2025, S.6.
  48. ↑ "Lëtzebuerger Schäiner am Wäert vu 5 Milliounen Euro am Ëmlaf." rtl.lu, 31.12.2018.
  49. ↑ "Et zirkuléieren ëmmer nach Honnertdausende Lëtzebuerger-Frang-Schäiner." rtl.lu, 28.02.2023.