Op den Inhalt sprangen

Niki de Saint Phalle

Vu Wikipedia
Niki de Saint Phalle
D'Niki de Saint Phalle, 1964, fotograféiert vum Erling Mandelmann
Gebuertsnumm Catherine Marie-Agnès Fal de Saint-Phalle
Gebuer 29. Oktober 1930
Neuilly-sur-Seine
Gestuerwen 21. Mee 2002
La Jolla
Doudesursaach Longenemphysem
Nationalitéit Frankräich, Schwäiz, USA
Aktivitéit Mannequin, Moler, visuelle Kënschtler, Sculpteur, Illustrateur, Bijousdesigner, Konzeptkënschtler, Zeenograph, Filmmécher, Graveur, Bauzeechner, Graphiker, Kënschtler, Filmregisseur
Famill
Bestuet mat Harry Mathews, Jean Tinguely
Kanner Laura Duke Condominas

D'Niki de Saint Phalle, gebuer ënner dem Numm Catherine Marie-Agnès Fal de Saint Phalle den 29. Oktober 1930 zu Neuilly-sur-Seine (Hauts-de-Seine, Frankräich), a gestuerwen den 21. Mee 2002 zu San Diego (Kalifornien, USA), war eng franséisch Kënschtlerin, Plasticienne, Molerin, Sculptrice a Filmregisseurin. Si ass u schläichender Vergëftung duerch toxesch Verdonstunge vum Polyester, dem Material mat deem si haaptsächlech geschafft huet, gestuerwen.

D'Niki de Saint Phalle war um Ufank Schauspillerin a Mannequin fir d'Mouderevue Vogue an Harper's Bazar. Si hat keng artistesch Ausbildung. 1953 huet se no enger Depressioun als Autodidakt mat der Molerei ugefaangen: « je suis devenue artiste car il n'y avait pour moi aucune alternative. C'est la raison pour laquelle je n'ai pas été forcée à prendre une décision, ce fut mon destin ».

1961 gehéiert si zu den Nouveaux réalistes, zesumme mat Leit wéi Gérard Deschamps, César, Mimmo Rotella, Christo an Yves Klein. Si war fir d'éischt mam amerikanesche Schrëftsteller Harry Mathews, duerno mam Schwäizer Kënschtler Jean Tinguely bestuet.

D'Kënschtlerin ass weltwäit bekannt wéinst hire Nanaen ((fr), pl.: Nanas = Fraleit, Mossen, Schécksen). Am Kader vun der Kulturhaaptstad Lëtzebuerg 1995 huet si d'Ausstellung Nanas organiséiert, déi vum 15. Mee bis de 15. Juli 1995 vun der Banque générale de Luxembourg organiséiert gouf. Virun allem wärend an no der Oktav huet dës Ausstellung fir hëtzeg Debatte gesuergt[1], well fir d'Schlusspressessioun, den 21. Mee 1995 d'Statu "Clarice again", déi um Parcours vun der Pressessioun stoung, vun den Autoritéite mat engem Duch zougehaange gi war[2]. Dat ass ee vun de rezentste Fäll vun Zensur zu Lëtzebuerg.

« La grande Tempérance » no der Renovatioun um Piquet (2019).

D'Ausstellung « Nanas » mat hiren 11 Wierker uechtert d'Stad Lëtzebuerg stoung um Ufank vun enger Serie vu grousse Konschtausstellungen am ëffentleche Raum zu Lëtzebuerg[3].

D'Nana « La grande Tempérance » gouf nom Kulturjoer vun der Stad Lëtzebuerg zesumme mat der Banque générale du Luxembourg an der Lëtzebuerger Post fir 15 Millioune Lëtzebuerger Frang opkaaft[4]. Si stoung zanterhier um Aldringer an der Stad Lëtzebuerg, gouf awer 2011 ewechgeholl, wéinst dem Reamenagement vun der Plaz an dem Schantje vum Royal-Hamilius-Gebai. D'Skulptur ass an engem Atelier zu Duisburg fir ronn 60.000 Euro an d'Rei gesat ginn a se gouf de 25. September 2019 - net wäit vun der ursprénglecher Plaz - um Piquet nees opgeriicht[5],[6].

Wéinst den Ëmbauaarbechte vum Postgebai gouf d'Nana de 5. Oktober 2021 um Piquet ewechgeholl an an de Park bei der Villa Vauban geplënnert[7].

Fotoalbum vun hire Wierker

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Niki de Saint Phalle – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Wagner, Guy, 1995. Zu einer Verhüllungsaktion: Luxemburg, europäische Stadt katholischer Zensur. kulturissimo, Tageblatt, 24.5.1995.
  2. Anscheinend well d'Vagina vun der Statu duerch eng Blumm stiliséiert duergestallt ass.
  3. La culture dans la rue ! La Ville de Luxembourg est un acteur incontournable de la politique culturelle du grand-duché. Un entretien avec la responsable politique, l'échevin Colette Flesch. Débat culturel, D'Lëtzebuerger Land, 23 février 2001.
  4. Mettler, Elisabeth, 2005. Was bleibt von „Europäischen Kulturhauptstädten“? Nachhaltige Effekte oder Strohfeuer für ein Jahr. Diplomarbeit zur Erlangung des akademischen Grades einer Magistra der Philosophie an der Geisteswissenschaftlichen Fakultät der Karl-Franzens-Universität Graz (Institut für Volkskunde/Kulturanthropologie).
  5. (de)Projekt Royal Hamilius: Die Nana ist wieder da. wort.lu (26/09/2019). Gekuckt de(n) 26/09/2019.
  6. (fr)« La Grande Tempérance » de Niki de Saint Phalle. vdl.lu (04/10/2019). Gekuckt de(n) 05/10/2019.
  7. (fr)“La Grande Tempérance” dans le parc de la Villa Vauban | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt de(n) 06.10.2021.