Jean Tinguely

Vu Wikipedia
Jean Tinguely
Gebuer 22. Mee 1925
Fribourg
Gestuerwen 30. August 1991
Bern
Nationalitéit Schwäiz
Aktivitéit Sculpteur, Moler, Illustrateur, Graphiker
Famill
Bestuet mat Niki de Saint Phalle

De Jean Tinguely, gebuer den 22. Mee 1925 zu Fribourg a gestuerwen den 30. August 1991 zu Bern, war e Schwäizer Moler a Sculpteur.

Zanter den 1960er Joren huet hien dacks mat der franséischer Sculptrice Niki de Saint Phalle zesummegeschafft, déi en 1971 bestuet huet. Zu de bekanntste Wierker, déi se zesumme gemaach hunn, zielen d'Strawinsky-Sprangburen zu Paräis.

Den Tinguely ass virun allem fir seng kinetesch Konschtwierker bekannt: Duerch de Wand, oder duerch een oder méi Motoren ugedriwwe beweeglech Maschinnen oder Mobileeën, déi aus Schrottdeeler zesummegesat sinn an déi konterbosseg Beweegungen oder Geräischer maachen, awer zu soss näischt "Nëtzlechem" ze gebrauche sinn.

Hie gëtt zum Nouveau Réalisme gezielt (e franséische Konschtstil, dee mam Pop-Art 'Famill' ass; a war e gudder Frënd vum Yves Klein a vum Daniel Spoerri. Och de franséischen Dadaismus huet säi Wierk beaflosst.

Am Museum Tinguely zu Basel ass eng permanet Ausstellung, déi e gudden Iwwerbléck iwwer säi Wierk vermëttelt.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Méta-Mécanique Horizontal II (1954), Privatkollektioun
  • Elément Détaché I (1954), Museum Tinguely
  • Wundermaschine, Méta-Kandinsky I (1956), Museum Tinguely
  • Méta-Matic nr. 17 (1959), Moderna Museet zu Stockholm
  • Hommage à New York (1960) , am Gaart vum Museum of Modern Art zu New York - autodestruktiivt Wierk
  • Le Ballet des Pauvres (1961), Museum Tinguely
  • Study for an End of the World nr. 1 (1961), Louisiana Museum of Modern Art - autodestruktiivt Wierk
  • Study for an End of the World nr. 2 (1962), an der Nevada-Wüst bei Las Vegas - autodestruktiivt Wierk
  • Heureka (1963/64), Zürich Horn Park zu Zürich
  • EOS XK (III) (1965), Billy Rose Art Garden zu Jeruzalem
  • Le Paradis fantastique (1966), Moderna Museet zu Stockholm - an Zesummenaarbecht mat der Niki de Saint-Phalle
  • La Vittoria (1970), op der Piazza Duomo zu Mailand - autodestruktiivt Wierk
  • Chaos Nr. 1 (1974), Civic Mall zu Columbus (Indiana)
  • Fasnachtbrunnen (1977), op der Theaterplatz zu Bazel
  • Le Crocrodome de Zig et Puc (1977/78), Centre Georges Pompidou zu Paräis- zesumme mam Bernhard Luginbühl
  • Plateau Agriculturel (1978), Museum Tinguely
  • Fontaine Stravinski (1982/83), Place Stravinsky nieft dem Centre Georges Pompidou - zesumme mat der Niki de Saint-Phalle
  • Fontaine Jo Siffert (1984), Fribourg
  • Méta-Harmonie IV - Fatamorgana (1985), Museum Tinguely
  • Grosse Meta Maxi-Maxi Utopia (1987), Museum Tinguely
  • Dernière collaboration aves Yves Klein (1988), Museum Tinguely
  • Mengele Totentanz (1986/87), Museum Tinguely
  • Fontaine de Château-Chinon (1988), Château-Chinon - mat der Niki de Saint-Phalle
  • Le Cyclop (1969/91), Milly-la-Forêt
  • Luminator (1991), Museum Tinguely
  • Lifesaverbrunnen (1989/93), Brunnenmeile Duisburg - mat der Niki de Saint-Phalle

Biller[änneren | Quelltext änneren]

(Fotoen aus Länner, an deenen et d'Panoramafräiheet gëtt)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jean Tinguely – Biller, Videoen oder Audiodateien