Robert Elter (Foussballspiller)
Ausgesinn
| Robert Elter | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
20. Abrëll 1899 Lëtzebuerg |
| Gestuerwen |
2. Mee 1991 Lëtzebuerg |
| Alter | 92 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Foussballspiller, Nottär |
| Positioun oder Spezialitéit | Stiermer |
| Veräin/Ekipp |
C.A. Spora Lëtzebuerg, Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp |
| Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1920 |
| Famill | |
| Geschwëster | Albert Elter |
|
| |
De Robert Elter, gebuer den 20. Abrëll 1899 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen den 2. Mee 1991, war e lëtzebuergesche Foussballspiller, deen op der Spora gespillt huet, Olympionik[1] an Nottär[2][3]. Säi méi ale Brudder Albert war och Foussballspiller bei der Spora.
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1920 zu Antwerpen vertrueden.[4]
Tëscht dem 28. August 1920 am 11. November 1924 huet de Robert Elter sechsmol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt an dobäi 5 Goler geschoss.[5]
- De Robert Elter wéi en 1924 e Gol wärend dem Match géint d'Fransousen (B-Ekipp) zu Paräis schéisst.
De 26. November 1947 krut de Robert Elter eng Nominatioun als Nottär zu Clierf.[6] Duerno war hien Nottär zu Esch-Uelzecht[7] an an der Stad Lëtzebuerg bis den 1. Februar 1980 (Datum op deen hien seng Demissioun krut)[8]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]
Portal Sport- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ De Robert Elter op der Websäit vu sports-reference.com Archivéiert de 16.12.2012. Gekuckt den 03.07.2011.
- ↑ (de) ALAIF Die beiden ältesten Mitglieder werden geehrt. viewer.eluxemburgensia.lu Säit 20. Escher Tageblatt (18.04.1988). Gekuckt de 15.08.2026.
- ↑ Georges Als, « Robert Elter », in Le Rotary Club Luxembourg de 1929 à 1994, Luxembourg, Rotary, 1994, p. 107‑108.
- ↑ De Robert Elter op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens' Archivéiert den 09.03.2016. Gekuckt den 03.07.2011.
- ↑ D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Robert Elter op der Websäit vun European Football
- ↑ Den Avis. - Notariat. mat engem Arrêté grand-ducal vum 26.November 1947 publizéiert am Mémorial A n° 54 vun 1947 op der Säit 11 (numeréiert 1003)
- ↑ (de) Stadt Esch. viewer.eluxemburgensia.lu Säit 4. Escher Tageblatt (03.09.1957). Gekuckt de 15.08.2026.
- ↑ (de) Aus dem Memorial. viewer.eluxemburgensia.lu Säit 28. Lujxemburger Wort (29.12.1979). Gekuckt de 15.08.2026.
