FC Schëffleng 95
FC Schëffleng 95 | ||||
![]() | ||||
Offiziellen Numm: | FC Schëffleng 95 | |||
Veräinsfaarwen: | gréng a giel | |||
---|---|---|---|---|
Grënnung: | 21. Abrëll 1995 | |||
Stadion: | Stade Municipal (rue Denis Netgen) Terrain (rue du Parc) | |||
Plazen: | fir 3.100 Spectateuren | |||
President: | Georges Kuhn | |||
|
Den FC Schëffleng 95 ass e Foussballclub zu Schëffleng.
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
Den FC Schëffleng 95 ass den 21. Abrëll 1995 gegrënnt ginn. En huet de rechtleche Statut vun enger a.s.b.l.. Éischte President war de John Heinz. De Veräin ass d'Resultat vun der Fusioun vun de Foussballclibb The National (1912 gegrënnt) an Amis des Sports (1936 gegrënnt). D'Veräinsfaarwe si giel a gréng: déi vun The National ware giel a schwaarz an déi vun den Amis des Sports gréng a wäiss.
Hir éischt Saison huet dem FC Schëffleng 95 seng Härenekippe an der éischter Divisioun gespillt. Um Enn vun der Saison stoung si op der éischter Plaz, wat hir et erlaabt huet, an d'Éierepromotioun ze klammen.
No dräi Joer an der Éierepromotioun ass de Club du fir d'Saison 1999/2000 an d'Nationaldivisioun komm, mä konnt sech awer net do halen. D'Saison drop, 2000/2001, ass en nach weider gefall an huet erëm an der éischter Divisioun gespillt.
An där Divisioun ass d'Härenekippe no enger Saison Champion ginn a si konnt sech zwou weider Saisonen an der Éierepromotioun halen. Zënterhier spillt se an der éischter oder an der zweeter Divisioun.
Bekannt Spiller[änneren | Quelltext änneren]
- De Miralem Pjanić huet seng Carrière 1995 an der Jugendekipp vum FC Schëffleng 95 ugefaangen.
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Portal Sport
- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympioniken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer