RM Hamm Benfica

Vu Wikipedia
RM Hamm Benfica
RM Hamm Benfica
Offiziellen Numm: Football Club Rapid
Mansfeldia Hamm Benfica
Grënnung: 26. Mäerz 2004
als FC RM Hamm
Stadion: Terrain de Football Cents,
Fetschenhaff-Cents
Plazen: 2 800
President: Claude Zimmer
Trainer: René Peters
(zanter Okt. 2013)
Saison: 2022/23
Positioun: 14. Éirepromotioun (II)
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Ersatzuniform

Den FC RM Hamm Benfica (Football Club Rapid Mansfeldia Hamm Benfica) ass e lëtzebuergesche Foussballclub aus der Stad Lëtzebuerg. De Veräi gouf de 26. Mäerz 2004 als FC RM Hamm gegrënnt an ass d'Resultat vun der Fusioun tëscht de Stater Clibb FC Hamm 37 an FC RM 86. D'historesch Wuerzele vum Veräi leien am Oste vun der Stad, de Quartieren Cents, Hamm, Neiduerf an a Clausen.

Nëmmen eng gutt 2 Joer no der Fusioun gouf decidéiert Numm a Logo vum Club z'änneren. Zanter dem 10. Mee 2006 heescht de Veräin offiziell FC RM Hamm Benfica. Domat war een am Gespréich, d'Ännerung huet awer virop dofir gesuergt datt d'Zuel vun de Supporteren aus der portugisescher Communautéit zanterhier staark an d'Luucht gaangen ass.[1]

Den RM Hamm Benfica huet zwéi Championnatsterrainen: de Stade Hans Sowa zu Hamm an den Terrain um Fetschenhaff-Zens.

D'éischt Seniorsekipp vum RMHB huet 2004/05 fir d'éischt Championnat gespillt. No 3 Joer Éierepromotioun ass de Veräi fir 2007/08 fir d'éischt Kéier an der Nationaldivisioun.

Veräiner an der Zäit[änneren | Quelltext änneren]

RM 86[änneren | Quelltext änneren]

Den F.C. Rapid Mansfeldia 86 Luxembourg, kuerz RM 86, ass den 22. Mee 1986 als Fusiounsveräin tëscht de Stater Clibb F.C. Mansfeldia Clausen-Cents an F.C. Rapid Neudorf gegrënnt ginn. Den RM 86 huet um Zens Championnat gespillt an am Neiduerf trainéiert.

D'Hoffnungen datt den neie Veräi spilleresch gestäerkt an d'Championnat géif goen an d'Relève vu Rapid Neiduerf vun aus de fréien 1980er Joren iwwerhuele kéint, sinn direkt an der éischter Saison enttäuscht ginn; 1987 ass d'éischt Ekipp an d'zweet Divisioun gefall. Mä schonn nëmmen e Joer drop ass de Club nees geklommen, an 1990/91 ass fir d'éischt Éierepromotioun gespillt ginn.

Den RM 86 war an der Zäit wou et e gouf zum gréissten Deel an der éischter Divisioun doheem (11 vun 18 Saisonen). Nieft 1987 war Rapid Mansfeldia nach just eng Kéier, dunn awer direkt fir dräi Joer hannereneen (1994 bis 1996) an der zweeter Divisioun. 1991, 2000 an 2002 gouf Éierepromotioun gespillt, all Kéier just fir eng Saison.

A senger leschter Saison, 2003/04, ass den RM 86 am zweete Bezierk vun der éischter Divisioun op d'zweet Plaz komm a wier domat fir de Play-Off qualifizéiert gewiescht. Well dunn awer mat Hamm fusionéiert gouf an déi schonn an der Éierepromotioun gespillt hunn, war kee Play-Off méi néideg.

Mansfeldia Clausen[änneren | Quelltext änneren]

De Foussballclub a Clausen war ee vun deenen éischte Foussballsveräiner am Lëtzebuerger Land a gouf den 22. Mee 1908 als Football Club Clausen gegrënnt. Nëmmen e puer Méint drop, den 9. Dezember 1908, ass den Numm op F.C. Mansfeldia Clausen geännert ginn, eng Referenz un de Péiter Ernest vu Mansfeld. Clausen war ee vun deem Grapp voll Veräiner déi schonn an der éischter Saison vum Lëtzebuerger Championnat 1909/10 mat derbäi waren. No der zweeter Saison 1911 war dunn awer scho Schluss an de Veräin ass nach am selwechte Joer opgeléist ginn. Jore méi spéit, de 6. Mee 1919 ass de Club op en Neits gegrënnt ginn.

Vun 1921-1931 hat Mansfeldia nieft dem Foussball eng eege Sektioun fir Liichtathleetik. D'Athlete waren erfollegräich (40 individuell Championstitelen), mä well den Ënnerhalt an déi néideg Moderniséierung vun den Infrastrukture mat der Zäit ze deier gi wieren, huet d'Liichtathleetik nees musse fale gelooss ginn.

Mansfeldia Clausen huet am Laf vun der Zäit op verschiddenen Terraine gespillt. Nom Zweete Weltkrich[2] krut de Veräin 1948 mam Stade Prince Charles um Weimeschhaff modern Infrastrukture mat Vestiairen, Duschen a Beliichtung. De Stade huet dunn awer ufanks der 1970er Joren den neie Gebaier vun der Privatschoul Sainte-Sophie Plaz misse maachen a gouf ofgerappt. Mansfeldia ass op de Fetschenhaff-Zens geplënnert, wat och Ursaach genuch war de Veräinsnumm op F.C. Mansfeldia Clausen-Cents z'änneren. Deen neien Terrain gouf den 19. August 1973 ageweit an ass och nach no der Fusioun 1986 den Haaptterrain vum RM 86 bliwwen.

An hirer leschter Saison, 1985/86, huet d'éischt Seniorsekipp vu Clausen zweet Divisioun gespillt a koum op eng drëtt Tabelleplaz.

Rapid Neiduerf[änneren | Quelltext änneren]

Rapid Neiduerf

De Football Club Rapid Neudorf gouf 1909 am Neiduerf gegrënnt an huet fir d'éischt 1911/12 Lëtzebuerger Championnat gespillt. Duerno gouf eng Partie Saisonen ausgesat an de Club war eréischt zanter den 1920er Joren erëm am Championnat aktiv. Fir vill Kappzerbrieches huet an den Ufanksjoren d'Sich no enger anstänneger Plaz fir e feste Foussballsterrain gesuergt. Rapid huet emol hei, emol do misse spillen, am Neiduerf, um Zens an och alt um Findel. 1931 huet den deemolege Veräinspresident, de Brasseur Henri Funck d'Saach an d'Hand geholl an en Terrain op Grohans am Neiduerf kaaft. De Stade, deen herno Stade Henri Funck sollt genannt ginn, ass bis zu der Fusioun 1986 den Terrain vu Rapid bliwwen.[3]

Eng éischt erfollegräich Zäit hat d'Neiduerf an de Joren just virum Zweete Weltkrich. 1935, 1936 an 1937 ass Rapid dräimol hannerenee gestigen a koum domat 1938 bis an d'zweethéchster Spillklass (déi haiteg Éierepromotioun). Nom Krich[2] huet d'Neiduerf bis Enn der 1960er Jore zum dacksten Éierepromotioun gespillt. 1965 an 1967 ass de Club -all Kéier just fir eng Saison- an der Nationaldivisioun gewiescht. An de Joren drop ass et dunn awer ellen de Bierg a gaangen, an et huet fir e gudde Strapp an den ënneschten Divisioune gekickt misse ginn. E leschten Hoff mécht d'Neiduerf 1982 mam Champion an der éischter Divisioun an dem Opstig an d'Éierepromotioun. 1983 a 1984 gouf Rapid déi drëtt, an et hätt net vill fir en Avancement an d'Nationaldivisioun gefeelt. 1985 ass et nach fir eng fënneft Plaz duergaangen, ier d'Neiduerf dunn an der leschter Saison 1985/86 lescht an der Éierepromotioun sollt ginn. Deem neie Veräin RM 86 war domat nëmme méi en Neistart vun der éischter Divisioun aus ze vermaachen.

FC Hamm 37[änneren | Quelltext änneren]

De Football Club Hamm 37 ass den 20. November 1937 zu Hamm gegrënnt ginn a gouf de 16. Dezember 1937 Member an der FLF. Deen éischte Foussballsterrain zu Hamm (op den Erzkaulen) ass 1938 ageweit ginn an d'selwecht Joer (Saison 1938/39) ass de Club fir d'éischt Kéier mat enger Ekipp am FLF-Championnat ugetrueden (3. Divisioun).

An der Zäit nom Zweet Weltkrich[2] hat den FC Hamm an de fofzeger Joren eng éischt relativ erfollegräich Period. De Club ass an nëmmen e puer Saisone vun der drëtter Divisioun (1949/50) bis an d'zweethéchst Spillklass gestigen; Avancement an de Saisonen: 1949/50, 1950/51 an 1952/53. Hamm konnt sech bis 1959/60 an der Éierepromotioun halen. D'Joren duerno waren dogéint scho méi batter, bis uganks der 1990er huet d'éischt Ekipp nëmme méi an den ënneschten Divisioune gespillt.

1986 ass en neie Veräinsterrain hanner der Primärschoul zu Hamm geleeën- ageweit ginn. De Stade krut herno zu Éiere vum laangjäregen an 1993 verscheete Clubpresident Hans Sowa, den Numm Stade Hans Sowa.

Den Opstig an d'éischt Divisioun 1991/92 war en Tournant an der Geschicht vum FC Hamm, well schonn nëmmen zwou Saisonen drop, 1993/94, ass d'Ekipp an d'Éierepromotioun geklommen a sollt bis zu der Fusioun mam RM 86 zweetklassesch bleiwen.

2000 war eng Fusioun mat der Aris an CS Hollerech am Gespréich, aus där dunn awer ni eppes ginn ass.[4]

Eng ganz gutt Saison hat Hamm 2001/02. Den FC BHW Hamm 37, de Veräin huet mam Numm vum neien Haaptsponsor, der BHW Bausparkasse AG gespillt, war dem Opstig an d'Natiounaldivisioun op e Spéngelskapp no. Hamm huet et déi Saison och nach bis an d'Halleffinale vun der Coupe de Luxembourg gepackt, de Match ass dunn awer géint de spéidere Coupegewënner F91 Diddeleng verluer ginn.

A senger leschter Saison 2003/04 koum den FC Hamm 37 op eng 4. Plaz am Schlussklassement vun der Éierepromotioun.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Quell: Artikel RM Hamm Benfica, carton de saison am Le Quotidien vum 27. Oktober 2006. Gekroopt op rmhamm.lu (Juni 2007)
  2. 2,0 2,1 2,2 Nimm vun de Veräiner vun 1940-44: Sportverein 09 Neudorf, FK Mansfeldia Klausen an FK Hamm
  3. No 1986 war de Stade Henri Funck just nach als Trainingsterrain am Gebrauch. Den Terrain ass haut (2007) net méi op der Héicht vun den FLF-Normen an dowéinst och net méi als Federatiounsterrain ugemellt.
  4. D'Aris ass 2001 mat Hollerech fir de Fusiounsveräin Alliance 01 Lëtzebuerg zesummegaangen, dee sech du selwer nees 2005 am "grousse" Stater Fusiounsclub RFCU Lëtzebuerg opgeléist huet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

(fr) (de) Offiziell Websäit RM Hamm Benfica