École privée Notre-Dame Sainte-Sophie
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
D'École privée Notre-Dame Sainte-Sophie, meeschtens einfach Sainte-Sophie genannt, ass eng lëtzebuergesch Privatschoul um Weimeschhaff.
Historique vun der Schoul[änneren | Quelltext änneren]
17. bis Mëtt 20. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]
- 1627 hunn d'Schwëstere vun der Congrégation Notre-Dame[1] vu Metz [2] e Klouschter an der Stad Lëtzebuerg opgemaach an eng Primaire-Schoul fir Meedercher gegrënnt. D'Schoul war gratis an d'Schoulmaterial gouf vun de Schwëstere gestëft. Dat deemolegt Klouschter war un déi haiteg Dräifaltegkeetskierch ugebaut.
- 1793, wärend der franséischer Revolutioun, gouf d'Klouschter opgeléist an d'Gebaier ëffentlech versteet.
- 1808 koumen d'Schwësteren zréck op Lëtzebuerg an hunn am September hir Schoul nees opgemaach. E Pensionnat fir Meedercher koum bei d'Schoul dobäi.
- 1810 installéiert d'Kongregatioun sech am fréiere Refuge vun de Benediktiner vu Münster, am Haus Gerden, an der rue de la Trinité (haut rue de la Congrégation).
- Am Laf vum 19. an am Ufank vum 20. Joerhonnert gouf d'Schoul ausgebaut. Bei d'Primaire-Schoul koumen dobäi:
- 1835 eng Schoul fir d'Ausbildung fir Aarbechterinnen (École ouvrière);
- 1845 eng École normale (spéider Cours supérieurs genannt), mat Pensionnat, fir d'Ausbildung vu Léierinnen;
- 1863 eng Oberprimaire-Schoul (École primaire supérieure);
- 1915 eng Secondaire-Schoul (École d'enseignement moyen) fir Meedercher, mat engem Schoulprogramm dee konform war mat deem vun de staatleche Meedercheslycéeën. 1917 hunn déi éischt Meedercher aus der Sainte-Sophie hire Premières-Exame gemaach.
Vum Zweete Weltkrich bis haut[änneren | Quelltext änneren]
- Vun 1941 bis 1944 war d'Schoul zou.
- Am September 1944, no der Liberatioun, hunn d'Primaire- an d'Secondaireschoulen hir Dieren nees opgemaach. Déi aner Course goufen net méi ugebueden.
- 1950 koum de Cours Alix dobäi, mat enger Ausbildung an der Haushaltskunde (enseignement ménager) an dem Commerce (formation commerciale). De Cours Alix huet bis 1965 bestanen.
- 1972 ass d'Sainte-Sophie an dat neit Gebai op de Weimeschhaff geplënnert.
- 1979 gouf d'Mixitéit an der Schoul agefouert.
- 1982 huet d'Schoul eng Konventioun mam Staat ënnerschriwwen op der Basis vum Gesetz vum selwechte Joer (Loi du 31 mai 1982 sur les relations entre l'État et l'enseignement postprimaire privé).
- 1987 gouf den Enseignement secondaire technique an der Schoul agefouert.
- 1998 hunn d'Schwësteren zesumme mat der Schoul-Communautéit de 400. Anniversaire vun der Grënnung vun der Congrégation Notre-Dame gefeiert.
- 1999 bis 2001 gouf d'Schoulgebai um Weimeschhaff eng éischt Kéier ausgebaut: ënner anerem koumen 13 Klassesäll a Spezialsäll dobäi.
- 2005 krut d'Schoul eng Charte scolaire.
- 2007 ass d'École française, mat enger Section élementaire an enger Section maternelle, opgaangen. Dat selwecht Joer hunn d'Schwësteren opgehalen an der Schoul z'enseignéieren.
- 2009 gouf e neie Fligel ageweit, mat 15 Klassesäll fir déi lëtzebuergesch a franséisch Primaire-Schoulen.[3]
Quellen[änneren | Quelltext änneren]
- Édouard Molitor, 1977. 350 Jahre Kongregation Unserer Lieben Frau (Sainte Sophie). Luxemburger Wort 236 (1977), S. 7.
- Paul Margue, 1979. La Congrégation Notre-Dame 1627-1977. Aperçu historique. Écho de Sainte-Sophie (1979), S. 22-30.
- Gilles Sibenaler, 2009. Neuer Gebäudeflügel der "Ecole privée Notre-Dame" (Sainte-Sophie). Luxemburger Wort, 5. Dezember 2009, S. 25.