Miralem Pjanić

Vu Wikipedia
Miralem Pjanić
Gebuer 2. Abrëll 1990
Nationalitéit Bosnien-Herzegowina, Lëtzebuerg, Frankräich
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller
Gréisst 180 Zentimeter
Gewiicht 68 kg
Veräin/Ekipp Juventus Football Club,
FC Metz,
FC Barcelona

De Miralem Pjanić, gebuer den 2. Abrëll 1990 zu Tuzla (deemools SFR Jugoslawien), ass e Foussballspiller aus Bosnien an Herzegowina, deen och déi Lëtzebuerger Nationalitéit huet. Hie spillt zanter 2020 fir den FC Barcelona an zanter 2008 an der bosnescher Nationalmannschaft.

Veräiner[änneren | Quelltext änneren]

De Miralem Pjanić ass mat senger Famill, am Ufank vun den 1990er Joren, wéinst dem Bosniekrich op Lëtzebuerg wunne komm. Hien huet 1995 beim FC Schëffleng 95 an der Jugendekipp ugefaangen, an ass 2003 an déi vum FC Metz spille gaangen. Do huet hien och vun 2007 bis 2008 an der Profi-Ekipp gespillt. 2008 ass hie bei den Olympique Lyon gewiesselt an huet vun 2011 bis 2016 fir d'AS Roma gespillt. 2016 bis 2020 war hie beim Juventus Turin, a fir d'Saison 2020/21 ass hie fir 60 Milliounen Euro bei de Barca gewiesselt. Dësen huet e fir d'Saison 2021-22 fir ee Joer un de Besiktas Istanbul 'verlount'.[1]

Lännermatcher[änneren | Quelltext änneren]

Bei der U17-Europameeschterschaft huet de Pjanić 2006 fir Lëtzebuerg gespillt. Zanter 2007 spillt hie fir déi bosnesch Nationalekipp.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Miralem Pjanić – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "De Miralem Pjanic gëtt fir 1 Joer u Besiktas Istanbul ausgeléint." rtl.lu, 03.09.2021.