FC Käerch
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn. Grond: Format, Orthographie |
FC Käerch | ||||
Veräinsfaarwen: | rout-schwaarz | |||
---|---|---|---|---|
Grënnung: | 1932 als FC Jeunesse Sportive Goeblange | |||
Stadion: | Stadion Déckebierg 24, rue de la Montagne Käerch | |||
Plazen: | ||||
President: | Charel Leesch Luc Simon | |||
Sekretär: | Eric Schmitz Tim Epstein | |||
Trainer: | Marco Achten Daniel Sachsen | |||
Liga: | 1. Divisioun (1.Bezierk) | |||
Websäit: | https://www.fckaerch.lu | |||
|
Den FC Koerich ass e lokale Foussballveräi vu Käerch. De Veräi gouf am Joer 1932 gegrënnt. Wéi vill anerer kleng Veräiner am Land, spillt de FC Koerich eng wichteg Roll an der lokaler Gemeinschaft, besonnesch wat den Amateursport ugeet.
Zousätzlech zu hirem Engagement am Foussball, spillt de Veräin eng wichteg Roll an der Gemeinschaft. De Veräin organiséiert awer net nëmme Fussballmatcher; en ass och bekannt dofir, d'Duerfgemeinschaft duerch säi sportlechen Engagement an Aktivitéiten zesummenzebréngen.
De Slogan "Déckebierg huel se![1]" ass e wichtege Bestanddeel vun der Identitéit vum Veräin an ënnersträicht d'Leidenschaft an den Enthusiasmus vun de Supporter. Déi Energie-geluede Parolen ass e Ruff, dee Spiller a Fans motivéiert, hir Bescht um Terrain ze ginn an hire Géigner mat Stolz an Engagement unzegoen.
Geschicht vum Veräin
[änneren | Quelltext änneren]Éischt Unzeeche vu Fussball
[änneren | Quelltext änneren]Zu Giewel sinn et etlech jong Borschten, déi Spaass um Futtball fonnt hunn, e Sport deen zu Lëtzebuerg zanter dem Joer 1908 (Grënnung vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun) esou richteg populär ass. Wat ass dat Wichtegst fir ze spillen, natierlech e Ball. Geld gëtt zesummegeluecht, den Här Brücher stellt eng Wiss zur Verfügung, laanscht d' Strooss vu Käerch op Giewel, op der Plaz genannt "Bei der Rettchen". An der Zäit vun dräi Woche ware genuch Jongen zesumme getrommelt gi fir direkt zwou Equippen. Déi Gieweler hunn hiren Houfert iwwerwonnen an och Käercher Jonge mat bäigeholl, et soll ee wëssen déi Zäit war eng kleng Rivalitéit ënnert deenen zwee Nopeschdierfer.
Ouschterméindeg, den 28. Mäerz 1932 war den éischten Optrëtt op der grousser Futtballbühn. De F.C. Jeunesse Sportive Goeblange empfänkt doheem déi Éischt an déi Zweet Equipe vu Keespelt. Giewel II gewënnt 2:1 a Giewel I klappt Keespelt 2:0.
E Joer méi spéit sinn déi éischte Schwieregkeeten opgetratt, de Veräi war net méi "Bei der Rettchen" wëllkomm an den Terrain gëtt op de Wee vu Giewel op d'Simmerschmelz verluecht. En Terrain deen op enger schlechter Plaz war. Um Wandhaff huet de Kesselesch Metti (Mathias Kesseler) Erbaarmen mat de Jongen a stellt hinnen d'Wiss un der Arlerstross gratis zur Verfügung. Aus dem "Bongert" genannt "op dem Galgen" gëtt ee Futtballterrain, een Terrain op deem 41 Joer laang de Käercher Futtball doheem ass.
1934/35: Éischten offizielle Match
[änneren | Quelltext änneren]De Veräi gëtt offiziell an d' F.L.F. opgeholl.
De F.C. Jeunesse Sportive Giewel ass vun dëser Saison u Member vun der grousser Lëtzebuerger Futtballfamill a spillt de 26. August 1934 säin éischten offizielle Match am Lëtzebuerger Championnat, d'Heemrees vu Stroossen op Giewel war kuerz awer d'Gesiichter vun de Spiller laang, si hunn zu Stroossen 6:2 verluer. Um Wandhaff stoung den éischten Heemmatch 14 Deeg méi spéit, den 9. September 1934, um Programm an d'Millebach gëtt 2:1 geklappt. Erëm 14 Deeg méi spéit zweete Victoire fir d'Jongen, déi Lampertsbierger verléieren um Wandhaff 3:1. Et sollt an dëser Saison och bei zwou Victoirë bleiwen.
En Aperçu vun de Resultater vun dëser alleréischter Spillsaison:
- Stroossen- Giewel 6:2
- Bartreng-Giewel 5:0
- Millebaach-Giewel 8:1
- Neiduerf-Giewel 6:1
- Lampertsbierg-Giewel 4:0
- Koplescht-Giewel 3:2
- Giewel-Stroossen 2:3
- Giewel-Bartreng 3:4
- Giewel-Millebaach 2:1
- Giewel-Neiduerf 0:7
- Giewel-Lampertsbierg 3:1
- Giewel-Koplescht 3:5
All Ufank ass schwéier, Giewel klasséiert sech um Enn op der 7. a leschter Plaz.
1935/1936 bis 1940/1941
[änneren | Quelltext änneren]Et goung mat vollem Courage an déi zweete Saison 1935/1936 eran an esou gewënnt Giewel den éischte Match um Wandhaff 4:0 géint Stroossen, zwou aner Victoiren si géint Äischen (2:1) a géint Habscht (5:0) gefeiert ginn, déi zwéi Matcher géint Zolwer si mat engem Gläichspill ausgaangen (1:1, 2:2). Giewel klasséiert sech um Enn als 7/9 viru Schuller an Habscht. Den 13. Abrëll 1936 war d'Reservenequipe vun der Red Boys Déifferdang um Wandhaff op Besuch an si 7:0 dominéiert ginn.
D'Resultater ginn ëmmer besser an esou ass Giewel no der Saison 1936/1937 op der Plaz 5/8 erëm ze fannen. An dëser Saison gëtt et en Novum, de F.C. Jeunesse Sportive Giewel huet eng Reservenequipe op d'Bee bruecht.
1937/1938 huelen nees zwou Giewelerequippen um Championnat deel. Den 22. August 1937 spillt Giewel säin éischte Match an der Coupe de Luxembourg a verléiert 4:0 am Neiduerf.
Déi zwou nächste Saisoen 1938/1939 an 1939/1940 plëtscheren ouni grouss Opreegung dohin, 1939/1940 fënnt Giewel sech um Enn vun dem Championnat op der leschter Plaz erëm, zu dëser Zäit hunn d'Leit aner Suergen, den zweete Weltkrich stoung virun der Dir an d'Saison 1940/1941 war ouni Bedeitung.
1945/1946 bis 1949/1950: Aweiung vum Fändel
[änneren | Quelltext änneren]Aus dem F.C. Jeunesse Sportive Giewel ass 1945/1946 de F.C. Jeunesse Käerch ginn an d'Futtballferventen hunn sech gefreet erëm hir Sonndeger op den Terrain ze verbréngen, dëst no de schreckleche Krichsjoren. Déi Käercher droe vun dëser Saison u rout-schwaarz Trikoten, déi blo-giel sinn nach just Souveniren.
Um Enn vun der Saison 1946/1947 verloossen déi Käercher déi leschten Divisioun a klammen an déi 2. Divisioun op, nodeems Käerch an de Barragematcher Knapphouschent, Schieren, Greiweldeng a Luerenzweiler geklappt huet, a just géint Useldeng (1:2) verluer huet. Fir d'éischt an der Geschicht vum Veräin ass eng Juniorenequipe ugemellt ginn, hiren éischte Match zu Clausen geet mat 9:0 verluer an d'Saison geet och op en Enn ouni Punkt fir de Käercher Nowuess.
Dat éischte Joer an der 2. Divisioun spillt sech 1947/1948 ouni Problemer of. Déi 7/10 Plaz ass e gutt Resultat. An der Coupe du Sud, fir d'éischt organiséiert vun der F.L.F. verléiert Monnerech um Wandhaff 2:1, d'U.S. Esch war awer dann ze staark a klappt Käerch 7:1.
1948/1949 geet de Wee zréck an déi 3. Divisioun an do war eng langweileg Saison ugesot, just siwen Equippe waren an der 3. Divisioun 4. Bezierk agedroen, Käerch klasséiert sech als 4. Gefeiert gouf awer well ee Fändel ageweit ginn ass.
1950/1951 bis 1959/1960
[änneren | Quelltext änneren]D'50er Jore gi mat gëllene Buschtawen an d'Geschicht vum Käercher Futtball agedroen. Et ass 1950/1951 gemächlech lass gaange mat enger 4. Plaz a 16 Punkte Réckstand op Uewerkäerjeng déi ouni Punkteverloscht an 2. Divisioun klammen.
1951/1952 ass d'Rei dann un de Käercher Borschten, nëmme Weimeschkierch kann hinnen den Aarm béien an dat zimmlech kräfteg, Käerch verléiert doheem 1:8 an auswäerts 1:6 géint d'Spiller aus dem Faubourg, déi dann och Bezierksmeeschter gi mat 6 Punkten Avance op déi "Wandhaffer". En drëtte Match war 1:2 zu Gaasperech verluer gaangen. Eng vun den héichste Victoirë feiert Käerch dat Joer géint Kielen (15:0).
Als Opsteiger klasséiert sech Käerch 1952/1953 op der 4. Plaz mat nëmme 4 Punkte Réckstand op de Leader Suessem. D'Chance fir ganz vir ze si gouf déi dräi lescht Matcher verspillt mat 3 Defaiten: zu Stengefort 0:2, um Wandhaff géint Monnerech 3:4 an eng blamabel Defaite de leschte Match zu Hoen, bei der Lanterne rouge 2:6. Mat 82 geschossenen Goler an 22 Matcher hat Käerch déi beschten Attaque aus der 2. Divisioun. Ouschtere koum et um Wandhaff zum éischten internationalem Match an der Geschicht vum Veräin, Etterbeek (Belsch) gewënnt 2:1 géint d'Lokalequipe.
1953 ass d'Veräinskeess staark strapazéiert ginn, Drainageaarbechten sinn um Terrain gemaach ginn, Duschen a Vestiairë gebaut ginn, jiddereen huet Hand do mat u gepackt. Um Terrain ass eng Beleuchtung opgeriicht ginn, dës huet aus engem en zeche Maste bestan a war eng wonnerbar Saach fir d'Trainingen och bei Nuecht ofzehalen an dat huet Friichte bruecht. Am Championnat 1953/1954 klasséiert Käerch sech op der 4. Plaz, schreift awer an dëser Saison eng vun de schéinste Kapitelen an der Veräinsgeschicht. D'F.L.F organiséiert eng Coupe nëmme fir d'Veräiner vun deenen dräi ënneschten Divisiounen. De 14. Februar 1954 spillen an der Finale zu Mamer Käerch géint Weimeschkierch. Dës Käercher Equipe gewënnt mat 2:0. An der selwechter Saison ass de Vainqueur vun der "Coupe du Sud" och Käerch no enger Victoire mat 2:1 géint Uewerkäerjeng.
D'Saison 1954/1955 ass roueg verlaf, ze bemierke bleift dat no Joren Abstinenz erëm eng Junior-Equipe um Dill war.
Déi nächste Saison 1955/1956 leeft nach alles no Wonsch, d'Supportere si frou iwwert eng Plaz an der Mëtt vun der Tabell.
1956/1957 geet et biergof. Käerch klasséiert sech op der zweetleschter Plaz, do hëllefen och déi 56 an 22. Matcher geschossen Goler näischt, fënnef Gläichspiller a fënnef Victoirë ginn net duer fir an der 2. Divisioun ze bleiwen.
Vun 1957/1958 bis 1959/1960 schléit Käerch sech méi gutt wéi recht an der 3. a leschter Divisioun erëm. Et fält op datt d'Stiermer déi Joren mat 94, 76 an 61 geschossenen Goler hire Mann stellen, defensiv leeft et net esou gutt.
1960/1961 bis 1969/1970
[änneren | Quelltext änneren]De Käercher Futtball duerchliewe schwéier Zäiten a bis un d'Enn vun der Saison 1962/1963 gouf weider an der leschter (3. Divisioun) gewurschtelt.
Dunn hat d'F.L.F. 1963/1964 Erbaarmen an et ass eng 4. Divisioun agefouert ginn. Käerch ass no dräi Victoiren a Barragespiller géint Zowaasch, Kielen a Feelen an der 3. Divisioun bliwwen.
Houfreg ass de Veräin déi nei Saison 1964/1965 ugaangen, awer de Wee ass ganz séier erëm no ënnen a 4. Divisioun gaangen , een Trouscht bleift am leschte Match vun dëser Saison, Käerch war laang net méi ze retten a spillt de leschte Match trotzdeem 1:1 géint Zowaasch déi dunn net opgestigen sinn.
D'éischt Equipe hat an deenen nächste Joren net vill opzeweisen. En Novum ass et 1965/1966 gi mat der éischter Participatioun um Championnat vun enger Scolaires-Equipe, déi 10 bis 14-järeg spillen hiren éischte Match de 4. September 1965 zu Nidderkäerjeng a gewannen 3:1.
1966/1967 gëtt den Opstig knapp verpasst, an de Barragematcher huet Iischpelt 3:1 géint Käerch verluer, dunn awer am decisiven Match géint Mutfert, um Terrain vun der Millebaach, verléieren déi Käercher 0:3.
Déi nächste Saison 1967/1968 plëtschert esou dohin, do fält awer op dat den Abseitssystem vun der zweeter Equipe, ënnert der Leedung vum Nic. Schaaf a Josy Schmit, net funktionéiert huet, 130 Mol huet de Käercher Goalkeeper hannert sech gegraff.
1968/1969 ass Verstäerkung komm mam Norbert Bertemes vun Hëpperdang an dem Jempi Goedert aus Clausen. Fir e Liichtbléck suergt d'Junioren-Equipe. An der "Coupe du Prince" hunn d'Junioren Izeg, Hesper, Kéinzig a Péiteng eliminéiert, da war Schluss géint Union Lëtzebuerg, Nico Braun a Kollegen waren ze dominant a gewannen 11:0. Ënner aneren hunn dës Junioren eng formidabel Saison gespillt. Den Henri Berscheid, Raymond Greisch a Marcel Thill sinn an de Cadet-Nationalkader beruff ginn.
1969/1970 war d'Saison vu grousser Freed a groussem Leed. Den Trainer Roger Barthel, dee säit 1967/1968 zu Käerch ass, huet gewosst d'Equipe ze motivéieren an d'Saison ass ofgeschloss gi mat der éischter Plaz an enger Goldifferenz vun 102:20, déi beschte vun allen Divisiounen an deem Joer. De Veräin huet am Dezember 1969 de Doud vum Romain Stemper ze bekloen, de fréiere Spora-Spiller ass nom Match zu Näerzeng duerch en tragescht Autosaccident ëm d'Liewe komm.
1970/71 bis 1979/1980
[änneren | Quelltext änneren]1970/1971 mécht Käerch eng onopfälleg Saison (6. Plaz). E Konschtstéck huet den Aly Thill fäerdeg bruecht, mat 16 Joer schéisst hien am Spill géint Mäertert (8:1) véier Goler. En Desaster erlieft d'Scolaires-Equipe mat enger rekordverdächteger Bilanz: Aus siechzéng Matcher ee Punkt an eng Goldifferenz vun 1:122.
Den Trainer Fränz Krippler féiert 1971/1972 déi Käercher an d'Zweet Divisioun a mam Opstig ass och nach den Divisiounsmeeschter gefeiert ginn. Zu Äischen gewënnt Käerch 3:1 géint Réiden/Attert mat dëser Equipe: Harald Jost, Rol Mamer (Marc Agosta), Fr. Krippler, Carlo Weibel, Josy Nothum, Jean Altzinger, Armand François, Marcel Thill, Jeannot Cornelius, Aloyse Thill, Raymond Greisch.
1972/1973 mécht de Raymond Clemen den Transfert vun der Union Lëtzebuerg op Käerch, hien hat nach dat Joer virdrun de Gol fir d'Union an der Coupe d'Europe geschoss am Match zu Valencia, d'Union huet 3:1 verluer, an elo soll hien zu Käerch Goler schéissen. Eng 4. Plaz am Schlussklassement ass méi wéi honorabel. 1972 feiert Käerch säi 40. Anniversaire ënnert dem Virsetz vum Ernest Altzinger, President vum Organisatiounskomitee.
1973/1974 geet de Championnat mat enger 6. Plaz an der 2. Divisioun op en Enn, den Héichpunkt vun der Saison war de Match um Wandhaff am Bulli géint Stade Diddeleng aus der Nationaldivisioun an der 4. Ronn vun der Coupe Luxembourg. D'Equipe gouf trainéiert vum Nic. Schwinninger an den Turm an der Schluecht war de Raym.Scheuer, allen zwéi vun Téiteng. De Golkeeper Harald Jost huet mussen a leschter Minutt ofsoen an de Jean Altzinger ass agesprongen, hien huet säit véier Joer net méi am Gol gespillt wéinst enger Ielebouverletzung. Déi Diddelenger setzen sech um Enn mat 3:2 duerch. Den 12. Juni 1974 ass am Café "Chez Nous" zu Käerch Grënnungsversammlung vum éischte Supporterclub, éischte President ass de Jean Schortgen.
Den Zoustand um Wandhaff vum Terrain ass 1974/1975 net méi ze erdroen, ëmmer erëm gi Matcher ofgesot, Trainingskonditioune sinn onméiglech, dacks ass op engem Tipp vu Ponts et Chaussées trainéiert ginn an awer huet den Trainer Jean-Marie Nurenberg d'Equipe op déi drëtte Plaz gefouert, dräi Punkten hu gefeelt fir opzesteigen.
Vun der Saison 1975/1976 un ass den Terrain um Wandhaff Vergaangenheet. De 17. August 1975 ass "um Déckebierg" d'Aweiung vum neien Terrain a Presenz vum Inneminister Jos. Wohlfahrt an dem Sportskommissär Camille Polfer. An engem Galamatch gi Käerch an de Lëtzebuerger Champion Jeunesse Esch mat engem 2:2 ausenaner. Et gouf eng memorabel Saison 1975/1976, Käerch klëmmt vir d'éischt an hirer Geschicht an déi 1. Divisioun op, als Zweet hannert der US Esch. Dës Spiller ënnert dem Trainer Jean-Marie Nurenberg hunn dat Meeschterstéck fäerdeg bruecht: Fränz Berckes, Raymond Clemen, Jeannot Cornelius, Armand François, Pierre Heinisch, Roland Mamer, Jean-Marie Nurenberg, Jean-Marie Philippart, Aly Thill, Marcel Thill, Carlo Weibel, Claude Wolter.
Eng Saison méi spéit war d'Zil net ofzesteigen, dëst Zil guff Realitéit mat enger 8/12 Plaz. 1977/1978 ersetzt de fréiere Red Black Spiller Jos Dumont de Jean-Marie Nurenberg als Trainer. Um "Déckebierg" war wuel en neien Terrain awer villes war net an der Rei, den Drainage an esou weider, esou datt Käerch seng Heemmatcher zu Habscht ausgedroen huet an awer ass eng 9/12 Plaz erausgesprongen. An der Coupe de Luxembourg war Schluss géint den Nationaldivisiouns-Veräi Chiers Rodange, bis 7. Minutte viru Schluss féiert Käerch 1:0 fir dann 1:2 ze verléieren. D'Cadetsequipe feiert dës Saison de Bezierksmeescher.
1978/1979 klasséiert Käerch sech als 3. an der 1. Divisioun, déi beschten je erreechte Plaz an der Geschicht vum Club. Déi Saison gouf d'Equipe verstäerkt duerch de Roger Noesen vu Simmer an dem Carlo Portzenem engem Nowuesstalent. D'Juniore feieren de Bezierksmeeschter ouni a véierzéng Matcher e Punkt ofzegi mat enger Goldifferenz vu 60:9. An der Coupe de Luxembourg war d'Red Boys vun Déifferdang op Besuch an hunn 8:3 gewonnen.
Den Aly Thill mécht 1979/1980 den Transfert bei den Avenir Beggen an zu Käerch ass de René Noerdinger neien Trainer. Hien fiert dacks mat de Jongen an d'Belsch op Trainingsmatcher, eng 5. Plaz ass e gutt Resultat um Enn vum Championnat, d'Scolaires-Equipe huet de Championnat net un d'Enn gespillt.
1980/1981 bis 1989/1990
[änneren | Quelltext änneren]De Francis Mees vu Kielen an den Norbert Fischels vu Miersch wiesselen op Käerch an de Championnat 1980/1981 gëtt mat groussem Optimismus ugefaangen. No engen etlech verluerene Matcher huet de Comité decidéiert den Trainer René Noerdinger ze entloossen an dat just nom 6:1 gewonne Match zu Klierf an der Coupe de Luxembourg. De Jean-Marie Nurenberg spréngt als Trainer an. Déi spéider Opsteiger Iechternach a Veianen ginn auswäerts geklappt an da ginn déi sechs leschte Matcher verluer, äddi 1. Divisioun.
En neien Ufank ass fir d'Saison 1981/1982 virgesinn. De Carlo Portzenem an de Jeannot Cornelius verloossen de Veräin, jonk Spiller sollen agebaut ginn. De Fernand Camporese vun der Diddelenger Stade gëtt neien Trainer. No zwéi Méint a ganz schlechte Resultater ass seng Zäit zu Käerch eriwwer. De Spiller Francis Mees an de Jang Altzinger sprangen an, d'Réckronn verléiert Käerch kee Match, awer fir de Opstig ass et ze spéit, eng 4. Plaz steet am Schlussklassement. De Marcel Thill ass den neie President, hie leet vill Wäert op d'Jugendaarbecht.
En erfuerene Spiller de Roland Kalté ass vun der Saison 1982/1983 u Spillertrainer. Eng zu 100% ausgeglache Saison geléngt dem fréieren Aris-Spiller, 6/12 Plaz, 22 Punkte vu 44 an eng Goldifferenz vu 35:35. An der Coupe de Luxembourg gëtt Weimeschkierch, Nidderkäerjeng a Millebaach eliminéiert, Schluss ass géint Avenir Beggen (0:2). Den 8. August 1982 feiert de Veräi säi 50. Anniversaire. President vum Organisatiounskomitee war de Constant Risch. Den Trapistenpater Karel Scharding, ee vun der Grënner vum Veräin, war houfreg e Gottesdéngscht fir déi lieweg a verstuerwe Memberen ze halen.
D'Saison 1983/1984 ass e Spigelbild vun der Saison virdrun awer mat enger 4. Plaz an nees 22 Punkten an enger ausgeglachener Goldifferenz 38:38. An der Coupe de Luxembourg gi véier Equippen erausgeworf: Walfer, Red Black, Gasperech, Baërdref, dann ass den Noper Habscht ze staark a gewënnt 3:0.
Déi Kaërcher Stiermer weisen sech 1984/1985 vun hirer beschter Säit mat 51 Goler aus 22 Matcher, de fënnefte beschte Stuerm an der 2. Divisioun 2. Bezierk an awer klasséiert de Veräin sech 5. mat 9 Punkte Retard op de Leader Hollerech, an der Coupe de Luxembourg ass et Schluss nom éischte Match, eng 3:0 Defaite zu Éilereng no Verlängerung.
D'Saison 1985/1986 ass eng dramatesch wat den Ofstig ubelaangt. De Jean-Marie Jung huet de Veräin op Péiteng verlooss an dem Trainer Jean-Paul Martin seng Jongen hunn den Dadder bis zum Schluss. Dräi Equippe sinn erof geklommen: Schuller, Koplescht a Käl, déi Käler haten 19 Punkte genau wéi Käerch awer eng Goldifferenz vu Minus 15 a Käerch Minus 12. Käerch huet fir d'éischt eng Minimes-Equipe op d'Bee bruecht.
Wat d'Saison virdru Käerch gerett huet, gouf hinnen an der Saison 1986/1987 zum Verhängnis, als Zweetleschte mat 14 Punkte geet de Wee an 3. Divisioun, de Racing Rodange mat derselwechter Punktzuel bleift an der 2. Divisioun wéint der besserer Goldifferenz.
An der drëtter Divisioun ass Käerch elo laang Joren doheem. 1987/1988 spréngt eng 8. Plaz ënner 12. Veräiner eraus.
Déi Saison duerno 1988/1989 ass eng liicht Besserung ze gesinn, hannert dem Racing Rodange a Weiler fanne mir de Veräin op der drëtter Plaz mat dräi Punkte Retard op déi zwee Opsteiger, dës Saison spillt Käerch mat fënnef Equippen: éischt Equipe, Zweet Equipe, Junioren, Scolaires a Minimes
1989/1990 steet Käerch um Enn op der 6. Plaz mat 14. Punkte Retard op de Leader A.S. Schëffleng déi mat Uespelt opsteigen. An der Coupe de Luxembourg ass A.S. Lëtzebuerg mat 3:1 geklappt ginn an dunn ass zu Esch de Match géint U.S. Esch 0:1 verluer ginn.
1990/1991 bis 1999/2000
[änneren | Quelltext änneren]D'Saison vun de Gläichspiller war 1990/1991. Am ganze Championnat verléiert Käerch just 4 Matcher, spillt awer siwe Mol gläich, dat geet duer fir eng véierte Plaz, d'Jonge schnupperen d'Loft vun der 2. Divisioun.
Déi Saison drop ass et Realitéit. 1991/1992 ënnert dem Spiller-Trainer Carlo Portzenem klëmmt Käerch an 2. Divisioun op als Bezierksmeeschter virun der Millebaach déi méi eng schlecht Goldifferenz hunn. De Käercher Kader war: Alain Agosta, Luis Bernardo, Dos Santos, Germain Filbig, Jos Loran, Aly Mangen, Guy Mangen, Guy Oster, Fränz Mees, Sylvain Ries, Luc Roj, Steve Roj, Alain Schmit, Marco Weydert. An der Coupe de Luxembourg geet de Wee bis a 16-tel Final, do war Schluss géint de Vize-Champion Jeunesse Esch. Viru 650 Zuschauer gewannen déi Escher den 29. Februar 1992 um "Déckebierg" 6:0 (5:0).
Déi Käercher schloen sech 1992/1993 gutt an der 2. Divisioun, am Schlussklassement figuréieren si op der 4. Plaz mat enger positiver Goldifferenz vu fënnef Goler. Am Laf vun der Saison gëtt de Carlo Portzenem vum Jean Kerger als Trainer ofgeléist
An der Saison 1993/1994 spillt Käerch an dem 1. Bezierk vun der 2. Divisioun a mécht esou Bekanntschaft mat villen neie Géigner aus dem Norden. Käerch klasséiert sech als 6. mat 22 Punkten aus 11 Matcher.
Käerch schéisst am Championnat 1994/1995 ee Gol méi wéi den Opsteiger Téiteng an dach ass et eléischt am zweetleschte Match sécher datt de Veräin, mam Trainer Alain Palgen,an der 2. Divisioun bleift dëst no engem 2:2 zu Éilereng. An der Coupe de Luxembourg ass Schluss an der Aachtelsfinall, Käerch ass déi en zech nach qualifizéiert Equipe aus der 2. Divisioun a verléiert 0:3 géint d'Aris vu Bouneweg aus der Nationaldivisioun. Bous, Näerzeng, Äischen, Lamadelaine a Miersch goufe vun de Käercher eliminéiert .
De 16. Mee 1996 gewënnt Käerch mat 3:0 zu Grevels an den Opstig an d'éischt Divisioun ass perfekt. Eng formidabel Bilanz huet den Trainer Alain Palgen mat senge Jongen 1995/1996 opzeweisen: Vun 22 Matcher ass een en zeche verluer gaangen, bei dräi Gläichspiller an enger Goldifferenz vu 67:16. Den Trainer konnt op dës Jongen zielen: Alain Agosta, Luis Bernardo, Charly Bourquel, Paul Chambers, Rui Claro, Raymond Delpechin, Yves-Laurent Dockendorff, Carlo Fiedler, Claude Fonck, Paolo Martinuzzi, Luc Roj, Steve Roj. An der Coupe de Luxembpurg ass et net esou gutt gelaf, no enger 2:0 Victoire zu Käl huet A.S. Déifferdang 6:1 zu Käerch gewonnen.
Déi Käercher maachen eng gutt Saison 1996/1997 an der 1. Divisioun, si ginn 8/14 an hunn d'ganz Saison kee Gedanken un den Ofstig. An der Coupe de Luxembourg ass direkt Schluss no enger 2:7 Defaite zu Käerch géint d'Etzella Ettelbréck.
1997/1998 ass UN Käerjeng éischt an der 1. Divisioun 2. Bezierk, Käerch ass 10/14 , aus der Junioren-Equipe packe véier Spiller spéider de Sprong an d'éischt Equipe: de Carlos Barreira, de Philipp Crowther, de Pit Hornick an de Michel Schon.
1998/1999 dominéiert Dikrech an der 1. Divisioun 1. Bezierk, Käerch klasséiert sech 9/14. De 7. Mäerz 1999 war d'Zweet Equipe vu Wolz 71 zu Käerch op Besuch, déi Wolzer verléiere 7:0 a spillen de Match mat 7 Mann op en Enn, véier vun de Leit aus dem Norden hu missen éischter an d'Vestiairen.
Déi 1. Divisioun ass Geschicht. No 17 Defaiten aus 26 Matcher ass Schluss an der 1. Divisioun, Käerch fält an déi 2. Divisioun. Zu Lëntge geet de leschte Match vun der Saison 1999/2000 mat 5:3 verluer, de Steve Roj schéisst den 3:3 a schéisst esou de leschte Gol fir Käerch an der 1. Divisioun.
2000/2001 bis 2009/2010
[änneren | Quelltext änneren]Den Emmanuel Marchal ersetzt vun der Saison 2000/2001 un de Gilbert Schmit um Trainerposten. Déi zwéin éischt Matcher zu Klierf (4:1) an doheem géint Housen (0:5) gi verluer an da koum eng laang Serie vu positive Resultater, um Enn steet Käerch op der 4. Plaz. An der Coupe de Luxembourg ass direkt Schluss op der Zowaasch (3:2 verluer).
D'Saison 2001/2002 ass flott ugaangen, Käerch klappt d'Zowaasch 4:0. Déi héichste Victoire feiert dem Emmanuel Marchal seng Equipe doheem géint Käl 10:1 an déi déckste bei d'Bake gouf et op der Zowaasch mat 9:2. Vill gëtt fir déi Jonk gemaach mat enger Cadet-(zesumme mat Simmer), Poussins-, Minimes zu 7- a Pupillesequipe. An der Coupe de Luxembourg bleift et bei engem Optrëtt, zu Luerenzweiler verléieren déi Käercher 3:0.
Eng néngte Plaz bei véierzéng Equippen an der 2. Divisioun gesäit gutt aus an dach hunn si 2002/2003 zu Käerch geziddert fir net erauszefalen. Dem Emmanuel Marchal seng Equipe huet just ee Punkt Avance op den zweetleschte Bartreng déi mat Éilereng erausfalen. An der Coupe de Luxembourg eliminéiert Käerch dräi Equippen: Bartreng, d'Fiels, Fola Esch, Schluss ass zu Habscht (1:5). Fola Esch ass dat Joer aus der 1. Divisioun an d'Éierepromotioun opgestigen
Déi leschte Saison esou just an der 2. Divisioun dra bliwwen, klammen déi Käercher esou just 2003/2004 net an d'éischt Divisioun op. Den Trainer Tun Darrosa steet um Enn mat senger Equipe op der 3. Plaz, eng Barrageplaz. No engem 3:3 géint Béiwen/Atert, geet den decisive Match géint Izeg 2:4 verluer. Aus ass de Dram. An der Coupe de Luxembourg ass nom éischte Match géint Bissen ausgedreemt
D'lescht Saison top, d'Saison 2004/2005 flopp. De Wee geet zréck an 3. Divisioun. Et feelen um Enn dräi Punkten op den drëttleschte Bartreng. Nëmmen zwéin auswäerts gewonne Matcher (6:3 zu Bartreng a 4:1 zu Steesel) soe vill vun der Schwächt vun der Equipe aus. E ganz klengen Trouscht ass d'Victoire an der Coupe de Luxembourg géint Hengescht/Eschduerf 1:0, dann ass et eriwwer géint d'U.S. Esch (3:5).
Merci der F.L.F., duerch eng nei Divisiounsandeelung klëmmt Käerch 2005/2006, nom erofklammen an der Virsaison, direkt erëm an 2. Divisioun op an dat als Fënneft klasséiert mat zwee Punkten Avance op de Sechsten d'Residence Walfer. Den Herman Vosman war déi Saison den Trainer.
Vun der Saison 2006/2007 un trainéiert de Marco Achten déi 1. Equipe. D'Stiermer weisen sech dës Saison net vun hirer beschter Säit, 28 Goler aus 26 Matcher ass net iwwerzeegend, just an zwee Matcher schéissen déi Käercher méi wéi zwee Goler, dat doheem géint Bieles, 3:5 verluer an doheem géint Bartreng 3:0 gewonnen an esou spréngt um Enn eng 11/14 Plaz eraus. En Novum gouf et an der Jugendaarbecht. Simmer, Käerch a Stengefort hunn sech zesumme gedoen ënnert dem Numm "C.F. Entente Aischdall SKS 06" a verschidde Jugendequippen op d'Bee bruecht: Junioren, Scolaires, Minimes zu 9, Pupilles a Bambini.
Am Joer 2007 war de Käercher Futtball a Feierlaun, 75 Joer sinn et datt de Veräi gegrënnt ginn ass. Den 23. Mäerz 2007 sinn déi renovéiert Buvette a Vestiairen ageweit ginn. Den 9. Abrëll waren d'Finale vun der "Coupe du 75. anniversaire". Den 19. Mee war zu Giewel an der Breiesch Scheier e Pir Kremer Owend. De Pir Kremer ass e Käercher Jong, albekannt an der lëtzebuerger Theaterzeen, hie war och e Käercher Futtballspiller. E Galamatch ass den 3. Oktober 2007 um "Déckebierg" tëschent der Lëtzebuerger Nationalequipe an der Belscher Equipe vum Beerschot gespillt ginn (2:1). De Roger Christophe war de President vum Organisatiounscomite De Championnat 2007/2008 ass awer och weider gaangen an emol guer net esou schlecht. Käerch steet um Enn op der 4. Plaz an der 2. Divisioun 3. Bezirk mat nëmme véier verluerene Matcher, doheem ass just 1:0 géint Märel verluer ginn. Dacks sinn d'Matcher mat engem Gläichspill op en Enn gaangen (néngmol).
De Fränz Mees iwwerléisst no laange verdéngschtvolle Joren dem Jemp Procacci de Presidenteposten. Am Championnat 2008/2009 ass Kaërch um Enn op der 9. Plaz mat dräi Punkten Avance op d'Barrageplaz fir net erauszefalen. Op friemen Terrain si just zwee Matcher gewonne ginn, 2:1 zu Bruch a 5:1 zu Proz/ Réiden. Doheem ass Käerch déi en zech Equipe déi an all Match minimum ee Gol geschoss huet. An de Coupe de Luxemburg verléiert Käerch nodeem Märel an Tricolore Gaasperech eliminéiert goufen 1:8 géint Iechternach, dat ass mat der 1:8 Defaite 1999/2000 géint Monnerech déi héichsten Defaite an der Geschicht vum Veräin an der Coupe de Luxembourg.
De Veräin ass voller Courage an d'Saison 2009/2010 gaangen. Den Trainer Marco Achten huet an engem Interview an der Veräinszeitung als Zil eng Plaz ënnert de fënnef éischten erwaart. D'Enttäuschung ass um Enn grouss. Käerch steet mat 19 Punkten op der 12. Plaz, dat heescht an engem Barragematch geet et ëm d'Erausfalen aus der 2. Divisioun an do ass Chrëschtnech/Waldbëlleg mat 2:1 iwwerlee an de Wee geet an d'3. Divisioun.
En neien Trainer, den Enver Kelmendi gëtt fir d'Saison 2010/2011 engagéiert, hie stoung an der jugoslawescher Junioren-Nationalequipe an huet zu Lëtzebuerg 169 Matcher an der ieweschter Divisioun gespillt (Habscht an Union Lëtzebuerg). Et sollt awer net klappen an d'2.Divisioun erop ze klammen. Vun 20 Matcher ginn der just sechs gewonnen a véier gläich gespillt, dat bedeit eng 7. Plaz vun 11 Equippen.
2011/2012 bis 2022/2023
[änneren | Quelltext änneren]Vun der Saison 2011/2012 u fusionéiert Käerch mat Simmer ënnert dem Numm FC Käerch/Simmer. Et changéiert bei der 1. Equipe näischt wat d'Resultater ubelaangt. Drëtt Divisioun bleift weiderhin d'Heem vu Käerch/Simmer. Déi héichste Victoire war en 3:0 zu Schuller an déi héichsten Defaite e 7:0 op der Zowaasch. En Novum gouf et dës Saison, eng Dammenequipe spillt am Championnat mat, dës Equipe geet aus enger Fusioun mat Habscht an Äischen ervir. Zu Käerch gouf am Joer 2011 e syntheeteschen Terrain ageweit.
Den Trainer Enver Kelmendi verléisst de Veräin a gëtt 2012/2013 duerch den Duo Marco Palumbo a Lorenzo de Carolis ersat. D'Neierung hëlleft, Käerch/Simmer klëmmt e Stack méi héich an d'Zweet Divisioun. No der Hironn steet Käerch/Simmer op der 4. Plaz, um Enn sinn d'Jongen déi Zweet zwee Punkten hannert Mutfert. Um "Déckebierg" ass kee Match verluer gaangen, auswäerts zwéin 1:0 zu Näerzeng a 7:0 zu Mutfert. De Retour-Match géint Mutfert ass 1:1 op en Enn gaangen. Den FC Käerch/Simmer hat dës Equipe op de Terrain geschéckt: Kevin Reuter, Guy Carl, Yves Lill, Claude Bastian, Laurent Schiltz, Thierry Schmitz, Yannick Bashonga, Tim Epstein, Marian Nasui, Gilles Charlier, Cédric Eggen (Reservespiller: Greg Useldinger, Daniel Sachsen, Nuno Amorim) Zum Kader hunn ënner anere gezielt: Tom Sawasdee, Fabrice Bartz, Andy de Michele. Déi Zweet Equipe verléiert an dëser Saison kee Match. Et ass och ganz gutt Aarbecht an de Jugendequippe gemaach ginn. D'Minimes an d'Poussins hunn et als Entente Käerch/Simmer/Stengefort bis an d'Véierelsfinalle vun der Nationaler Coupe gepackt.
Eng net schéi Saison 2013/2014 geet op en Enn mat enger zweetleschter Plaz an domat fält Käerch/Simmer erëm an déi drëtten a leschten Divisioun. D'Goldifferenz schwätzt fir AS Lëtzebuerg/Porto a Käerch/Simmer verléisst zesumme mat Éilereng d'Zweet Divisioun. Vun 26 Matcher sinn der just véier gewonne ginn, doheem géint Lëtzebuerg/Porto, Gaasperech an Éilereng an auswäerts zu Iechternach. De Marco Palumbo huet nach wärend der Hironn als Trainer demissionéiert an de Lorenzo de Carolis war eleng responsabel, hien ass vum Daniel Neyken assistéiert ginn.
Den Alain Palgen ass erëm do, hien trainéiert 2014/2015 zesumme mat sengem Assistent Luc Roj d'1. Equipe an dat mat groussem Succès. Vun 24 Matcher verléiert Käerch/Simmer ee Match an zwar 4:3 zu Schuller déi mat hinnen an d'Zweet Divisioun opsteigen. Och un der Spëtzt vum Veräi gouf et e Wiessel, de Patrick Schiltz iwwerhëlt de Presidenteposte vum Jemp Procacci.
D'Saison 2015/2016 war eng ganz batter. D'Schlussklassement vun der 2. Divisioun 1. Bezierk ze liesen ass net schéin. 10. Jeunesse Useldeng 24 Punkten, Goldifferenz Minus 8, 11. Young Boys Dikrech 24 Punkten, Goldifferenz Minus 29, 12. FC Käerch/Simmer 24 Punkte Goldifferenz, Minus 31, an aner Wierder Käerch/ Simmer muss e Barragematch spille fir net erauszefalen an dat wéinst 2 Goler Differenz. Zu Mamer kënnt et nach méi schlëmm, dëse Barragematch gëtt no Eelefmeterschéisse géint Éilereng verluer, no 120 Minutte stoung et 1:1.
D'Jongen erhuelen sech séier a verléieren an der d'Saison 2016/2017 just de Match géint Cebra 01 doheem mat 1:3, d'Montée an d'Zweet Divisioun ass perfekt. Déi héichste Victoire gouf et um "Déckebierg" géint Kéinzig mat 9:0. En Highlight war d'Coupe de Luxembourg, Käerch (3. Divisioun) klappt Avenir Beggen (Éierepromotioun) no Eelefmeterschéissen. An den 120 Minutte war kee Gol geschoss ginn. Schluss war du géint Wolz (0:3). Damme vun der Entente Aïschdall feieren d'Montée an d'Zweet Liga mat enger 1. Plaz ënnert aacht Equippen.
Aus dem FC Käerch/Simmer ass den FC Käerch ginn an eng respektabel Saison 2017/2018 geet op en Enn mat enger 5. Plaz an der 2. Divisioun 1. Bezierk. Um "Déckebierg" huet all Géigner sech schwéier gedoen a Käerch verléiert doheem nëmmen zwee Matcher 0:3 géint Ell an 3:4 géint Bäerdref/Konsdref. Den Optrëtt an der Coupe de Luxembourg war kuerz, den éischten Tour verléiert Käerch zu Colmer/ Bierg 3:2 no Verlängerung.
D'Saison 2019-2020 war eng schwiereg Saison um sportleche Plang d'Saison ass net fäerdeg gespillt ginn aus dem bekannte Grond vun der Covid-19 Pandemie. Nom Ofbroch vun der Saison am Mäerz 2020 huet de Comité decidéiert no 6 Joer mat engem néien Trainerstaff weider ze fueren.
Fir d'Saison 2020-2021 kommen de Gilles Wagner (Cheftrainer), Chris Felten (Co-Trainer a Spiller), Tomazs Padlikowski (Co-Trainere Spiller) a Marc Kremer (Golkeeper Trainer). Leider ass dës Saison och schonn no 7 Matcher eriwwer an de Lëtzebuerger Fussball (zumindest an den ënneschten Divisiounen) muss sech bal ee Joer gedëllege fir nees kenne Matcher ze Spillen an d'Saison 2021-2022 ze preparéieren. Ab der Saison 2021-2022 gehéiert och de Charles Simon als Kiné mat zum Staff vun de Senior Equippen.
D'Saison 2021-2022 ass eng ganz speziell Saison beim FC Käerch, mat ganz gudde sportleche Leeschtungen an och vill personell Ännerungen. Den Trainerstaff em de Gilles Wagner ginn am Oktober 21 leider getrennte Weeër mee fannen no gudden a konstruktive Gespréicher an der Réckronn erëm zesumme fir de Projet weider ze fréien dee viru bal 2 Joer erfollegräich gestart ginn ass. Och en aneren Ex-Trainer ass nees um Déckebierg an assistéiert de Gilles. Riets ass vum Achten Marco. Completéiert gëtt de Staf de Golkeeper Trainer de Marc Kremer an Alain Agosta an dem Kiné dem Charles Simon. Am Oktober 21 iwwerhëlt dann och de Charel Leesch d'President vun FC Käerch. Hien huet als Käercher Jong 1994 am Alter vun 8 Joer seng éischt Jugendlizenz beim FC Käerch gemaach an huet an allen Alterskategorië bis erop an der 1. Equipe zu Käerch gespillt. Um sportleche Plang krut d'Saison doduerch e klenge Knacks, trotzdeem packen d'Jonge vum Déckebierg et mat 55 Punkten aus 26 Matcher op déi 3. Platz. Mir spille soumat de Barragematch géint Ierpeldeng aus der 1. Divisioun. Virun 1200 Zuschauer zu Réiden-Atert, Bommestëmmung vun de Käercher Supporter déi hir Equipe uféiere konnten sech béid Equipe net trennen no 120 Minutten. Am Eelefmeterschéisse verschéisst Käerch leider 2 mol a bléift soumat an der 2. Divisioun.
D'Saison 2022-2023 geet et mam selwechte Staf an d'Saison wou am Wanter de Pit Theis (ex BGL Spiller an Trainer) als Golkeepertrainer op den Déckebierg zesumme mam Alain Agosta. Déi Saison ass eng mi schwiereg well se réischt spéit konnt geplangt ginn duerch de Barragematch 21-22 an engem grousse Verletzungspech. Um Enn gëtt den FC Käerch 5. a verpasst leider ganz knapp de beschte 5. aus der 2. Divisioun ze sinn an domat trotzdeem de Barragematch ze spillen (well Benfica Hamm a Cebra fusionéieren).
Stadion Déckebierg
[änneren | Quelltext änneren] Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Stadion Déckebierg.
Quellen
[änneren | Quelltext änneren]Sowäit wéi net anescht vermierkt Déckebierg huel se! an de Referenzen
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (en)Déckebierg huel se! - Startsäit. www.fckaerch.lu. Gekuckt de(n) 19.08.2024.