Op den Inhalt sprangen

FC Green Boys 77 Harlange-Tarchamps

Vu Wikipedia
FC Green Boys 77
Harlange-Tarchamps
FC Green Boys 77 Harel-Iischpelt
Offiziellen Numm: Football Club Green Boys 77
Harlange-Tarchamps
Veräinsfaarwen: Gréng a Wäiss
Grënnung: 1977
Stadion: Am Duerf
Plazen: 1 100
President: Alain Lonsdorfer
Trainer: Filipe Constantino
Liga: 2. Divisoun 1. Bezierk (2025/26)
Saison: 2024/25
Positioun: 3. (2. Divisioun 1. Bezierk)
Websäit: https://www.greenboys.net/
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Ersatzuniform

Den FC Green Boys 77 (letz. FC Green Boys 77 Harel-Iischpelt, offiziell Football Club Green Boys '77 Harlange-Tarchamps[1]) ass e Foussballveräi vun Harel an der Stauséigemeng am Éislek.

Den Hareler Veräi gouf de 14. Mee 1977 gegrënnt, nodeem per Referendum ofgestëmmt gouf an den FC Harlange 1963 vun Harel mam F.C. Tarwat Tarchamps 1948 vun Eeschpelt fusionéiert huet. Éischte President war den Armand Schmit vun Eeschpelt. Ufanks gouf ofwiesselend zu Walter an Harel gespillt; zanter dem Bau vun der Regionalschoul Uewersauer am Joer 1997 spillt de Veräin zu Harel um Terrain Am Duerf seng Matcher. Deen neie Veräin huet an der 3. Divisioun mam Spillen ugefaangen.

De gréissten Erfolleg bis elo bleift d'Erreeche vun der Éierepromotioun, wat de Veräin 1993 an 2010 fäerdegbruecht huet, béid Kéieren ass een awer direkt nees erausgefall.

Am Joer 2005 war den FC Green Boys 77 de Gewënner vum Fair-Play Pokal vun der 1. Divisioun.

An der Saison 2009/2010 gouf zu Harel eng Dammenekipp gegrënnt, d'Green Girls. Am Dezember 2013 gouf d'Ekipp awer wéinst Manktem u Spillerinnen erëm ofgemellt.

Fir d'Saison 2013/2014 gouf de Grasterrain vum 1. Terrain "am Duerf" mat engem syntheeteschen Terrain ersat. Gläichzäiteg gouf och eng Flutlichtanlag installéiert.

No der Saison 2014/15 sinn d'Green Boys no 18 Joer erëm an d'2. Divisioun gefall; an der Saison drop si s'als Tabelleleschte souguer an déi 3. Divisioun gefall. Am Joer vum 40. Anniversaire ass der Ekipp awer als Tabellenzweeten direkt erëm den Opstig gelongen.

Um Enn vun der Saison 2023/24 hunn d'Green Boys am Barragematch ëm den Opstig an d'1. Divisioun mat 0:2 géint Union Réimech-Bous verluer, 2024/25 gouf et am selwechte Barragematch eng 1:4-Néierlag géint d'Alliance Äischdall.

Bekannt fréier Spillerinnen a Spiller

[änneren | Quelltext änneren]

Rivalitéiten

[änneren | Quelltext änneren]

Den Haaptrival ass d'AS Wëntger. Den FC Green Boys 77 huet och eng méi oder manner staark Rivalitéit mat dem FC Wolz 71, deen allerdéngs a méi héijen Divisioune spillt. An der Vergaangenheet sinn dacks Spiller vu Wolz op Harel gewiesselt. 2009 huet den FC Green Boys an der Coupe de Luxembourg géint den deemools zwou Divisioune méi héich klasséierte Wëlzer Rival gewonnen. Den 18. Oktober 2020 hu béid Veräiner nach emol an der Coupe géintenee gespillt. Déi Kéier gesouch et dogéint fir Harel (2. Divisioun) anescht aus: mat 0-8 waren déi Wëlzer (Nationaldivisioun) kloer méi staark.

Am Allgemenge besteet, trotz Rivalitéiten, eng grouss Frëndschaft mat alle Foussballveräiner aus dem Norden.

De Supporterveräi vum FC Green Boys sinn d'Green Fanatics déi reegelméisseg bei Heem- an Auswäertsmatcher dobäi si fir hir Ekipp unzefeieren.

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. esou am Handelsregëster ënnert der Nr F9408 agedroen
  2. Confirmatioun vum Numm am Artikel op my Wort
  3. Confirmatioun vum Numm op der senger Facebooksäit
  4. am Handelsregëster ass just e Joseph Wiltgen ze fannen; „Jis“ schéngt dann e Spëtznumm ze sinn
  5. Confirmatioun vum Numm an engem Artikel op virgule.lu