Op den Inhalt sprangen

Romain Schneider

Vu Wikipedia
Romain Schneider
Gebuer 15. Abrëll 1962
Wolz
Alter 64 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei LSAP
Fonctioun Buergermeeschter, Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber, Minister vun der Sozialversécherung, Landwirtschaftsminister

De Romain Schneider, gebuer de 15. Abrëll 1962 zu Wolz, ass e lëtzebuergeschen LSAP-Politiker a fréiere Foussballspiller. Hie war vum 5. Dezember 2018 bis de 5. Januar 2022 Minister fir Landwirtschaft a Wäibau, a Minister fir Sozialversécherung an der Regierung Bettel-Schneider-Braz / Bettel-Kersch-Bausch.

Politesch Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

De Romain Schneider war vum 1. Januar 1994 bis Juli 2009 am Gemengerot vu Wolz an do vum 1. Januar 2000 u Buergermeeschter.

2004 gouf hien eng éischt Kéier am Walbezierk Norden an d'Chamber gewielt a bis ewell, zulescht bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018[1], allkéiers erëmgewielt.

2009 huet hien op säi Buergermeeschtesch- a säin Deputéiertemandat verzicht, fir an der Regierung Juncker-Asselborn II, Landwirtschafts- a Sportminister, an Delegéierte Minister fir Solidarentwécklung ze ginn. 2013 gouf en zum Minister fir Sport, humanitär Hëllef a Sozialversécherung an der Regierung Bettel-Schneider ernannt.

An der Regierung Bettel-Schneider-Braz war hie vum 5. Dezember 2018 bis de 5. Januar 2022 Minister fir Landwirtschaft a Wäibau, a Minister fir Sozialverécherung. Den 29. November 2021 hat hie matgedeelt säi Ministeschmandat am Januar 2022 opzeginn a sech ganz aus der politescher Landschaft zeréckzezéien, fir no senger Gesondheet ze kucken[2].

Sportlech Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

De Romain Schneider war Foussballspiller. Hien huet vun 1977 bis 1988 a vun 1989 bis 1992 am Ganzen 108 Matcher an der Nationaldivisioun an 119 Matcher an der Éeirepromotioun fir den FC Wolz 71 gespillt. [3]

Vun 1992 bis 1995 war hie Spiller a Spillertrainer beim FC Green Boys 77 Harlange-Tarchamps.

Vun 2002 bis 2009 war hie President vum FC Wolz 71.

 Commons: Romain Schneider – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. elections.lu.
  2. (lb) Comité directeur vun der LSAP: Kersch a Schneider gi Posten un Engel an Haagen weider. www.rtl.lu (30.11.2021). Gekuckt den 30.11.2021.
  3. (en) Lutgen, Émile, und Inez Verharen. 50 Joer F.C. Wooltz 71 1971-2021. F.C. Wooltz 71, 2021.. www.a-z.lu. Gekuckt den 02.03.2026.