Chris Philipps

Vu Wikipedia
Chris Philipps

Spillerinformatiounen
Vollen Numm Chris Philipps
Gebuertsdag 8. Mäerz 1994
Gebuertsplaz WolzLëtzebuerg
Gréisst 1,83m
Positioun Ofwier, defensiivt Mëttelfeld
Veräiner an der Jugend
2000 - 2006
2006 - 2007
2007 - 2013
FC Green Boys 77 Harlange-Tarchamps
FC Etzella Ettelbréck
FC Metz
Veräiner als Aktiven1
Joer Veräin Matcher (Goler)
2013 - 2015
2015 - 2016
2016 - 2018
2018 - 2019
2019
2020
2021
FC Metz
Preußen Münster
FC Metz
Legia Warschau
Legia Warschau II
Lommel SK
FC Wolz 71
14 (0)
25 (0)
29 (0)
24 (1)
19 (0)
2 (0)
Nationalekipp2
2012- Lëtzebuergesch Nationalekipp 55 (0)

1 Nëmme Liga-Matcher.
 Stand: 28. August 2020
2Stand: 28. August 2020


De Chris Philipps, gebuer den 8. Mäerz 1994 zu Wolz, ass e lëtzebuergesche Foussballspiller.[1]

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Veräin[änneren | Quelltext änneren]

Am Alter vu 6 Joer huet hie beim FC Green Boys 77 Harel-Eeschpelt ugefaange mat Foussball spillen an ass 2007, no enger Saison beim FC Etzella Ettelbréck, an d'Fussballschoul vum FC Metz gewiesselt.

Am Mäerz 2013 huet hien e Profiskontrakt vu 5 Joer beim FC Metz ënnerschriwwen.[2]

Den 21. Oktober 2013 koum hie bei der 0:3-Victoire an der Ligue 2 beim Stade Brest zu sengem éischten Asaz an der 1. Ekipp vum FC Metz, wou hien am defensive Mëttelfeld gespillt huet. An der selwechter Saison geléngt dem Chris Philipps mat Metz den Opstig aus der Ligue 2 an d'Ligue 1.

Virun der Saison 2015/16 gouf hie bei den SC Preußen Münster an déi 3. däitsch Liga ausgeléint. Do koum hie 25-mol zum Asaz.[3] Fir d'Saison 2016/17 goung en zeréck bei säin Ausbildungsveräin op Metz, wou hien 29 Matcher gespillt huet, ier hien am Februar 2018 bei de polnesche Champion Legia Warschau gewiesselt ass.[4] 2018 konnt hie mat sengem Veräin de Meeschtertitel an de Coupegewënn feieren.

Am Januar 2019 gouf hie vum Veräin an d'zweet Ekipp versat. Am Januar 2020, nodeems säi Vertrag bei Legia ausgelaf war, huet hie beim belschen Zweetligist Lommel SK ee Kontrakt bis de Summer 2020 mat Optioun op ee weidert Joer ënnerschriwwen.[5] De Kontrakt gouf nom Enn vun der ofgebrachener Saison 2019/20 net verlängert.

Am November 2020 huet de Chris Philipps ee Kontrakt bis 2023 beim FC Wolz 71 aus der BGL Ligue ënnerschriwwen.[6]

Nationalekipp[änneren | Quelltext änneren]

Den 29. Februar 2012 huet hien déi éischt Kéier fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[7] De 15. November 2018 huet hie bei der 0:2-Néierlag géint Wäissrussland säi 50. Lännermatch fir Lëtzebuerg gespillt.[8]

Erfolleger[änneren | Quelltext änneren]

Veräin[änneren | Quelltext änneren]

  • Gewënn vun der franséischer Ligue 2 2014
  • Polnesche Meeschter 2018
  • Polnesche Coupegewënner 2018

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Sportspress.lu Prix du meilleur jeune 2012

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Chris Philipps op national-football-teams.com
  2. Chris Philipps: Profivertrag in Metz, Tageblatt
  3. Nationalspieler Chris Philipps kommt auf Leihbasis zu den Adlerträgern, scpreussen-muenster.de
  4. Philipps unterschreibt für dreieinhalb Jahre, Luxemburger Wort
  5. Lommel SK - Welcom Chris Philipps!. lommelsk.be Gearchiveerd op 2020-08-15. Gekuckt de(n) 2020-01-03.
  6. FC Wiltz 71, fcwiltz.com - Welcome to FC Wiltz 71, Chris Philipps!. Gekuckt de(n) 10. November 2020.
  7. De Chris Philipps op der Websäit vun European Football
  8. Luxemburg - Weißrussland, 15.11.2018 - UEFA Nations League D - Spielbericht. www.transfermarkt.de. Gekuckt de(n) 2020-01-03.