Op den Inhalt sprangen

Diskussioun:FC Green Boys 77 Harlange-Tarchamps

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wa mer ons hei druginn soit-disant Rivalitéiten opzeféieren da sollt wéinstens erkläert ginn aus wat déi bestinn. Rivalitéiten kënne sech sportlech gesinn net an zwou verschiddene Spillklassen ausdroen. --Les Meloures (Diskussioun) 11:17, 31. Jul. 2012 (UTC)[äntweren]


Bei Supportere maachen sou Stéchwierder wéi Ultras a Green Fanatics ouni weider Erklärung och kee grousse Sënn. --Les Meloures (Diskussioun) 11:21, 31. Jul. 2012 (UTC)[äntweren]

Den FC Wolz spillt net ëmmer héchstklasseg, genausou wéi Wëntger. Et kann also duerchaus zu Matcher tëscht deenen zwou Equippe kommen. Den 17. Juli 2012 (!) haten Harel a Wolz fir d'lescht géintenee gespillt. An der Saison 2008/09 hunn Wëntger an Harel an der 1. Divisioun géintenee gespillt. "Pourtant, il faut noter que les équipes de Wincrange et Harlange/Tarchamps ont effectué aussi un beau parcours. Je tiens à relever par l'exemple de ces deux équipes que le football connaît toujours une grande popularité dans le haut nord. En effet, lors du derby opposant les deux équipes le 21.9.2008, une affluence d'environ quatre cents (400) spectateurs a été notée. Leur déplacement a été dédommagé par un spectacle passionnant et serré et la rencontre s'est terminée au score de 1-0 pour l'équipe locale. Une belle publicité pour le football - profond respect pour les deux équipes engagées et surtout pour l'ambiance créée par leurs fidèles supporters !" Q: profootball.lu

Wann de Quotidien dann esouguer vun enger Messerpickerei vun Hareler Supporter schreiwt, dann ass e klengen Abschnitt iwwert d'Supporterszen vun Harel relevant. Am Schnëtt ginn ëm déi 400 Leit d'Matcher vun Harel kucken, wat deelweis méi ass, ewéi bei esou munche BGL-Ligue Veräiner.

An dat Green Fanatics vum Numm vum Veräi ofgeleet ass, brauch ee wuel net ze erklären. -- 213.31.217.82 12:48, 31. Jul. 2012 (UTC)[äntweren]


Moien, d'Wikipedia ass net de Quotidien de mat Sensatiounsatikele seng Sue verdéngt. An an enger Enzyklopedie gëtt normalerweis net vun engem Lieser verlaangt datt en dreemt wat vu wat ofgeleet ass. Am Sport gëtt vu Géigner an der selwechter Klass geschwat. Wann aner intresssant Matcher gespillt goufen déi d'Equipe met aneren Equippen aus aneren Divisioune konfrontéiert huet, da sollen déi sachlech opgefouert ginn. Loosse mer léiwer dat subjektiivt Rivalitéitsgespréich aus de Féiss. Mer kënnen awer gären nach Meenunge vun aner Mataarbechter froen. --Les Meloures (Diskussioun) 13:07, 31. Jul. 2012 (UTC)[äntweren]

Wann ech e puer Saachen kloerstellen däerf ;-) Ech sin am Comité vum Club. Vun enger Messerpickerei an deene leschte Joeren as mir naischt bekannt - ech wees net wouhier déi Info komme soll? Green Fanatics: do waren zu Spëtzenzaiten wéi scho gesoot bis zu 400-500 Leit op de Matcher vun der 1. Divisioun - haptsächlech natirlech beim Derby géint Wëntger an dem Coupematch géint Wolz (siehe Fotogalerie 1 an Fotogalerie 2). Am Schnëtt waren zu der Saison vum Opstieg an d'Eirepromotioun (2009/2010) an déi Saison duerno eng 150-200 Leit am Schnëtt op den Heemmatcher an och op d'Auswäertsmatcher si vill Leit mat kucke gaangen. Saitdeem as et awer wesentlech méi roueg gin (Schnëtt elo: 40-70 Zuschauer), an richtege "Support" vun de Green Fanatics gett et och net méi. Rivalitéit: wouhier d'Rivalitéit mat Wëntger genau kënnt, kann ech net genau soen - déi kennt op alle Fall scho vu "fréier". Mat Wolz as effektiv esou, dass schon emmer eng ganz Rei Spiller vu Wolz op Harel gewiesselt sin. Bei deene wéinegen Dueller war et dann eben och emmer eng Saach vun "David gegen Goliath" an déi Ex-Wëltzer Spiller wollten dann natirlech och beweisen, dass si eng drop hun.

Et steet nach ee klenge Fehler am Artikel, et gëtt net sait der Fusioun "am Duerf" gespillt, mee den Terrain gouf réischt méi spéit gebaut. ech probéieren dat mol ze korrigéieren (sin nach net sou bewandert mat dem Wikipedia-Quelltext)

Benemlu (Diskussioun) 07:23, 11. Jun. 2013 (UTC)[äntweren]


Grousse Brudder

[Quelltext änneren]

Den FC Green-Boys 77 huet och eng staark Rivalitéit mam "grousse Brudder". Monni Wikipedia du wees jo vill: "Wien ass dat dee grousse Brudder?"

Op eng domm Fro eng domm Äntwert: De "Monni Wikipedia" äntwert net op domm Froe vun anonyme Benotzer. --Pecalux (Diskussioun) 08:53, 1. Aug. 2012 (UTC)[äntweren]
Dat ass eigentlech schued, well da gi mer et sécher ni gewuer. Et ass och schued datt Administratoren sou e Geschreifs fir net eppes aneschters ze soen, toleréieren.


Den FC Wolz gëtt am Norden an deem Sënn als "groussen Brudder" vum Hareler Veräin gesin well d'quasi Totaliteit vun den Spiller dei zu Harel spillen, zu Wolz ugefaang hun. Et gëtt och oft "Wolz B". Bruuns


An dat mussen d'Lieser dann dreemen datt dat den FC Wolz ass.
Nee, gedreemt gëtt nëmmen op der Spuerkees, dofir hun ech et elo méi kloer gemaach obwuel et och virdru schon do stung. --MMFE (Diskussioun) 13:23, 1. Aug. 2012 (UTC)[äntweren]

Green Fanatics 77

[Quelltext änneren]

Gëtt et déi nach. Wann ech mer d'Websäit ukucken war déi lescht Aktivitéit den 23/10/2010. Oder hu se just hir Websäit agestallt? --Les Meloures (Diskussioun) 20:03, 1. Aug. 2012 (UTC)[äntweren]

Jo, dei gin et nach, och wann dei Rubrik op der Websäit net aktualiseiert gett. Zum gleck, soss misst een no där Logik quasi d'halschent vun den Beiträg löschen, well all zweet Websäit net aktualiseiert ass. Bruuns 15:04, 3. Aug. 2012