Op den Inhalt sprangen

Benotzer Diskussioun:Benemlu

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Sujet derbäisetzen
Vu Wikipedia
Leschte Kommentar: viru(n) 9 Méint vum GilPe am Sujet Al Artikelen

een Thill zevill?

[Quelltext änneren]

Moien, ech mengen, do geet eppes net op: Am Artikel Nathalie Hoeltgen schreifs de déi Damm wier d'Ex-Fra vum Serge Thill a Mamm vum Olivier, Sébastien a Vincent Thill. Am Artikel Serge Thill steet, hie wier mat der Nathalie Thill (nee Feltgen) bestuet (gewiescht?) mat där zesummen hien déi dräi Jongen hätt. Déi Nathalie Thill, déi do verlinkt ass, ass awer nees eng aner (oder ass Feltgen där hire Gebiertsnumm?) A wien ass dann elo Mamm vum Olivier & co.?

--Zinneke (Diskussioun) 12:03, 24. Sep. 2020 (UTC)Äntweren

Moien, et ass am ursprünglechen Nathalie Thill-Artikel zu enger Vermëschung komm, déi ech probéiert hu riicht ze béien. Et gett wuel d'Liichtathletin an Nationalspillerin Nathalie Thill (1973 gebuer) an d'Mamm an Ex-Fra vum Serge Thill, Nathalie Hoeltgen (gebuer 1972), déi zwar och fir d'Nationalekipp gespillt huet, awer méi fréi (ëm 2003) wéi d'Nathalie Thill laut mengen Informatiounen. Am Artikel am Quotidien , wou et em d'Nathalie Hoeltgen (deemols nach "Thill") geet, gouf hire Meederchersnumm fälschlecherweis als "Feltgen" uginn.

--Benemlu (Diskussioun) 12:10, 24. Sep. 2020 (UTC)Äntweren

OK, merci. Ech verlinken dat herno richteg. -^Z.

Foussballsequippenartikelen

[Quelltext änneren]

Moien,

a merci fir d'Uleeë vun e puer Artikelen iwwer Foussballsequippen. Kinnt Der nach, fir den Artikel vollstänneg ze maachen, jeweils d'Infobox 8d'"Këscht" riets uewen) bäisetzen? Einfach aus engem aneren Artikel zum Thema kopéieren an déi betreffend Donnéeën afëllen. Merci am Viraus!

--Zinneke (Diskussioun) 10:47, 30. Mäe. 2019 (UTC)Äntweren

OK, maachen ech bei Geleeënheet :) --Benemlu (Diskussioun) 07:55, 1. Abr. 2019 (UTC)Äntweren


Moie Benemlu,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst „Reegel“ ass: „Sief kéng!
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Stamminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op „Sujet derbäisetzen“.

Op Ärer Benotzersäit kënnt Dir, wann Dir wëllt, e bëssen eppes iwwer Iech oder Är Aktivitéiten op der Wikipedia schreiwen (z. B. d'Sproochen, déi Dir kënnt, Är Interessensgebidder asw.). Op Ärer Startsäit fannt Dir nëtzlecht Geschier fir op der Wikipedia lasszeleeën (z. B. Ännerungsvirschléi, Hëllefssäiten, Uspriechpartner an nach méi).
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

--Jwh (Diskussioun) 09:20, 5. Nov. 2014 (UTC)Äntweren

Wikiiessen 2022

[Quelltext änneren]


Léiwe Wikikolleeg,

Ech invitéieren dech e Samschden, den 29. 1. 2022 op eist Wikiiessen mat uschléissender Generalversammlung vu Wikimedia Lëtzebuerg. Weider Detailer stinn um Staminee. Ech géif mech freeën. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 14:20, 19. Jan. 2022 (UTC)Äntweren

Maschinneniwwersetzungen

[Quelltext änneren]

... sinn net gär gesinn, well se vu (ganz) schlechter Qualitéit sinn, vill Onverständleches an Onkoheräntes enthalen, an da méi Zäit kaschten, riichtgebéit ze ginn, wéi wann de Artikel vu vir eran op Lëtzebuergesch geschriwwe gi wier.

--Zinneke (Diskussioun) 14:48, 13. Feb. 2025 (UTC)Äntweren

salut Zinneke, ech wees elo net genau, op wat's du dech bezitts? Ech hoffe jo, dass meng Texter net esou schlecht sin dass se als Maschinneniwwersetzung eriwwer kommen… :-) Benemlu (Diskussioun) 14:58, 13. Feb. 2025 (UTC)Äntweren
OK, ech gesinn elo dass et ëm de Mario-Mutsch-Artikel geet. de Kauderwelsch dee verstoppt war, ass net vu mir, an et war och net meng Absicht deen rëm visibel ze maachen. do hun ech wuel iergendwou eppes falsches gedréckt… sorry! Benemlu (Diskussioun) 15:00, 13. Feb. 2025 (UTC)Äntweren

Al Artikelen

[Quelltext änneren]

Gudde Moien,

Ech sinn op e puer vun dengen (däerf ech "du" soen?) alen Artikele gestouss, déi mat "Iwwerschaffen" markéiert sinn. Kënnt do nach eppes no, soss gi se eventuell geschwë geläscht: US Esch, Union 05 Keel-Téiteng an FC Rodange 91. Merci | GilPe (Diskussioun) 09:21, 28. Mäe. 2025 (UTC)Äntweren

Salut, du däerfs "du" soen ;-) Ech kucke fir déi Artikelen ebëssen ze ergänzen, ech ka mech mol net méi drun erënneren, déi ugeluecht ze hun. Benemlu (Diskussioun) 09:23, 28. Mäe. 2025 (UTC)Äntweren

Dat goung féx; Merci | GilPe (Diskussioun) 10:05, 28. Mäe. 2025 (UTC)Äntweren