Serge Thill
Ausgesinn
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Foussballspiller Serge Thill. Fir de Riichter mam nämmlechten Numm, kuckt wgl. Serge Thill (Riichter). |
| Serge Thill | |
|---|---|
| Gebuer |
29. Januar 1969 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Foussballspiller, Foussballtrainer |
| Positioun oder Spezialitéit | Stiermer |
| Gréisst | 168 cm |
| Veräin/Ekipp |
Union Lëtzebuerg, CS Gréiwemaacher, Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp |
| Famill | |
| Bestuet mat | Nathalie Hoeltgen |
| Kanner | Sébastien Thill, Olivier Thill, Vincent Thill, Marek Thill |
|
| |
De Serge Thill, gebuer den 29. Januar 1969, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller a Foussballtrainer.[1]
Tëscht dem 25. Mäerz 1992 am 10. Oktober 1998 huet de Serge Thill 14-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[2]
Vun 1991 bis 1993 war hie bei der Union Lëtzebuerg. An der Saison 1996/97 huet hie fir R.S.C. Athus gespillt. Vun 1997 bis 2003 war de Serge Thill beim CS Gréiwemaacher.[3]
An der Saison 2007/2008 war hien Trainer beim Progrès Nidderkuer.
Hien ass de Papp vun de Foussballspiller Olivier Thill, Sébastien Thill, Vincent Thill a Marek Thill. Seng Ex-Fra Nathalie Hoeltgen ass eng fréier Foussballspillerin.
