Olivier Thill

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Olivier Thill
Gebuer 17. Dezember 1996
Nidderkuer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller
Gréisst 176 Zentimeter
Veräin/Ekipp FC Rodange 91,
Progrès Nidderkuer
Famill
Papp Serge Thill
Mamm Nathalie Hoeltgen
Geschwëster Sébastien Thill, Vincent Thill, Marek Thill

Den Olivier "Oli"[1] Thill, gebuer de 17. Dezember 1996 zu Nidderkuer‎ an der Gemeng Déifferdeng[2], ass e lëtzebuergesche Foussballspiller op der Mëttelfeldpositioun[3][4].

Vun 2015 bis 2018 huet den Thill fir den FC Progrès Nidderkuer gespillt[4]. Zanter 2018 spillt hie beim russeschen FK Ufa[5]. Ausser fir de Mikhail Zaritskiy, ass hien den éischte Lëtzebuerger am russesche Foussball[6]. Am Dezember 2018 huet den Thill säi éischte Gol fir Ufa geschoss[4].

Tëscht dem 31. August 2017 an dem 22. Mäerz 2022 huet den Olivier Thill 40 mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[3],[7]

Seng Bridder Sébastien Thill a Vincent Thill sinn och Foussballspiller. Säi Papp Serge Thill ass e Foussballtrainer an och fréiere Foussballspiller[3]. D'Mamm Nathalie Thill ass eng fréier Liichtathleetin a Foussballspillerin[8]. Ausserhalb vum Sport huet den Olivier Thill zu Lëtzebuerg als Stagiaire an enger Schoul geschafft[9]. Hie schwätzt Sproochen déi geleefeg fir d'Lëtzebuerger sinn: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch an Italieenesch, an och aktiv studéiert hien d'russesch Sprooch. Den "Oli" Thill dreemt dervun, fir no der Karriär als Foussballist, Architekt ze ginn[6].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Olivier Thill – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.rtl.lu/sport/football/1230179.html
  2. https://www.sovsport.ru/football/news/1071455-olivie-till-ja-hochu-stat-professionalnym-futbolistom?from=scroll
  3. 3,0 3,1 3,2 Archive copy Gearchiveerd op 2020-10-24. Gekuckt de(n) 2018-12-10.
  4. 4,0 4,1 4,2 http://fr.soccerway.com/players/olivier-thill/407955/
  5. http://www.rtl.lu/sport/1229318.html
  6. 6,0 6,1 http://www.sport-express.ru/football/rfpl/reviews/chempionat-rossii-po-futbolu-2018-19-turnirnaya-tablica-kalendar-igr-ufa-olive-till-lyuksemburg-1487422/
  7. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Olivier Thill op eu-football.info
  8. http://www.lequotidien.lu/football/nathalie-thill-eleveuse-de-champions/
  9. https://www.ftbl.ru/news/865453567/