Daring-Club Iechternach

Vu Wikipedia
Daring-Club Iechternach
Daring-Club Iechternach
Offiziellen Numm: Daring-Club Echternach
Grënnung: 28. Mäerz 1921
Stadion: Terrain Bréil
Plazen: 180 iwwerdaacht Stéiplazen[1]
President: Marcel Heinen[2]
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Ersatzuniform

Den Daring-Club Iechternach (kuerz: DCE) ass den Iechternacher Foussballveräin.

Den Ustouss zur Grënnung vum Daring, wéi de Club genannt gëtt, goung vu Foussballbegeeschterte Studenten aus dem Iechternacher Kolléisch aus. Déi offiziell Grënnungsversammlung war den 28. Mäerz 1921 am Lokal vum Michel Lorenz an der Halergaass. Zu de Grënnungsmemberen hu gezielt: Jos Artois, Jean Casel, Victor Kries, Michel Lorenz, Alphonse Namur, Ferd Scheuer, Nicolas Welschbillig, Henri Welschbillig. Éischte President war de Jos Artois. Fir den Numm vum Veräin (ofgeleet vum Engleschen "to dare", d. h. "woen", "sech trauen") gouf sech beim deemools ganz bekannten, 1895 gegrënnten Daring-Club vu Bréissel inspiréiert.

Nach am Grënnungsjoer gouf dat sougenannt Daring's Léid (Lidd) vum Spiller a Kommiteesmember Nicolas (Néckel) Welschbillig gedicht.[3]

Am Zweete Weltkrich gouf den Daring vun de Nazie forcéiert säin engleschen Numm opzeginn a sech "F.C. Wacker Echternach" ze nennen. Ënner deem Numm war den Daring nach am August 1942 aktiv,[4] ier hie seng Aktivitéit am Laf vum Joer agestallt huet. Vill jonk Leit aus dem Daring goufen zwangsrekrutéiert. Dräizéng Daring-Membere sinn am Krich ëmkomm, dorënner de Lucien Bentz, deen de 25. Februar 1944 zu Hinzert erschoss ginn ass. Am August 1945 huet den Daring seng Aktivitéit erëm opgeholl; beim Championnat 1946-1947 huet en nees matgespillt.

Presidente vum Daring[änneren | Quelltext änneren]

  • 1921-1928: Jos Artois
  • 1929-1932: Ernest Weber
  • 1933-1935: Dr. Emile Gretsch
  • 1936-1947: Ferd Scheuer (Ënnerbriechung am Laf vun 1942 bis August 1945)
  • 1947-1954: Emile Faber
  • 1954-1965: Dr. René Trierweiler
  • 1965-1970: Jean Wengler
  • 1970-1971: Jos Kayser
  • 1971-1984: Charles Juda
  • 1984-1989: Paul Schwebag
  • 1989-1991: Gilbert Schmit
  • 1992-1994: Vic Diedling
  • 1994-1995: Marc Colbett (Interim)
  • 1995-2003: René Faltz
  • 2003-2013 (August): Nico Flies
  • 2013 (August)-2015 (Februar): Marcel Heinen (Interim)
  • 2015 (Februar) -: Marcel Heinen

E Virleefer an e Konkurrent[änneren | Quelltext änneren]

Deen éischten Iechternacher Foussballveräi gouf 1907 gegrënnt. De Veräin huet sech "La Jeunesse" genannt. Grënnungspresident war den Théodore Merten.[5] 1913 huet de Veräi sech reorganiséiert an en neien Numm kritt: " Cercle des Sports" resp. "Sport-Cercle Echternach" (SCE). Den Ausbroch vum 1. Weltkrich huet dem Veräi säin Enn bedeit. Hien huet nach d'Championnat 1914/15 fäerdeg gespillt, sech aus deenen zwee nächste Championnater awer all Kéier fréizäiteg zeréckgezunn.[6]

Warscheinlech Enn 1936 ass op Initiativ vum Sportsjournalist Armand Kayser en zweete Foussballsclub zu Iechternach entstanen, dee sech ufanks "Juventus", kuerz duerno awer "Racing-Club" genannt huet[7] an an der Fédération Sportive Ardennaise (FSA) Member war. Wéi den neie Veräin et 1939 net gepackt huet, fir an d'FLF opgeholl ze ginn, huet e seng Aktivitéit agestallt.[8]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Schwebag, P. & G. Pommerell, 1996. Daring Eechternoach, 1921-1996. 89 Jaouer Foussball an 75 Jaouer Daring zu Eechternaoch. 1907-1996. Echternach, 204 S.
  • Schwebag, P., 2011. Daring Club Eechternoach, 1921-2011. 104 Jaouer Foussball zu Eechternoach. 90 Jaouer Daring. / 15ième Tournoi de Pentecôte, samedi 11.06.2011. Echternach, 121 S. + 70 S.
  • Calteux, G., E. Elsen, J. Paulos & F. Tops (Red.), 2021. Mir erënneren is: 100 Jaouer Daring Eechternoach, 1921-2021. Imprimerie de l'Est, Eechternoach, 313 S.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Club op flf.lu
  2. De Club op football.lu
  3. Daring's Léid. In: Schwebag & Pommerell 1996, S. 176-177.
  4. Luxemburger Wort 1942, Nr. 225 (13. August), S. 5 (Sportecho) [1].
  5. Weider Grënnungsmembere waren no Schwebag & Pommerell (1996), S. 19: Jean Schiltz, Jacques Schiltz, Louis Herckes, J. P. Trierweiler, Nicolas Welschbillig, Hennes Leibers, Mathias Leibers, Charles Bettinger, Ernest Widong, Jean Feltes, Jacques Dieschbourg an Eugène Binsfeld. — Am Februar 1908 huet d'Obermosel-Zeitung iwwer déi neisten Entwécklung vum Veräi beriicht: Die Jugend von Echternach hat sich entschlossen, einen Fußball- und Lawntennis-Klub zu bilden mit der Benennung La Jeunesse. 22 Mitglieder sind mittlerweile dem jungen Verein beigetreten. In den Vorstand wurden gewählt die HH.: Joh. Schiltz, Präsident; Franz Prim, Vizepräsident; Louis Herkes, Kassierer; J. B. Herkes, Schriftführer; Joh. Leibertz und Nik. Welschbillig, Parteiführer; Gustav Nußbaum, Beigeordneter. (Obermosel-Zeitung 1908-02-18, S. 3).
  6. Schwebag & Pommerell 1996, S. 19-23; Calteux et al. 2021, S. 47-53, 63-65.
  7. An dem Sitzungsbericht vum Daring vum 19. Mäerz 1937 ass ze liesen: Da der hiesige sogenannte 'wilde Verein' Racing-Club, unserem Verein durch allerhand Mittel Schwierigkeiten zu bereiten versucht, geht der FLF ein diesbezügliches Schreiben zu. (Op Ufro schrëftlech matgedeelt vum Paul Schwebag, 12.06.2011)
  8. Schwebag & Pommerell 1996, S. 35s; Schwebag 2011, S. 30.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]