Béla Volentik

Vu Wikipedia
Béla Volentik
Gebuer 5. Dezember 1907
Gestuerwen 27. Oktober 1990
Budapest
Nationalitéit Ungarn
Aktivitéit Foussballspiller, Foussballtrainer
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller

De Béla Volentik, gebuer de 5. Dezember 1907 zu Szolnok (Ungarn) a gestuerwen de 27. Oktober 1990 zu Budapest, war en ungaresche Foussballspiller an -trainer[1].

Als Foussballspiller huet hie fir ungaresch a Schwäizer Foussballekippe gespillt. 1927 huet hien ee Match fir déi ungaresch Foussballnationalekippe gespillt.

Hien huet déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp vum 20. September 1953 bis de 16. Januar 1955 als Trainer betreit, déi an där Zäit 9 offiziell Matcher gespillt huet[2]. Ënner senger Leedung huet d'Nationalekipp all Match verluer. Säin Nofollger war den Edouard Havlicek.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Säi gréissten Erfolleg als Foussballtrainer war d'Finall vum UEFA-Cup vun 1964 déi e mam MTK Budapest FC géint de Sporting Lissabon verluer huet.
Mam FC Lugano huet hien 1949 déi Schwäizer Meeschterschaft gewonnen.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Béla Volentik op der Websäit weltfussball.de
  2. Dem Béla Volentik seng Karriär als Foussballnationaltrainer op der Websäit vun European Football