Autojumble

Vu Wikipedia
Morgan F4, Bj. 1934, um Autojumble 2010 zu Lëtzebuerg.
Presentatioun vun de "Make a Wish" - Classic Days um Autojumble 2014
Peugeot 504 vum Automobil Club um Autojumble 2014

En Autojumble ass am englesche Sproochgebrauch e Maart mat gebrauchten Ersatzdeeler fir al Autoen (Oldtimer).

Zu Lëtzebuerg ass den Autojumble en alljärlecht Evenement an den Ausstellungshale vun der Luxexpo um Kierchbierg dee vun der Lëtzebuerger Oldtimer-Federatioun organiséiert gëtt. Ausser dem Verkaf vun Oldtimer an Ersatzdeeler fir Oldtimer geet et dobäi virun allem och ëm d'Virstellung vun de Veräiner aus der lëtzebuergescher Oldtimer-Zeen, déi sech dobäi engem interesséierte Publikum méi am Detail presentéiere kënnen an eng Selektioun vun hire Gefierer ausstellen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Iddi fir en Autojumble z'organiséieren, goung 1984 op de Jos Wantz aus dem M.G. Car Club Luxembourg zréck.[1]. Déi éischt Editioun ass den 23. a 24. Mäerz 1985 vum MG-Club an der Däichhal zu Ettelbréck organiséiert ginn. Ausser dem MG-Club waren och nach dobäi:

Et koumen zirka 1.300 Visiteuren op den 1. Autojumble, wat deemools als groussen Erfolleg gewäert gouf. An de Joren duerno hunn ëmmer méi Veräiner participéiert an d'Zuel vun de Stänn an de Visiteuren goung lafend erop.

Den MG-Club war wärend 13 Joer den Haaptorganisateur vum Autojumble. Als Ausstellungshal ass wärend där Zäit op d'Däichhal zu Ettelbréck zréckgegraff ginn. Am Joer 1998 huet dunn d'Lëtzebuerger Oldtimer-Federatioun zesumme mam VMSC (Vintage Mechanical Sports Club) d'Organisatioun iwwerholl an huet den Autojumble am Juli a Form vun engem Oldtimer-Festival [2] um Goodyear Circuit zu Colmer-Bierg ofgehalen.

Am Joer 1999 ass den Autojumble am Juli op der Karting-Pist zu Monnerech ofgehale ginn. 2000 war dunn nees en Autojumble zesumme mat engem Autofestival um Goodyear Circuit, allerdéngs war déi Kéier de Succès net sou grouss. Dofir war den Autojumble nees an de Joren duerno an der Däichhal.

2004 ass d'Organisatioun an d'Victor-Hugo-Hal um Lampertsbierg an der Stad Lëtzebuerg geplënnert, an zanter 2008 gëtt den Autojumble an den Ausstellungshale vun der Luxexpo um Kierchbierg ofgehalen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Autojumble – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Matdeelung (Zäitschrëft vum MG-Club) Nr. 40, 1985, 1. Lëtzebuerger Autojumble S. 8
  2. Broschür vun 1998, erausgi fir d'Veranstaltung vum 1. Lëtzebuerger Auto-Festival