Veteran and Vintage Car Club of Luxembourg

Vu Wikipedia
De Stand vum VVCCL um Autojumble 2014
Bentley 3½ Litre

De Veteran and Vintage Car Club of Luxembourg, ofgekierzt VVCCL, ass e lëtzebuergesche Veräi vun Amateuren, haaptsächlech Proprietären, vun alen Autoen.

De Veräi gouf den 28. Januar 1968 am deemolege Café Le Tacot um Hellege Geescht an der Stad Lëtzebuerg gegrënnt. Zil war et, d'Propriétaire vun alen Autoen zesummen ze bréngen.

Schonn 1963, bei der Joerdausendfeier vun der Stad Lëtzebuerg war ee Korso vun alen Autoen organiséiert ginn, et huet awer bis 1968 gedauert bis de Club gegrënnt gouf.

Grënnungmemberen[änneren | Quelltext änneren]

D'Grënnungsmembere waren:

  • De Jean de Buck, e belsche Journalist deen et op Lëtzebuerg verschloen hat,
  • de Luigi Sgorlon, deen deemools den "Tacot" bedriwwen huet,
  • de Jean Thoma, deen zu Huewel lieft,
  • de Marcel Schmit, deen deemools am Ministère des transports zu Sandweiler geschafft huet; spéïder war hie Buergermeeschter zu Duelem, an
  • de Jos Wantz.

Eng éischt Generalversammlung war am Dezember 1968. Éischte President gouf de Carlo Thill. Virdru war kee Comité do, mä nëmmen eng Ekipp déi de Club opgeriicht huet.

De Club[änneren | Quelltext änneren]

Et gouf sech du Gedanke gemaach wéi een d'Proprietäre vun alen Autoen dozou kréich fir och mat hire Gefierer ze fueren: Déi ware jo deemools den "normalen" Autoe gleichgesat, an hunn deementspriechend och kascht.

De Veräin huet sech dunn op d'Bee gesat fir verschidden Allégementer bei der Benotzung vun alen Autoen duerchzesetzen. Et konnt erreecht ginn, datt al Autoen, well si jo net sou dacks op der Strooss sinn, e méi bëllegen Tarif kruten: 50 % vum normalen Autostarif.

Och bei de Steiere koum eng Erliichterung: vun 1970 un hunn al Autoen nëmmen eng "taxe forfaitaire" vun 200 Frang bräichten ze bezuelen. 2006 waren et 6,20 Euro.

1970 huet de Club mat sengen Oldtimeren um Goodyears-Summerfest zu Ettelbréck deelgeholl a bei där Geleeënheet deen éischte Rallye mat alen Autoen zu Lëtzebuerg organiséiert. En huet deemools geheescht: Premier Rallye international d'automobiles anciennes, aus deem dat Joer drop den Tour de Luxembourg pour voitures anciennes gouf. Dëse Rallye besteet bis haut. Fir datt de Rallye och eng auslännesch Participatioun sollt kréien, gouf de VVCCL an d'Fédération internationale des voitures anciennes (FIVA) opgeholl, déi haiteg Fédération internationale des véhicules anciens.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]