Däichhal

Vu Wikipedia
Nei Däichhal zu Ettelbréck (2012)

D'Däichhal ass eng Multifunktionshal zu Ettelbréck, déi vu Veräiner oder aneren Organisme fir Ausstellungen, Concerten, Baler, Versammlungen an Änleches ka gelount ginn. Proprietär ass d'Gemeng Ettelbréck.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Däichhal steet an den Däichwisen no bei der Uelzecht. Den Accès geet iwwer de Rond-point mat der N7 an der N15 am Agank vun Ettelbréck aus Richtung Lëtzebuerg.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Däichhal ass 1972 an den Däichwise gebaut ginn. Den 1. Abrëll 2006 ass d'Betribsgeneemegung vun der Hal ofgelaf. D'Hal war awer dunn an engem schlechten Zoustand, déi geläimt hëlzen Dunne vum Gespär waren degradéiert a gerass an ze vill schwaach fir en neien isoléierten Daach no den aktuellen Normen ze droen. D'Verkleedung vun der Hal hat weeder enger thermesch nach eng akustesch Isolatioun.

Dofir ass d'Decisioun geholl ginn fir eng nei Hal ze bauen. Den 9. Dezember 2008 gouf de Bauteminister d'Genehmegung fir de Bau vun der neier Hal. Ursprénglech war e Budget vu ronn 5,7 Mio Euro virgesinn, deen awer am Mäerz 2011 op 6,0 Mio erhéicht gouf.

Am Januar 2009 ass mat de Bauaarbechten ugefaange ginn an am Januar 2010 war d'Straussfeier. Wärend dem Bau ass et am Mäerz 2010 en Doudesaffer ginn, wéi e jonke Bauaarbechter vu Saarburg 13 m erofgefall ass.[1]

Déi offiziell Aweiung vun der neier Hal war den 1. Abrëll 2011.[2] Déi éischt Organisatioun an der neier Hal war awer schonn den Dag virdrun, den 30. Mäerz 2011, wéi en Testconcert mat der däitscher Popgrupp Juli war. De Concert war vum Atelier organiséiert ginn.

Disponibel Raim an der Hal[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Grondfläch vun der Hal ass 50 x 40 Meter.
  • Am Rez-de-Chaussée ass e grousse Sall vu 1490 m2, eng Bar, Sanitäranlagen, technesch Installatiounen an en Depot. Maximal 3000 Leit kënnen an d'Hal era kommen.
  • Um éischte Stack sinn 3 Säll vu verschiddener Gréisst (155, 80 an 68 m2), déi fir Versammlunge benotzt kënne ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Wort.lu:Tödlicher Sturz aus 13 Metern Höhe
  2. Wort.lu: Eine Location mit Perspektive