Lëtzebuerger Oldtimer-Federatioun

Vu Wikipedia

D'Lëtzebuerger Oldtimer-Federatioun oder kuerz LOF (Fédération luxembourgeoise des associations de collectionneurs de véhicules a.s.b.l.) ass en Zesummeschloss vu lëtzebuergesche Veräiner déi sech mat Oldtimer beschäftegen.

Den offizielle Sëtz vun der LOF ass zu Dikrech am Oldtimermusée (Conservatoire national de véhicules historiques) an der rue de Stavelot.

D'LOF ass 1992 gegrënnt gi well et noutwendeg war, d'Interesse vun de Proprietäre vun Oldtimer géintiwwer dem Legislateur ze vertrieden a koordinéiert Aktiounen z'ënnerhuelen. Se steet alle lëtzebuergesche Veräiner op, déi sech mat alen Autoen, Motorrieder, Trakteren an allen anere motoriséierten, zivillen a militäresche Gefierer beschäftegen.

Zu Lëtzebuerg war d'LOF um Ursprong vum Gesetz vum 5. Juni 1998 dat offiziell den Terme "véhicule historique" am Code de la route ageschriwwen huet a fir d'Proprietäre vun den Oldtimer verschidden Erliichterunge bruecht huet.

An der LOF sinn iwwer 50 Veräiner vertruede mat iwwer 3000 individuelle Memberen an engem Park vun zirka 4500 Gefierer.

Innerhalb vun der LOF gët et e puer Kommissiounen, déi sech jeeweils mat engem Deelaspekt vun den Oldtimer ofginn.

D'LOF ass den Organisateur vum Autojumble, enger Ausstellung mat Presentatioun vun deene verschiddene Veräiner an hire Gefierer déi an der LOF organiséiert sinn. Den Autojumble ass eemol am Joer am Fréijoer an de Foireshalen.

2016 huet d'LOF den 'LOF Oldtimer Breakfast' an d'Liewe geruff. Hei treffe sech tëscht Mee an Oktober, jeeweils um 3. Sonndeg am Mount vun 09:00-12:00 Auer, all Zorte vun historesche Gefierer bei engem vun den LOF-Sponsoren/Partner op e Kaffi mat Croissant.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]