Automobile Club du Grand-Duché de Luxembourg

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Peugeot 504 vum Automobile Club um Autojumble 2014

Den Automobile Club du Grand-Duché de Luxembourg, kuerz: ACL, ass den allgemengen Automobilclub vu Lëtzebuerg mat Sëtz zu Bartreng.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1932 gouf den ACL gegrënnt. Mat Aufgabeberäicher wéi d'Fërderung vum nationalen Automobilsport an der touristescher Berodung fir In- an Auslandsreesender huet de Club senge Memberen déi zwou éischt vun deene sougenannte Klubleeschtungen ugebueden, där der am Laf vun de Joren nach méi dobäi sollte kommen.

Mat der Aféierung vum eegene Pannendéngscht (Service Routier) am Joer 1970, souwéi der Ariichtung vum Autotest-Zentrum (ACL-Diagnostic Center) am Joer 1985, goufen déi zwéin haut wichtegst Piliere vum ACL an d'Liewe geruff.

Am Hierscht 1990, nodeem d'Adressen e puermol geännert hunn, huet den ACL sech an der Lonkecher Strooss zu Bartreng néiergelooss.

Den ACL huet 163 314 Memberen (2006). Zum Verglach: 1957 waren et der ronn 15.000 an 1991 ronn 100.000.

2006 louchen d'Recette bei ronn 9,6 Mio Euro (6 Mio, déi duech de Verkaf vu Memberskaarten erakoumen an 3,6 Mio vum Verkaf vum Carnet d'assistance). Deem géintiwwer stoungen 2,1 Mio Personalkäschten, 1,4 Mio fir Pannenhëllef an 3,5 Mio fir de Stroossendéngscht.

Chronik vum Automobil Club Lëtzebuerg (ACL)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1906 Den „Automobile Club Luxembourgeois“, Virleefer Organisatioun vum haitegen ACL, gëtt vun 12 Automobilisten an der Stad Lëtzebuerg gegrënnt
  • 1912 Den ACL organiséiert déi éischt Biergcourse zu Lëtzebuerg.
  • 1932 84 D'Grënnungsmembere ruffen den „Nouvel Automobile Club du Grand-Duché de Luxembourg“ an d'Liewen, den éischte President ass den Eugène Dondelinger
  • 1939 Duerchféierung vum „Prix du Centenaire“ um Parcours Neudorf-Grünewald-Findel-Kalchesbréck.
  • 1941 Den 29. März gëtt den NACL in „Automobile Club Luxembourg“ ëmgedeeft, den 31. Juli gëtt de Club duerch den däitschen Okkupant opgeléist. Den „Deutscher Automobil-Klub“, mat nëmmen engem Employée, iwwerhëlt d'Geschäfter vum ACL.
  • 1946 Den „Automobile Club de Luxembourg“ iwwerhëlt erëm seng Aufgaben. Mat der Biergcourse vu Réimech gëtt déi éischt motorsportlech Veranstaltung nom Krich duerchgefouert.
  • 1948 De Victor Prost gëtt ACL President, de Jean Petin den éischten Direkter.
  • 1949 Den éischten„Grand Prix de Luxembourg“ nom Krich fir Sportsween vun der 2 Literklass.
  • 1950 Den zweete „Grand Prix de Luxembourg“ um Findel.
  • 1951 Ëmstellung vum „Grand Prix de Luxembourg“ op déi nei Racer-Rennformel fir 500 ccm Course Autoen.
  • 1952 „Grand Prix de Luxembourg“ fir Motorrieder a Formel 3 Course-Autoen.
  • 1953 Éischten „Tour de Luxembourg“ mam Auto a Form vun engem Rallye.
  • 1955 Den 20. Januar gëtt den éischten automobiltechneschen Owescours fir d'Membren ofgehal.[1]
  • 1955 Déi éischt Editioun vum „Auto-Route“ erschéngt, dem Virleefer vum ACL Kommunikatiounsorgan vun haut dem „autotouring“.
  • 1956 Den ACL verdeelt den éischten „Code de la Route“ (lëtz. Stroosseverkéieresuerdnung) gratis u seng Memberen.
  • 1957 Déi éischt „Soirée du Sport Automobile“ beschléisst offiziell d'Coursejoer.
  • 1959 De Max Arendt gëtt neien ACL-President.
  • 1960 Aus „Auto-Route“ gëtt „autotouring“ (kuckt 1955).
  • Den Automobil-Club féiert d'Auslandsschutzdokument, de „Carnet d'Assistance“ an, abegraff sinn Hëllef am Fall wou am Ausland den Auto geklaut gëtt, bei déidlechen Accidenter, fir de Rapatriement vum accidentéierten Auto an huet e Kreditbréif fir eventuell Noutfäll.
  • 1965 De Bob Calmès gëtt ACL-President.
  • 1967 Den Emmanuel Tesch iwwerhëlt d'Presidentschaft vum ACL.
  • 1969 Den André Prost gëtt President, de Bernard Gross gëtt neien Direkter. Den Automobil Club organiséiert zesumme mat Goodyear den éischte Cours fir „Séchert Fueren“ op der Goodyear Teststreck.
  • 1970 De Pannen- an Ofschleefdéngscht vum ACL gëtt agefouert.
  • 1971 Fir d'éischt ginn zwéin ACL-Memberen no engem schwéieren Autosaccident mam Ambulanzfliger vun Orléans a Frankräich op Lëtzebuerg geflunn.
  • 1972 Installatioun vun enger zousätzlecher Radiozentral mat Verwaltungsbüro zu Ettelbréck, doduerch kann den A CL-Pannendéngscht op de ganzen Territoire vun der Stad Lëtzebuerg ausgebreet ginn.
  • 1974 Den ACL an de Konsumenteverband ruffen op zu engem Bummelstreik vun de Lëtzebuerger Automobilisten, fir géint de Mëssbrauch vun den Automobilisten als finanziell „Mëllechkou“ ze protestéieren.
  • 1981 Den ACL-„Service Routier“ leescht säin 100 000. Pannenasatz.
  • 1983 Den Antoine de Schorlemer gëtt ACL-President.
  • 1985 Ouverture vun engem Auto-Kontrollzenter deen dem Club gehéiert, dem „ACL-Diagnostic Center“ op der Helfenterbréck .
  • 1989 De Georges Arendt gëtt ACL-President.
  • 1995 De Norbert Stumm gëtt ACL-Direkter.
  • 1996 Als ee vun den éischte Lëtzebuerger Betriber wot den ACL de Schratt an den Internet.
  • 1997 Um Kierchbierg gëtt de „Grand Prix d'Europe“ fir historesch Course- a Sportween ofgehalen. Am September ass den ACL Mat-Organisateur beim Formel 1 -„Großen Preis von Luxemburg“ um Nürburgring, dee vum Jacques Villeneuve gewonne gëtt.
  • 1998 Zweet a lescht Oplo vum „Großen Preis von Luxemburg“, erëm um Nürburgring. De Mika Häkkinnen gewënnt am McLaren-Mercedes.
  • 2001 De Jean Hoffeld gëtt den zéngten ACL-President.
  • 2004 Den Daniel Tesch gëtt neien ACL-Direkter.
  • 2005 Ouverture vun enger ACL-Filiale am Dikrecher „Conservatoire National de Véhicules Historiques“.
  • 2006 D'Auslandschutzdokument, de „Carnet d'Assistance“ gëtt duerch d'ACL-Memberskaart „Europa“ ersat.
  • 2007 D'Lëtzebuerger Post gëtt e Spezialtimber eraus fir de 75. Anniversaire vum ACL. Ëmbau vun der Receptioun am ACL-Firmesëtz.
  • 2011 Den Yves Wagner gëtt ACL-President.
  • 2013 Den ACL-Direkter Daniel Tesch kandidéiert op der Lëscht vun der DP bei de Chamberwalen. Den Automobil Club gëtt e Communiqué eraus an deem e kloerstellt datt de Club eng "Associatioun ouni politesch Partei" ass.[2]
  • 2013 Den 21. Oktober 2013, den Dag no de Chamberwale, gëtt de Conseil d'administration bekannt datt schonn den 10. Oktober 2013 decidéiert gouf sech vum Direkter Daniel Tesch ze trennen.[3]
  • 2014 Den 28. Abrëll 2014 gëtt de Jean-Claude Juchem zum neien Direkter vum ACL ernannt.[4]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Jubiläumsband „Moments:1932-2007“ vum Roland Baumann a Patrick Muller (Fotoen). Editions Guy Binsfeld 2007.

Documentairefilm[änneren | Quelltext änneren]

  • Mouvements - L'Automobile Club du Grand Duché de Luxembourg 1932 - 2007 vum Claude Lahr (am September 2007 op DVD erauskomm).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Automobiltechische Abendkurse. Revue Nr5 vum 29. Januar 1955 S. 27
  2. L'ACL est une association sans parti politique
  3. Le directeur Daniel Tesch débarqué, paperjam.lu, 21. Oktober 2013.
  4. Jean-Claude Juchem neuer ACL-Direktor Wort.lu, den 29. Abrëll 2014