Emmanuel Tesch

Vu Wikipedia
Emmanuel Tesch
Gebuer 9. Dezember 1920
Gestuerwen 10. Oktober 2011
Nationalitéit Lëtzebuerg
Famill
Kanner François Tesch

Den Emmanuel Tesch, gebuer den 9. Dezember 1920 zu Hesper a gestuerwen den 10. Oktober 2011 op der Kockelscheier,[1] war e lëtzebuergesche Chimiesingenieur a Manager.

Hien huet 1940 säi Studium op der RWTH Aachen ugefaangen. Joergang 1920, gouf hien 1942 zwangsrekrutéiert, wourop hien desertéiert ass an an de Maquis a Frankräich gaangen ass. Nom Krich huet hie säi Studium op der ETH Zürich als Chimiesingenieur ofgeschloss.[2]

Dem "Manu" Tesch seng berufflech Carrière huet 1948 bei der Manufacture de tabacs Heintz Van Landewyck ugefaangen, wou hien als Ingenieur beschäftegt war. 1951 gouf hien Administrateur-délégué a Gerant bei der Société générale pour le commerce de produits industriels (SOGECO), enger Grousshandelsfirma déi vu sengem Schwéierpapp Léon Laval gegrënnt gi war. Hie war bis 2004 Member vum Verwaltungsrot vun der SOGECO, déi 1998 a Société de gestion de valeurs mobilières et immobilières (SOGEVA) ëmbenannt gouf.[3]

Den Emmanuel Tesch gouf 1958, dem Joer wou säi Papp sech aus dem Verwaltungsrot vun der ARBED zeréckgezunn huet, Member vum Collège des Commissaires vum Stolgrupp.[4] Hien huet als Protégé vum Tony Neuman gegollt.[5] 1968 huet hien de Schrëtt an de Verwaltungsrot gemaach. Zwee Joer virum Ausbroch vun der Kris, 1972, ass den Emmanuel Tesch als Successeur vum Tony Neuman President vum Verwaltungsrot vun der ARBED, der wichtegster Entreprise am wichtegste lëtzebuergesche Wirtschaftssecteur, ginn. An där Funktioun hat hien eng bedeitend Roll dobäi d'ARBED duerch d'Stolkris ze féieren. Hie gëllt an deem Kontext och als ee vun de Pappe vun der Tripartite. Den Emmanuel Tesch ass bis 1991 President vun der ARBED bliwwen, Funktioun déi dunn de Georges Faber iwwerholl huet.

Vun 1974 bis 1992 war den Emmanuel Tesch och President vun der Chambre de commerce, eng Plaz déi traditionell der ARBED zougestanen huet.

Hie war vun 1967 bis 1969 President vum Automobile Club du Grand-Duché de Luxembourg. Hie war och bis 2004 Member vum Verwaltungsrot vu Foyer Finance.[6]

Den Emmanuel Tesch huet 1949 d'Thérèse Laval (1921-2008) bestuet. Hire Fils François ass 1951 gebuer. Dem Emmanuel Tesch seng Eltere waren de Georges Tesch an d'Andrée Weckbecker. Säin Urgrousspapp Hubert Adolphe Tesch war e Brudder vum Victor Tesch, seng Urgroussmamm Annette Tesch-Berger eng Duechter vum Banquier Nicolas Berger.[7]

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Luxemburger Wort: "Emmanuel Tesch (1920-2011)", 12. Oktober 2011, Säit 71
  • Lëtzebuerger Journal: "Luxemburg verliert seinen letzten „Stahlbaron“", 12. Oktober 2011
  • Jules Mersch: Biographie nationale, Vol. XIX, p. 91.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Den Emmanuel Tesch, fréieren Arbed-President, ass dout." RTL.lu, 11.10.2011, 12:43; Fir d'lescht aktualiséiert: 11.10.2011, 12:49. - "Emmanuel Tesch tot." wort.lu, 11.10.2011 12:34 aktualiséiert 11.10.2011 13:06.
  2. Luxemburger Wort: "Emmanuel Tesch (1920-2011)", 12. Oktober 2011, Säit 71
  3. http://www.etat.lu/memorial/memorial/2003/C/Html/0638/C027319.3.2003.html
  4. http://www.paperjam.lu/article/fr/deces-d-emmanuel-tesch
  5. http://www.munzinger.de/search/portrait/Emmanuel+Tesch/0/15277.html
  6. http://www.etat.lu/memorial/memorial/2005/C/Html/0282/C003214.3.2005.html
  7. Jules Mersch: Biographie nationale, Vol. XIX, p. 91
  8. Distinctions honorifiques à l'occasion de la Fête Nationale op der Säit 6 vum Luxemburger Wort vum 25. Juni 1980 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 23. Oktober 2022