Tony Neuman

Vu Wikipedia
Tony Neuman
Den Tony Neuman, 1970
Foto: Marcel Schroeder. Fotothéik Stad Lëtz.
Gebuer 20. Juni 1902
Gestuerwen 29. Januar 1979
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Affekot
Famill
Papp Joseph Neuman
Mamm Thérèse Salentiny

Den Antoine (Tony) Neuman, gebuer den 20. Juni 1902 zu Feelen, gestuerwen den 29. Januar 1979 zu Cap-Ferrat, war e lëtzebuergeschen Affekot, Nottär, Gaardenamateur a Konschtmäzen.

Hie war President vum Verwaltungsrot vun der ARBED, President vun der Chambre de commerce a Vizepresident vum lëtzebuergesche Roude Kräiz.

Um Lampertsbierg huet den Tony Neuman bei senger Villa e grousse Park mat Arboretum uleeë gelooss, deen hien dem Roude Kräiz hannerlooss huet. De Park Neuman gëtt vun der Stad Lëtzebuerg betreit an ass fir jiddwereen op.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

No senger Première am Kolléisch studéiert den Tony Neuman Droit zu Paräis an zu Alger, gëtt dann Affekot an Nottär, fir d'éischt zu Réimech (1929), duerno zu Diddeleng (1937 - 1947), do och fir d'ARBED.

  • Vun 1927 bis 1928 war hie President vun der ASSOSS.
  • Vun 1939 un war hie Member a vun 1946 bis 1976 Vizepresident vum Verwaltungsrot vum Lëtzebuergesche Roude Kräiz.
  • Vun 1961 bis 1972 war hie President vum Verwaltungsrot vun der ARBED.
  • Vun 1959 bis 1974 war hie President vun der Chambre de commerce.

1947 huet den Tony Neuman eng Villa mat groussem Gaart an der Avenue de la Faïencerie um Lampertsbierg (Stad Lëtzebuerg) kaaft. 1959 huet hien d'Propriétéit duerch Ukaf erweidert an huet den Alphonse Hollmann als Gäertner engagéiert, deen de Park a senger haiteger Form ugeluecht huet.

Den Tony Neuman war Konschtamateur a Mäzen. A sengem Gaart, dem haitege Parc Tony-Neuman, goufe Skulpture vu lëtzebuergeschen an auslännesche Kënschtler (ë. a. vum Lucien Wercollier a vum Henri Laurens) installéiert. A senger Villa huet hie méi dacks säi Frënd Edward Steichen empfaangen.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tony Neuman – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (fr)Distinctions honorifiques. Luxemburger Wort. viewer.eluxemburgensia.lu (6. Juli 1968). Gekuckt de(n) 2023-08-07.
  2. BULLETIN DE DOCUMENTATION - 10e Année - NOVEMBRE-DÉCEMBRE 1954 Nos 11-12 Distinction honorifique p 221
  3. Distinctions honorifiques am Bulletin d'Information N°4 vum Abrëll 1953 vum Service Information et Presse op der Säit 64