Joseph Neuman

Vu Wikipedia
Joseph Neuman
Gebuer 20. Juni 1868
Dikrech
Gestuerwen 3. Februar 1934
Paräis
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Nottär, Affekot
Famill
Bestuet mat Thérèse Salentiny
Kanner Tony Neuman

De Joseph Neuman, gebuer den 20. Juni 1868 zu Dikrech, a gestuerwen den 3. Februar 1934[1] zu Paräis[1], war e lëtzebuergeschen Nottär an Deputéierten.

Hie war op d'mannst[2] vun 1905 bis 1911[3] Deputéierte vum Kanton Dikrech, an huet als Nottär zu Feelen, Diddeleng an an der Stad Lëtzebuerg geschafft[4].

De Joseph Neumann war mat der Thérèse Salentiny, der Duechter vum Émile Salentiny, bestuet, den Tony Neuman war deenen zwee hire Bouf.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Doudesannonce am Tageblatt vum 3. Februar 1934
  2. Bürger- und Beamtenzeitung, 8. Juni 1905, S. 5.
  3. Nicolas Als et Robert L Philippart, La Chambre des députés: histoire et lieux de travail, Luxembourg, Chambre des députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994.
  4. Marcel Engel, Edmond Lorang, Emmanuel Tesch, Henri Ahlborn, Henri Loutsch, et Joseph-Émile Muller, Tony Neuman: 1902-1979, Luxembourg, Croix-Rouge luxembourgeoise, 1980, S. 20.