Émile Salentiny

Vu Wikipedia
Émile Salentiny
Gebuer 29. Abrëll 1840
Ettelbréck
Gestuerwen 5. Abrëll 1905
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Nottär
Famill
Kanner Thérèse Salentiny

Den Émile Ernest Salentiny[1], gebuer den 29. Abrëll 1840 zu Ettelbréck[2] an do gestuerwen de 5. Abrëll 1905, war e lëtzebuergeschen Nottär a Politiker.[3]

De 27. Juni 1888 gouf den Émile Salentiny Buergermeeschter vun der Gemeng Ettelbréck[4], no deem de Gustave de Marie seng Demissioun ginn hat. Hien ass bis zu sengem Doud Buergermeeschter bliwwen.

Den 10. Mee 1892 gouf den Émile Salentiny als Deputéierten an d'Chamber gewielt.[5] Den Émile Salentiny ass bis zu sengem Doud Deputéierte bliwwen.

Hie war de Schwéierpapp vum Joseph Neuman.

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. oder och Emil, jee nodeem watereng Sprooch an de Medien oder am Mémorial gebraucht gouf
  2. Émile Salentiny op www.deltgen.com
  3. Biographie vum Emil Salentiny [sic] am Luxemburger Wort vum 6. Abrëll 1905
  4. Memorial N°37 vun 1888 mat der Nominatioun vum Émile Salentiny als Buergermeeschter vun Ettelbréck
  5. Kurzgefasster Kammerbericht am Luxemburger Wort vum 13. Mee 1892
  6. Memorial N°50 vun 1904 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen.