Op den Inhalt sprangen

Henri Loutsch

Vu Wikipedia
Dëse Medezinsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Henri Loutsch
Gebuer 24. Juli 1905
Péiteng
Gestuerwen 30. Oktober 1979
Lëtzebuerg
Alter 74 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Chirurg
Fonctioun President vum Collège médical

Den Henri Loutsch, gebuer de 24. Juli 1905 zu Péiteng[1], a gestuerwen den 30. Oktober 1979 an der Stad Lëtzebuerg,[2] war e lëtzebuergesche Chirurg.

Vun 1947 bis 1959 war hie President vun der Société des sciences médicales du grand-duché de Luxembourg, der Section des sciences médicales vum Institut grand-ducal.

Vun 1979 u war hie bis zu sengem Doud Vizepresident vun der Croix-Rouge luxembourgeoise, wou hien Nofollger vum verstuerwenen Tony Neuman (1902 - 1979) gi war.

1967 huet hien als Nofollger vum Adolphe Faber d'Presidence vum Collège médical iwwerholl, eng Funktioun déi hie bis 1974 erfëllt huet.[3]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (fr) Le docteur Henri Loutsch nous a quittés. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (3. November 1979). Gekuckt de 07.08.2023.
  2. (fr) Doudesannonce vum Dr Henri Loutsch. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (3. November 1979). Gekuckt de 07.08.2023.
  3. (fr) Broschür vum Collège médical fir den 200. Anniversaire (1818 – 2018) (PDF) S. 9. collegemedical.lu (2018). Gekuckt de 04.02.2026.