Skulptur

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Eng Skulptur ass en dräidimensionaalt kierperhaft Konschtwierk. Déi zwou traditionell Methode fir eng Skulptur hierzestellen sinn d'Schnitzen oder d'Schloën, bei deem ee Material ewechhëlt (wéi zum Beispill bei Skulpturen, déi aus Holz geschnitzt oder Steng geschloe ginn), an d'Modelléieren, bei deem Material zesummegesat gëtt (wéi bei enger Skulptur aus Lehm). An der moderner Konscht besteet awer komplett Fräiheet wat d'Wiel vun de Materialien oder Prozesser ugeet (zum Beispill gëtt et och nach Schweessen, Goss...).

Klassesch Skulpture stellen dacks Mënschen oder Gottheeten an anthromorpher Gestalt duer. Dacks sinn Skulpturen aus Steen, nieft Keramik, déi Konschtwierker vun antike Kulturen déi am Beschten erhale sinn.

Beispiller[änneren | Quelltext änneren]