Georges Faber (Manager)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Manager Georges Faber. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Georges Faber.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Georges Faber
Gebuer 4. Dezember 1926
Gestuerwen 1. Oktober 1993
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Jurist

De Georges Faber, gebuer de 4. Dezember 1926, gestuerwen den 1. Oktober 1993, war e lëtzebuergesche Jurist an Industriemanager.[1]

De Georges Faber huet zu Lëtzebuerg, Fribourg a Paräis Droit studéiert. No engem Stage bei der UNO zu Genf, huet hien de Stage fir Nottär (1951-1953) a fir Affekot (1951-1954) gemaach[2]. 1952 huet hien ugefaange bei der ARBED ze schaffen a koum 1977 an d'Generaldirektioun. 1986 ass hien, als Successeur vum René Brück, President vun der Generaldirektioun ginn. 1991 huet hien, als Successeur vum Emmanuel Tesch, d'Presidence vum Verwaltungsrot iwwerholl.[3]

Hie war vun 1974 bis 1976 President vum Conseil économique et social.

Vum 26. Juli 1980 bis zu sengem onerwaarten Doud war de Georges Faber Member vum Staatsrot.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Archive copy Gearchiveerd op 2009-11-03. Gekuckt de(n) 2011-10-15.
  2. Cahiers de droit fiscal international, 1974, p. 3.
  3. http://archives.lesoir.be/%C9nergie_t-19931002-Z079W5.html?queryand=%22georges+Faber%22+arbed&firstHit=0&by=10&when=-1&begYear=1989&begMonth=01&begDay=01&endYear=2011&endMonth=10&endDay=14&sort=datedesc&rub=TOUT&pos=0&all=6&nav=1